Eng Visioun, déi dem Joseph Smith, dem Prophet, an dem Sidney Rigdon zu Hiram, Ohio, de 16. Februar 1832 ginn ass. Virun der Opzeechnung vun dëser Visioun steet an der Geschicht vum Joseph Smith: „Nodeems ech vun der Amherst Konferenz zeréckkoum, hunn ech d’Iwwersetzung vun der Schrëft weidergefouert. Aus verschiddene Offenbarungen, déi mir kritt haten, war et kloer, datt vill wichteg Punkten iwwer d’Erléisung vum Mënsch aus der Bibel geholl oder verluer gaange waren, ier se zesummegestallt gouf. Et huet sech aus de Wourechten, déi nach do waren, selbstverständlech erausgestallt, datt, wa Gott jidderee no den Dote belount, déi am Kierper gemaach goufen, de Begrëff ‚Himmel‘, wéi e fir dat éiwegt Heem vun den Hellege geduecht ass, méi wéi ee Kinnekräich enthale muss. Dofir, … beim Iwwersetze vum Evangelium vum Hellege Johannes, hunn ech an den Eelste Rigdon déi follgend Visioun gesinn.“ Zu där Zäit, wou dës Visioun ginn ass, huet de Prophet de Johannes 5:29 iwwersat.