Sektioun 68
Offenbarung, ginn duerch de Prophet Joseph Smith zu Hiram, Ohio, den 1. November 1831, als Äntwert op e Gebiet, datt de Wëlle vum Här betreffend den Orson Hyde, de Luke S. Johnson, de Lyman E. Johnson an de William E. McLellin bekannt gemaach soll ginn. Obwuel en Deel vun dëser Offenbarung sech un dës véier Männer geriicht huet, bezitt sech e groussen Deel vum Inhalt op déi ganz Kierch. Dës Offenbarung gouf ënnert der Leedung vum Joseph Smith erweidert, wéi se an der Editioun vun 1835 vun der Doktrinn an d’Allianze publizéiert gouf.
1–5, D’Wierder vun den Eelsten, wann se vum Hellege Geescht inspiréiert sinn, sinn Helleg Schrëft; 6–12, D’Eelste solle priedegen an deefen, an Zeeche wäerten de richtege Gleewege follegen; 13–24, Den Éischtgebuerenen ënnert de Jonge vum Aaron kann als Presidéierende Bëschof déngen (dat heescht, d’Schlëssele vun der Presidentschaft als Bëschof halen) ënnert der Leedung vun der Éischter Presidentschaft; 25–28, Den Eltere gëtt gebueden, hire Kanner d’Evangelium ze enseignéieren; 29–35, D’Helleger sollen de Sabbat halen, fläisseg schaffen a bieden.
1 Mäi Kniecht Orson Hyde ass mat senger Veruerdnung beruff ginn, dat éiwegt Evangelium duerch de Geescht vum liewege Gott ze verkënnegen—vu Vollek zu Vollek a vu Land zu Land, an de Kongregatioune vun de Béisen, an hire Synagogen, datt hie mat hinnen doriwwer schwätzt an hinnen all helleg Schrëft erkläert.
2 A kuckt do, dat ass ee Beispill fir jiddwereen, deen zu dësem Priistertum veruerdent ginn ass, deem et als Missioun bestëmmt ginn ass erauszegoen;
3 an dat ass fir si d’Beispill: Si solle schwätzen, wéi si vum Hellege Geescht dozou beweegt ginn.
4 A wat si, beweegt vum Hellege Geescht, schwätze wäerten, soll helleg Schrëft sinn, soll de Wëlle vum Här sinn, soll d’Wuert vum Här sinn, soll d’Stëmm vum Här an d’Muecht Gottes zur Erléisung sinn.
5 Kuckt, dat ass d’Versprieche vum Här un iech, o dir meng Kniechten.
6 Dofir hutt Courage a fäert net, well ech, den Här, si mat iech a wäert iech bäistoen; an dir sollt vu mir, jo, dem Jesus Christus, Temoignage ginn, nämlech datt ech de Jong vum liewege Gott sinn, datt ech war, datt ech sinn an datt ech komme wäert.
7 Dëst ass d’Wuert vum Här un dech, mäi Kniecht Orson Hyde, an och u mäi Kniecht Luke Johnson an u mäi Kniecht Lyman Johnson an u mäi Kniecht William E. M’Lellin souwéi un all trei Eelste vu menger Kierch:
8 Gitt iwwerall hin an d’Welt, priedegt d’Evangelium jiddwer Kreatur, handelt an der Autoritéit, déi ech iech ginn hunn, an deeft am Numm vum Papp a vum Jong a vum Hellege Geescht.
9 A wie gleeft an sech deefe léisst, wäert gerett ginn, a wien net gleeft, wäert verdaamt ginn.
10 A wie gleeft, wäert geséint gi mat Zeechen, déi him nofollegen, jo, wéi et geschriwwe steet.
11 An et wäert iech gi ginn, d’Zeeche vun der Zäit an d’Zeeche vum Komme vum Jong vum Mënsch ze erkennen.
12 An et wäert iech d’Muecht gi ginn, alleguerten, vun deenen de Papp Temoignage gëtt, fir d’éiwegt Liewen ze versigelen. Amen.
13 An elo, wat déi Punkte betrëfft, déi zu den Allianzen a Geboter dobäikommen, sou sinn et folgend:
14 Zu där vum Här bestëmmten Zäit musse spéider nach weider Bëscheef fir d’Kierch agesat ginn, déi nom éischten dénge sollen.
15 Dofir sollen et Hohepriister sinn, déi wierdeg sinn, a si solle vun der Éischte Presidentschaft vum Melchisedekeche Priistertum bestëmmt ginn, ausser et si wuertwiertlech Nokomme vum Aaron.
16 A wann si wuertwiertlech Nokomme vum Aaron sinn, hunn si e gesetzlecht Recht op de Bistum, souwäit si déi Éischtgebueren ënnert de Jonge vum Aaron sinn.
17 Well den Éischtgebuerenen huet d’Recht vun der Presidentschaft iwwert dëst Priistertum, genausou d’Schlësselen oder d’Autoritéit vun demselwechten.
18 Keen huet ee gesetzlecht Recht op dëst Amt an datt hien d’Schlëssele vun dësem Priistertum huet, ausser hie wier ee wuertwiertlechen, éischtgebuerenen Nokomme vum Aaron.
19 Awer wou een Hohepriister vum Melchisedekeche Priistertum d’Autoritéit huet, an alle geréngeren Ämter ze handelen, däerf hien och am Amt vum Bëschof handelen, wann ee wuertwiertlechen Nokomme vum Aaron net ze fannen ass; Viraussetzung ass, datt hie vun der Éischte Presidentschaft vum Melchisedekeche Priistertum beruff an agesat an zu dëser Muecht veruerdent gëtt.
20 An och ee wuertwiertlechen Nokomme vum Aaron muss vun dëser Presidentschaft gewielt a fir wierdeg befonnt ginn; hie muss vun dëser Presidentschaft gesalleft a veruerdent ginn, soss ass hien net gesetzlech autoriséiert, a sengem Priistertum ze handelen.
21 Mee opgrond vum Dekreet iwwer hiert Recht op d’Priistertum, dat vum Papp op de Jong erofgeet, kënnen si op hir Salbung Usproch maachen, wann si zu iergendenger Zäit hir Ofstamung noweise kënnen oder si duerch eng Offenbarung vum Här ënnert den Hänn vun der uewen ernimmte Presidentschaft bestätegt kréien.
22 A weider: Kee Bëschof oder Hohepriister, dee fir dëse geeschtlechen Déngscht agesat ginn ass, soll wéinst engem Verbrieche verhéiert oder schëlleg gesprach ginn, ausser virun der Éischter Presidentschaft vun der Kierch;
23 a wann hie virun dëser Presidentschaft fir schëlleg befonnt gëtt, an zwar wéinst onbestriddenem Temoignage, da soll hie schëlleg gesprach ginn;
24 a wann hien ëmkéiert, soll him verzie ginn no den Allianzen a Geboter vun der Kierch.
25 A weider: Wann Elteren an Zion oder an engem vu sengen organiséierte Péil Kanner hunn an si net enseignéieren, fir d’Doktrinn vun der Ëmkéiert, vum Glawen un de Jesus Christus, dem Jong vum liewege Gott, a vun der Daf an der Gab vum Hellege Geescht duerch Hännopleeën ze verstoen, wann si aacht Joren al sinn, sou sief d’Sënd um Kapp vun den Elteren.
26 Well dëst soll fir d’Awunner vun Zion an a jiddwer vu sengen organiséierte Pilieren ee Gesetz sinn.
27 An hir Kanner sollen, wann si aacht Joren al sinn, zur Verzeiung vun hire Sënde gedeeft ginn an d’Hänn opgeluecht kréien.
28 A si sollen hir Kanner och enseignéieren, ze bieden an éierbar virum Här ze goen.
29 An d’Awunner vun Zion sollen och den Dag vum Sabbat beuechten, datt si en helleg halen.
30 An d’Awunner vun Zion sollen sech och op hir Aarbecht besënnen, well et ass hinne jo bestëmmt, datt si voller Trei um Glawe schaffen; well de Lidderege gëtt virum Här an Erënnerung bruecht ginn.
31 Ech, den Här, hunn un den Awunner vun Zion kee Wuelgefalen, well et gi Liddereger ënnert hinnen, an hir Kanner wuessen och a Béist op; si sichen och net seriö no de Räichtemer vun der Éiwegkeet, mee hir Aen si voller Habgier.
32 Dat däerf net sinn a muss vun hinnen ofgeschaaft ginn; dofir soll mäi Kniecht Oliver Cowdery dës Wierder op Zion droen.
33 An ech ginn hinnen d’Gebot: Wien seng Gebieder virum Här net zur richtegen Zäit verriicht, soll virum Riichter vu mengem Vollek an Erënnerung bruecht ginn.
34 Dës Wierder si wouer an trei; dofir verstousst net géint se, an huelt och näischt dovunner ewech.
35 Kuckt, ech sinn den Alpha an den Omega, an ech komme schnell. Amen.