Scriptures
D’Doktrinn an d’Allianzen 5


Sektioun 5

Offenbarung ginn duerch de Prophet Joseph Smith, zu Harmonie, Pennsylvanien, Mäerz 1829, op Ufro vum Martin Harris.

1–10, Dës Generatioun kritt d’Wuert vum Här duerch de Joseph Smith; 11–18, Dräi Zeie wäerten iwwer d’Buch vum Mormon temoignéieren; 19–20, D’Wuert vum Här gëtt wéi a fréieren Zäite bestätegt; 21–35, De Martin Harris kann ëmkéieren an ee vun den Zeie sinn.

1 Kuck, ech soen dir, datt, wéi mäi Kniecht Martin Harris en Zeien aus menger Hand gewënscht huet, datt s du, mäi Kniecht Joseph Smith, Jr., d’Placke kritt hues, vun deenen du ausgesot hues an Temoignage ofgeluecht hues, datt s du se vu mir kritt hues;

2 An elo, kuck, dëst solls du zu him soen—Hien, deen zu dir geschwat huet, sot zu dir: Ech, den Här, si Gott, an hunn dir dës Saache ginn, mäi Kniecht Joseph Smith, Jr., an hunn dir gebueden, datt s du als Zeie vun dëse Saachen optriede solls;

3 An ech hunn dir gebueden, datt s du eng Allianz mat mir schléiss, datt s du se net solls weisen, ausser deenen, déi ech dir am Gebot genannt hunn; an du hues keng Muecht doriwwer, ausser ech ginn se dir.

4 An du hues d’Gab, d’Placken ze iwwersetzen; an dëst ass déi éischt Gab, déi ech dir ginn hunn; an ech hunn dir gebueden, op keng aner Gab Usproch ze erhiewen, bis mäin Zweck domat erfëllt ass; well ech wäert dir keng aner Gab ginn, bis et fäerdeg ass.

5 Wierklech, ech soen dir, datt Wéi iwwer d’Awunner vun der Äerd kënnt, wann si net op meng Wierder lauschteren;

6 Well herno wäerts du ordinéiert ginn a fortgoen a meng Wierder un d’Mënschekanner vermëttelen.

7 Kuck, wann si menge Wierder net gleewe wëllen, da géifen si och dir net gleewen, mäin Dénger Joseph, souguer wann et méiglech wier, datt s du hinnen all dës Saache géifs weisen, déi ech dir uvertraut hunn.

8 Oh, dës ongleeweg an tockskäppeg Generatioun—meng Roserei ass géint si entflaamt.

9 Kuck, wierklech, ech soen dir, ech hunn déi Saachen, déi ech dir uvertraut hunn, mäin Dénger Joseph, fir e weisen Zweck zeréckbehalen, an et wäert zukünftege Generatioune bekannt gemaach ginn;

10 Awer dës Generatioun wäert mäi Wuert duerch dech hunn;

11 An zousätzlech zu dengem Temoignage, nach den Temoignage vun dräi vu mengen Dénger, déi ech beruffen an ordinéiere wëll, deenen ech dës Saache weise wëll, an si wäerte mat menge Wierder erausgoen, déi duerch dech gi ginn.

12 Jo, si wäerte sécher wëssen, datt dës Saache wouer sinn, well vum Himmel wäert ech et hinnen erklären.

13 Ech wäert hinnen d’Muecht ginn, datt si dës Saache kënne gesinn a kucken, wéi se sinn;

14 An kengem anere wäert ech dës Muecht ginn, dëse selwechten Temoignage ënnert dëser Generatioun ze empfänken, un dësem Ufank vum Opstig an dem Erauskomme vu menger Kierch aus der Wüüst—kloer wéi de Mound, a schéi wéi d’Sonn, a schrecklech wéi eng Arméi mat Fändelen.

15 An den Temoignage vun dräi Zeie vu mengem Wuert wëll ech erausschécken.

16 An kuck, jiddereen, deen u meng Wierder gleeft, dee wäert ech mat der Manifestatioun vu mengem Geescht besichen; an si wäerten aus mir gebuer ginn, nämlech aus Waasser an aus dem Geescht—

17 An du musst nach eng kuerz Zäit waarden, well du bass nach net ordinéiert—

18 An hiren Temoignage wäert och zur Verurteelung vun dëser Generatioun erausgoen, wann si hir Häerzer géint se verhäerten;

19 Well eng zerstéierend Plo wäert ënnert den Awunner vun der Äerd ëmgoen, a wäert vun Zäit zu Zäit ëmmer erëm ausgeschott ginn, wann si net ëmkéieren, bis d’Äerd eidel ass, an hir Awunner duerch d’Hellegkeet vu mengem Komme verbraucht a komplett zerstéiert sinn.

20 Kuck, ech soen dir dës Saachen, sou wéi ech och dem Vollek vun der Zerstéierung vu Jerusalem gesot hunn; a mäi Wuert wäert och dës Kéier wouer ginn, wéi et bis elo wouer ginn ass.

21 An elo kommandéieren ech dir, mäi Kniecht Joseph, datt s du ëmkéiers a méi oprecht viru mir wandels, an datt s du der Iwwerzeegungskraaft vun de Mënschen net méi nogëss;

22 An datt s du fest am Hale vun de Geboter bass, déi ech dir gebueden hunn; a wann s du dat méchs, kuck, ech ginn dir dat éiwegt Liewen, och wann s du ëmbruecht gëss.

23 An elo, nach eng Kéier, schwätzen ech mat dir, mäi Kniecht Joseph, iwwert dee Mann, deen den Zeie wënscht—

24 Kuck, ech soen him, hien erhiewt sech selwer an humiliéiert sech net genuch viru mir; awer wann hien sech viru mir vernäipt an sech a mächtegem Gebiet mat Glawen humiliéiere wëll, an der Opriichtegkeet vu sengem Häerz, da ginn ech him e Bléck op déi Saachen, déi hie wënscht, ze gesi.

25 An da soll hien zu de Leit vun dëser Generatioun soen: Kuckt, ech hunn déi Saache gesinn, déi den Här dem Joseph Smith Jr. gewisen huet, an ech weess mat Sécherheet, datt se wouer sinn, well ech se gesinn hunn, well se mir duerch d’Muecht vu Gott gewise goufen a net duerch e Mënsch.

26 An ech, den Här, kommandéieren him, mengem Dénger Martin Harris, datt hien näischt méi zu hinnen iwwer dës Saache soe soll, ausser hie soll soen: Ech hunn se gesinn, an et ass mir duerch d’Muecht Gottes gewise ginn; an dat sinn d’Wierder, déi hie soe soll.

27 Mee wann hien dat verleegne wäert, da brécht hien d’Allianz, déi hie virdru mat mir gemaach huet, an do ass hie verurteelt.

28 An elo, ausser hien humiliéiert sech a gëtt mir déi Saachen zou, déi hie gemaach huet, déi falsch sinn, an eng Allianz mat mir mécht, datt hie meng Geboter hält a Glawen u mech üübt, do soen ech him, hie soll keng sou Meenungen hunn, well ech him kee Bléck op déi Saache ginn, iwwer déi ech geschwat hunn.

29 An do, wann dat de Fall ass, kommandéieren ech dir, mäi Kniecht Joseph, datt s du him sees, datt hien näischt méi maache soll a mech net méi behellege soll, wat dës Saach ugeet.

30 An do, wann dat de Fall ass, do soen ech dir, Joseph, wann s du nach e puer Säiten iwwersat hues, solls du fir eng Zäit ophalen, bis ech dir et nach eng Kéier kommandéieren; dann däerfs du nach eng Kéier iwwersetzen.

31 A wann s du dat net méchs, kuck, du wäerts keng Gab méi hunn, an ech wäert d’Saachen ewechhuelen, déi ech dir uvertraut hunn.

32 An elo, well ech virausgesinn, wien op der Lauer läit, fir dech ze zerstéieren, jo, ech gesi viraus, datt wa mäi Kniecht Martin Harris sech net humiliéiert an en Temoignage vu menger Hand empfänkt, datt hien an Iwwertriedung fält;

33 An et gi vill, déi op der Lauer leien, fir dech vun der Uewerfläch vun der Äerd ze vernichten; an aus dësem Grond, fir datt deng Deeg verlängert kënne ginn, hunn ech dir dës Geboter ginn.

34 Jo, aus dësem Grond hunn ech gesot: Hal op a bleif stoen, bis ech dir kommandéieren, an ech wäert Mëttele virgesinn, mat deenen s du dat erreeche kanns, wat ech dir gebueden hunn.

35 An wann s du trei bass, am Hale vu menge Geboter, gëss du um leschten Dag erhuewen. Amen.