Scriptures
D’Doktrinn an d’Allianzen 81


Sektioun 81

Offenbarung, ginn duerch de Prophet Joseph Smith zu Hiram, Ohio, de 15. Mäerz 1832. De Frederick G. Williams gëtt als Héije Priister a Beroder an der Presidentschaft vum Héije-Priistertum beruff. Déi historesch Opzeechnunge weisen, datt wéi dës Offenbarung am Mäerz 1832 kritt gouf, se de Jesse Gause zum Amt vum Beroder vum Joseph Smith an der Presidentschaft beruff huet. Wéi hien et awer net fäerdeg bruecht huet, op eng Manéier weiderzemaachen, déi mat dëser Ernennung iwwereneestëmmt, gouf d’Beruffung spéider un de Frederick G. Williams weiderginn. D’Offenbarung (datéiert Mäerz 1832) soll als e Schrëtt a Richtung vun der formeller Organisatioun vun der Éischter Presidentschaft ugesi ginn, speziell fir d’Amt vum Conseiller an deem Gremium ze fuerderen an d’Würd vun der Ernennung ze erklären. De Brudder Gause huet eng Zäit laang gedéngt, awer gouf am Dezember 1832 aus der Kierch exkommunizéiert. De Brudder Williams gouf den 18. Mäerz 1833 zum spezifizéierten Amt geweit.

1–2, D’Schlëssele vum Kinnekräich sinn ëmmer vun der Éischter Presidentschaft gehalen; 3–7, Wann de Frederick G. Williams a sengem Ministère trei ass, kritt hien dat éiwegt Liewen.

1 Wierklech, wierklech, ech soen dir, mäi Kniecht Frederick G. Williams: Lauschter no op d’Stëmm vun deem, dee schwätzt, dem Wuert vum Här, dengem Gott, a lauschter op déi Beruffung, zu där du beruff gëss, nämlech a menger Kierch een Héije Priister a mengem Kniecht Joseph Smith Jr. ee Conseiller ze sinn;

2 well him hunn ech d’Schlëssele vum Räich ginn, déi ëmmer zur Presidentschaft vum Héije-Priistertum gehéieren.

3 Dofir, wierklech, erkennen ech hien un a wäert hien an och dech séinen, wann s du trei bass am Rot, an deem Amt, dat ech dir bestëmmt hunn, a konstantem Bieden—souwuel haart wéi och am Häerz, an der Ëffentlechkeet a wann s du eleng bass, an och an dengem geeschtlechen Déngscht, andeems du d’Evangelium am Land vun de Liewegen an ënnert denge Bridder verkënnegs.

4 An andeems du dës méchs, wäerts du denge Matmënschen dat meeschte Guddes maachen, an du wäerts d’Herrlechkeet vun deem fërderen, deen däin Här ass.

5 Dofir sief trei; üb dat Amt aus, dat ech dir bestëmmt hunn, ouni midd ze ginn, aus; ënnerstëtz déi Schwaach, hief déi erofgefallen Hänn héich, a stäerk déi midd Knéien.

6 A wann s du bis un d’Enn trei bass, wäerts du eng Kroun vun der Onstierflechkeet hunn an éiwegt Liewen an de Wunnengen, déi ech am Haus vu mengem Papp prett hunn.

7 Kuck, dat sinn d’Wierder vum Alpha a vum Omega, jo, vum Jesus Christus. Amen.