Scriptures
D’Doktrinn an d’Allianzen 127


Sektioun 127

Eng Epistel vum Joseph Smith, dem Prophet, un d’Helleger vun de Leschten Deeg zu Nauvoo, Illinois, mat Instruktiounen iwwer d’Daf fir déi Doudeg, datéiert zu Nauvoo, den 1. September 1842.

1–4, De Joseph Smith freet sech iwwer Verfollgung an Tribulatioun; 5–12, Et musse Protokoller iwwert Dafe fir déi Doudeg gefouert ginn.

1 Wou den Här mir reveléiert huet, datt meng Feinde souwuel a Missouri wéi och hei an dësem Staat mir erëm nostellen, a wou si mir ouni Grond nostellen an och net déi geréngste Spuer vu Gerechtegkeet a Recht op hirer Säit hunn, wann si hir Strofverfolgung géint mech an Zeen setzen, a wou hir Behaaptungen all op Lige vu schrecklechster Aart berouen, halen ech et fir ee gudde Rot a weis, den Uert fir eng kuerz Zäit ze verloossen, an zwar wéinst menger eegener Sécherheet a wéinst der Sécherheet vun dësem Vollek. Alleguerten deenen, déi mat mir a Geschäftsverbindung stoen, wëll ech soen, datt ech meng Ugeleeënheeten an d’Hänn vun Agenten an Assistente geluecht hunn, déi alles Geschäftleches prompt an uerdnungsgemäss erleedegen an doropper oppasse wäerten, datt all meng Scholden zur bestëmmten Zäit beglach ginn, sief et, andeems finanziell Verméigen iwwergi gëtt, oder op aner Weis, wéi den eenzele Fall et erfuerdert oder wéi d’Ëmstänn et zouloossen. Wann ech héieren, datt de Stuerm sech vëlleg geluecht huet, wäert ech dann erëm zu iech zeréckkommen.

2 An wat d’Geforen ugeet, déi ech beruff sinn, derduerch ze goen, si schénge mir nëmmen eng kleng Saach, well den Näid an d’Roserei vum Mënsch mäi gemeinsaamt Schicksal all Deeg vu mengem Liewe waren; an, aus wéi engem Grond och ëmmer, schéngt et mysteriéis, ausser ech gouf virun der Grënnung vun der Welt fir e gudden oder schlechten Zweck veruerdent, wéi dir et nennt. Urteelt selwer. Gott weess all dës Saachen, ob et gutt oder schlecht ass. Awer trotzdeem, déift Waasser ass dat, wat ech gewinnt sinn, dran ze schwammen. Et ass alles eng zweet Natur fir mech ginn; an ech fille mech, wéi de Paul, fir an der Tribulatioun ze glänzen; well bis haut huet de Gott vu menge Pappe mech aus all deene befreit, a wäert mech vun elo u befreien; well kuckt, a jo, ech wäert iwwert all meng Feinden triumphéieren, well den Här Gott huet et geschwat.

3 All Helleger sollen sech dorunner freeën an immens frou sinn; well de Gott vun Israel ass hire Gott, an hie wäert all hiren Ënnerdrécker eng gerecht Vergeltung a Strof zoumoossen.

4 A weider, wierklech, sou seet den Här: Loosst d’Aarbecht u mengem Tempel an un all Wierk, dat ech iech bestëmmt hunn, weidergoen an net ophalen; an ären Äifer, är Ausdauer a Gedold an är Ustrengunge sollen sech verduebelen, da wäert äre Loun op kee Fall verluer goen, sprécht den Här vun den Arméien. A wann si iech verfollegen—sou hunn si och d’Propheten a gerecht Männer verfollegt, déi virun iech gewiescht sinn. Fir dat alles gëtt et ee Loun am Himmel.

5 A weider, ech ginn iech ee Wuert a Bezuch op d’Daf fir är Doudeger.

6 Wierklech, sou scheet den Här zu iech a Bezuch op är Doudeger: Wann ee vun iech fir är Doudeger gedeeft gëtt, sou soll et ee ginn, dee Bericht doriwwer féiert, an hie soll Aenzeie vun ären Dafe sinn; hie soll mat eegenen Oueren héieren, fir datt hien no der Wourecht temoignéiere kann, sprécht den Här,

7 fir datt dat, wat dir opzeechent, och am Himmel opgezeechent gëtt, fir datt dat, wat dir op der Äerd bannt, och am Himmel gebonne wier, fir datt dat, wat dir op der Äerd léist, och am Himmel geléist wier.

8 Well ech sinn amgaang, op der Äerd villes ze restauréieren, wat d’Priistertum betrëfft, sprécht den Här vun den Arméien.

9 An nach eng Kéier, all d’Opzeechnunge solle geuerdent ginn, fir datt se an d’Archive vu mengem hellegen Tempel gesat kënne ginn, fir vu Generatioun zu Generatioun an Erënnerung gehalen ze ginn, seet den Här vun den Arméien.

10 Ech wëll allen Hellege soen, datt et mäin immens groussen an éierleche Wonsch gewiescht wär, den nächste Sabbat vum Riednerpult aus zu iech ze schwätzen, an zwar iwwer d’Daf fir déi Doudeg. Wou et awer net a menger Muecht steet, dëst ze maachen, wäert ech d’Wuert vum Här iwwer dëse Géigestand vun Zäit zu Zäit nidderschreiwen an et iech zesumme mat villem aneren duerch d’Post zouschécken.

11 Ech schléissen elo fir haut mäi Bréif aus Mangel u méi Zäit; well de Feind ass alertéiert, a wéi de Retter seet, de Prënz vun der Welt kënnt, awer hien huet keng Muecht iwwer mech.

12 Kuckt, ech bieden zu Gott, datt dir alleguerte gerett géift ginn. Ech ënnerschreiwen als äre Kniecht am Här, als Prophet a Seher vun der Kierch vum Jesus Christus vun den Hellege vun de Leschten Deeg.

Joseph Smith.