Sektioun 39
Offenbarung, déi duerch de Prophet Joseph Smith dem James Covel zu Fayette, New York, de 5. Januar 1831 gi gouf. De James Covel, deen ongeféier véierzeg Jore laang e methodisteschen Dénger war, huet eng Allianz mam Här gemaach, datt hie jiddwer Gebot befollege géif, deen den Här him duerch de Prophet Joseph géif ginn.
1–4, Déi Helleg hunn d’Muecht, d’Kanner vu Gott ze ginn; 5–6, D’Evangelium ze akzeptéieren heescht, de Christus ze akzeptéieren; 7–14, Dem James Covel gëtt gebueden, gedeeft ze ginn an am Wéngert vum Här ze schaffen; 15–21, D’Dénger vum Här sollen d’Evangelium virum Zweete Komme priedegen; 22–24, Déi, déi d’Evangelium akzeptéieren, ginn an der Zäit an an der Éiwegkeet gesammelt.
1 Lauschter an héier op d’Stëmm vun deem, dee vun all Éiwegkeet zu all Éiwegkeet ass, de groussen ECH SINN, nämlech de Jesus Christus,
2 d’Luucht an d’Liewe vun der Welt, eng Luucht, dat an der Däischtert liicht, an d’Däischtert erfaasst et net;
3 ech sinn et, deen ech an der Mëtt vun der Zäit an dat Mäint komm ass, a Meng hu mech net empfaangen;
4 mee alleguerten, déi mech empfaangen hunn, hunn ech d’Muecht ginn, meng Jongen ze ginn; a genausou wëll ech alleguerten, déi mech nach empfänken, d’Muecht ginn, meng Jongen ze ginn.
5 A wierklech, wierklech, ech soen iech: Wien mäin Evangelium empfänkt, deen empfänkt mech, a wien mäin Evangelium net empfänkt, deen empfänkt och mech net.
6 A mäin Evangelium ass dëst: Ëmkéiert an d’Daf mat Waasser, an da kënnt d’Daf duerch Feier an den Hellege Geescht, nämlech den Tréischter, deen alles weist an dat Friddlecht vum Räich enseignéiert.
7 An elo, kuck, ech soen dir, mäi Kniecht James: Ech hunn deng Wierker ugesinn, an ech kennen dech.
8 An wierklech, ech soen dir: Däin Häerz ass elo, zu dëser Zäit, viru mir gerecht, a kuck, ech hunn dir grouss Seenungen uwuesse gelooss;
9 mee bass du grouss Trauregkeet gewuer ginn, well du hues mech dacks wéinst dem Stolz a wéinst de Suerge vun der Welt verworf.
10 Mee kuck, d’Deeg vun denger Befreiung si komm, wann s du op meng Stëmm lauschtere wëlls, déi zu dir seet: Erhief dech, a looss dech deefen, a wäsch dir d’Sënden ewech, andeems du mäin Numm uriffs, da wäerts du mäi Geescht empfänken, dozou eng Seenung, sou grouss, wéi s du nach ni eng gewuer gi bass.
11 A wann s du dës méchs, sou hunn ech fir dech ee méi grousst Wierk virbereet. Du solls d’Fëllt vu mengem Evangelium priedegen, déi ech an dëse leschten Deeg ervirbruecht hunn, d’Allianz, déi ech geschéckt hunn, fir mäi Vollek, dat aus dem Haus vun Israel ass, zeréckzegewannen.
12 An et wäert sech erginn: Muecht wäert op dir rouen; du wäerts grousse Glawen hunn, an ech wëll mat dir sinn a virun dir hiergoen.
13 Du bass beruff, a mengem Wéngert ze schaffen a meng Kierch opzebauen an Zion ervirzebréngen, fir datt et sech op den Hiwwele freet an opbléit.
14 Kuck, wierklech, wierklech, ech soen dir: Du bass net beruff, an d’Länner am Osten ze goen, mee du bass beruff, un den Ohio ze goen.
15 A wa mäi Vollek sech um Ohio versammelt, sou halen ech ech Seenung prett, wéi se ënnert de Mënschekanner nach onbekannt ass, a se wäert iwwert si ausgegoss ginn. A vun do aus solle Männer zu allen Natioune goen.
16 Kuck, wierklech, wierklech, ech soen dir: D’Vollek an Ohio rifft mech mat vill Glawen an denkt, ech géif meng Hand beim Riichte vun den Natiounen zeréckhalen, mee ech ka mäi Wuert net verleegnen.
17 Dofir maacht iech mat aller Kraaft dorunner, a berufft trei Aarbechter a mäi Wéngert, datt en fir d’leschte Kéier beschnidde gëtt.
18 A wann si ëmkéieren an d’Fëllt vu mengem Evangelium unhuelen a sech hellegen, wëll ech meng Hand beim Riichten zeréckhalen.
19 Dofir gitt hin, rufft mat haarder Stëmm, nämlech: D’Himmelräich steet kuerz bevir! Rufft: Hosanna, geséint sief den Numm Gottes, dem Allerhéchsten.
20 Gitt hin an deeft mat Waasser, a preparéiert viru mengem Gesiicht de Wee fir d’Zäit vu mengem Kommen;
21 Well d’Zäit steet kuerz bevir; den Dag oder d’Stonn weess kee Mënsch; mee se wäert gewëss kommen.
22 A wien dëst empfänkt, deen empfänkt mech; an hie wäert zu mir versammelt ginn an der Zäit an an der Éiwegkeet.
23 A weider, et wäert sech erginn: Alleguerten, déi dir mat Waasser deeft, sollt dir d’Hänn opleeën, a si sollen d’Gab vum Hellege Geescht empfänken, a si sollen no den Zeeche vu mengem Kommen auskucken, a si wäerte mech erkennen.
24 Kuckt, ech komme schnell. Jo. Amen.