Scriptures
D’Doktrinn an d’Allianzen 76


Sektioun 76

Eng Visioun, déi dem Joseph Smith, dem Prophet, an dem Sidney Rigdon zu Hiram, Ohio, de 16. Februar 1832 ginn ass. Virun der Opzeechnung vun dëser Visioun steet an der Geschicht vum Joseph Smith: „Nodeems ech vun der Amherst Konferenz zeréckkoum, hunn ech d’Iwwersetzung vun der Schrëft weidergefouert. Aus verschiddene Offenbarungen, déi mir kritt haten, war et kloer, datt vill wichteg Punkten iwwer d’Erléisung vum Mënsch aus der Bibel geholl oder verluer gaange waren, ier se zesummegestallt gouf. Et huet sech aus de Wourechten, déi nach do waren, selbstverständlech erausgestallt, datt, wa Gott jidderee no den Dote belount, déi am Kierper gemaach goufen, de Begrëff ‚Himmel‘, wéi e fir dat éiwegt Heem vun den Hellege geduecht ass, méi wéi ee Kinnekräich enthale muss. Dofir, … beim Iwwersetze vum Evangelium vum Hellege Johannes, hunn ech an den Eelste Rigdon déi follgend Visioun gesinn.“ Zu där Zäit, wou dës Visioun ginn ass, huet de Prophet de Johannes 5:29 iwwersat.

1–4, Den Här ass Gott; 5–10, D’Geheimnisser vum Räich ginn all de Gleewegen opgedeckt; 11–17, All kommen an der Operstéiung vun de Gerechten oder den Ongerechten eraus; 18–24, D’Awunner vu ville Welte sinn duerch d’Versönung vum Jesus Christus als Jongen an Duechtere vu Gott gebuer; 25–29, En Engel vu Gott ass gefall a gouf den Däiwel; 30–49, D’Jonge vum Ënnergang leiden dat éiweg Verdaamt; all déi aner kréien e gewësse Grad un Erléisung; 50–70, D’Herrlechkeet an d’Belounung vun erhuewene Wiesen am himmlesche Räich gëtt beschriwwen; 71–80, Déi, déi dat terrestrialt Räich ierwen, gi beschriwwen; 81–113, De Status vun deenen an der telestialer, terrestrialer a celestialer Herrlechkeet gëtt erkläert; 114–119, Déi Gleeweg kënnen d’Geheimnisser vu Gottes Räich duerch d’Muecht vum Hellege Geescht gesinn a verstoen.

1 Héiert, o dir Himmelen, a schenk Gehéier, o Äerd, a freet iech, dir Bewunner vun der Äerd, well den Här ass Gott, an ausser him gëtt et kee Retter.

2 Grouss ass seng Weisheet, wonnerbar si seng Weeër, an d’Mooss vu senge Wierker ka kee verstoen.

3 Seng Pläng schloen net feel, an et gëtt keen, dee seng Hand stoppe kéint.

4 Vun Éiwegkeet zu Éiwegkeet ass hien deselwechten, a seng Jore vergoen net.

5 Well sou seet den Här: Ech, den Här, si baarmhäerzeg a gnädeg zu deenen, déi mech fäerten, an et freet mech, déi ze éieren, déi mir a Gerechtegkeet a Wourecht bis un d’Enn déngen.

6 Grouss wäert hire Loun sinn an éiweg hir Herrlechkeet.

7 An hinne wëll ech all Geheimnisser offenbaren, jo, all verstoppte Geheimnisser vu mengem Räich vun den alen Zäiten un, a fir déi zukünfteg Zäite wäert ech hinnen d’Wuelgefale vu mengem Wëlle weisen, nämlech a Bezuch op alles, wat mäi Räich betrëfft.

8 Jo, souguer d’Wonner vun der Éiwegkeet wäerten si wëssen, a wat komme wäert, dat wäert ech hinne weisen, jo, dat, wat vill Generatioune betrëfft.

9 An hir Weisheet wäert grouss sinn, an hiert Verständnis wäert bis an den Himmel erreechen; a virun hinne wäert d’Weisheet vun de Weise stierwen an d’Verständnis vun den Intelligenten zerstéiert ginn.

10 Well duerch mäi Geescht wëll ech si erliichten, an duerch meng Muecht wäert ech hinnen d’Geheimnisser vu mengem Wëlle weisen—jo, souguer dat, wat d’A net gesinn an d’Ouer net héieren huet a wat dem Mënsch nach net an d’Häerz penetréiert ass.

11 Mir, de Joseph Smith Jr. an de Sidney Rigdon, hunn eis de siechzéngten Dag vum Februar am Joer vun eisem Här dausendaachthonnertzweeandrësseg am Geescht befonnt;

12 duerch d’Muecht vum Geescht sinn eis d’Aen opgaangen, an eist Verständnis gouf opgekläert, sou datt mir dat, wat vu Gott ass, kucken a verstoe konnten—

13 souguer dat, wat vun Ufank u war, nach bevir d’Welt war, dat, wat vum Papp duerch säin Eenzege Gebuerene Jong veruerdent gouf, deen am Schouss vum Papp war, jo, vun Ufank un;

14 vun him gi mir Temoignage; an den Temoignage, dee mir ginn, ass d’Fëllt vum Evangelium Jesu Christi, deen de Jong ass, an an der Visioun vum Himmel hu mir hie gesinn a mat him geschwat.

15 Well wéi mir mat der Iwwersetzungsaarbecht beschäftegt waren, zu där eis den Här bestëmmt hat, koume mir am 5te Kapitel Johannes zum 29te Vers, deen eis wéi follegt gi gouf—

16 woubäi vun der Opersteeung vun den Doudegen d’Ried ass, vun deenen nämlech, déi d’Stëmm vum Jong vum Mënsch héieren an ervirkomme wäerten:

17 déi do Guddes gemaach hunn, an der Opersteeung vun de Gerechten, an déi do Béises gemaach hunn, an der Opersteeung vun den Ongerechten.

18 Dëst huet eis a Verwonnerung gesat, well et eis vum Geescht agi ginn.

19 A wärend mir doriwwer nogeduecht hunn, huet den Här d’Ae vun eisem Verständnis beréiert, a se hunn sech opgemaach, an d’Herrlechkeet vum Här huet ronderëm geliicht.

20 A mir hunn d’Herrlechkeet vum Jong zur Rietse vum Papp erbléckt an hu vu senger Fëllt empfaangen;

21 a mir hunn déi helleg Engele gesinn an déijéineg, déi gehellegt si viru sengem Troun, wéi si Gott an d’Lämmche veréieren an si veréieren hie fir ëmmer an ëmmer.

22 An elo, no de villen Temoignagen, déi vun him gi gi sinn, ass dëst, als lescht vun allen, den Temoignage, dee mir ginn, nämlech: Hie lieft!

23 Well mir hunn hie gesinn, jo, zur rietsen Hand Gottes; a mir hunn d’Stëmm héieren Temoignage ginn, datt hien den Eenzege Gebuerene vum Papp ass,

24 datt vun him an duerch hien an aus him d’Welte sinn an erschaf gi sinn an datt hir Bewunner fir Gott prokreéiert Jongen an Duechtere sinn.

25 A mir hunn och gesinn, a ginn dovunner Temoignage, datt een Engel Gottes, deen an der Géigewaart Gottes Autoritéit hat, sech rebelléiert huet géint den Eenzege Gebuerene Jong, deen de Papp gären huet an deen am Schouss vum Papp war; an hie gouf aus der Géigewaart Gottes a vum Jong erof geworf;

26 an hie gouf Verdaamt genannt, well d’Himmelen hu gekrasch iwwert hien—et war de Luzifer, ee Jong vum Mueren.

27 A mir hu gekuckt, a kuck do, hien ass gefall! Gefall ass hien, souguer ee Jong vum Mueren!

28 A wärend mir nach am Geescht waren, huet eis den Här gebueden, d’Visioun nidderzeschreiwen; well mir hunn de Satan erbléckt, déi al Schlaang, nämlech den Däiwel, deen sech géint Gott rebelléiert huet an duerno gesicht huet, d’Räich vun eisem Papp a vu sengem Christus u sech ze räissen;

29 dofir féiert hie Krich géint déi Helleg Gottes a schléisst si ronderëm an.

30 A mir hunn eng Visioun gesi vun de Leide vun deenen, géint déi hie Krich gefouert an déi hien iwwerwonnen hat; well sou ass d’Stëmm vum Här un eis gaangen:

31 Sou seet den Här a Bezuch op all déijéineg, déi meng Muecht kennen an een Deel dovunner kritt hunn, sech awer duerch d’Muecht vum Däiwel hunn iwwerwanne loossen an dowéinst d’Wourecht leegnen a menger Muecht trotzen:

32 Et sinn déijéineg, déi Jonge vun der Verdaamt sinn, vun deenen ech soen, et wär besser fir si gewiescht, si wären ni gebuer ginn;

33 well si si Behälter vu Roserei, dozou verdaamt, an Éiwegkeet mam Däiwel a sengen Engelen d’Roserei Gottes ze leiden,

34 vun deenen ech gesot hunn, datt et kee Verzeie gëtt, weder an dëser Welt nach an der zukünfteger Welt.

35 Well si hunn den Hellege Geescht verleegent, nodeems si en empfaangen hunn, an si hunn den Eenzege Gebuerene Jong vum Papp geleegent, andeems si hie fir sech selwer gekräizegt an zum Spott gemaach hunn.

36 Dat sinn déijéineg, déi mam Däiwel a sengen Engelen an de Séi vu Feier a Schwiefel higoe wäerten,

37 déi eenzeg, iwwer déi den zweeten Doud nach Muecht wäert hunn,

38 jo, wierklech, déi eenzeg, déi zu där vum Här bestëmmten Zäit, nodeems si seng Roserei gelidden hunn, net erléist wäerte kënnen.

39 Well all déi iwwreg wäerten duerch d’Opersteeung vun den Doudegen ervirbruecht ginn, duerch den Triumph an d’Herrlechkeet vum Lämmchen, vun deem, deen ëmbruecht gouf, deen am Schouss vum Papp war, bevir d’Welten erschaf goufen.

40 An dëst ass d’Evangelium, déi frou Noriicht, wouvunner eis d’Stëmm aus den Himmelen Temoignage ginn huet:

41 Hien ass an d’Welt komm, nämlech de Jesus Christus, fir sech fir d’Welt kräizegen ze loossen a vir d’Sënde vun der Welt ze droen a fir d’Welt ze hellegen a fir se vun all Ongerechtegkeet propper ze maachen;

42 duerch hien kënnen all gerett ginn, déi den Här a seng Gewalt ginn huet an déi hien duerch hien erschaf huet,

43 duerch hien, deen de Papp verherrlecht an all Wierker vu sengen Hänn rett ausser d’Jonge vun der Verdaamt, déi de Jong leegnen, nodeems de Papp hie reveléiert huet.

44 Dofir rett hien alleguerten ausser si—a si wäerten ewech goen zu éiweg undauernderer Strof, zu Strof ouni Enn, zu éiweger Strof, fir mam Däiwel a sengen Engelen an Éiwegkeet ze regéieren, wou hire Wuerm net stierft an d’Feier net verläscht; an dat ass hir Qual;

45 an d’Enn dovunner an den Uert dovunner an hir Qual kennt kee Mënsch,

46 a weder ass et de Mënsche reveléiert ginn, nach wäert et hinnen elo oder spéider reveléiert ginn, ausser deenen, déi dorunner Deel wäerten hunn;

47 mee weisen ech, den Här, et villen an enger Visioun, déi ech awer da séier erëm zou maachen.

48 Dofir ginn d’Enn, d’Breet, d’Héicht an Déift an de Misär dovunner vun hinnen net verstanen, och vu kengem anere Mënsch ausser deenen, deenen dës Verurteelung veruerdent gëtt.

49 A mir hunn d’Stëmm héieren, nämlech: Schreift d’Visioun nidder, well kuck do, dëst ass d’Enn vun der Visioun vun de Leide vun de Gottlosen.

50 An nach eng Kéier gi mir Temoignage, well mir hu gesinn an héieren, an et ass dëst den Temoignage vum Evangelium vum Christus a Bezuch op déijéineg, déi an der Opersteeung vun de Gerechten ervirkomme wäerten:

51 Et sinn déijéineg, déi den Temoignage vum Jesus empfaangen hunn, déi u säin Numm gegleeft hunn an no der Aart vu sengem Begruewe gedeeft gi sinn, an zwar nom Gebot, dat hie ginn huet,

52 fir datt si duerch d’Hale vun de Geboter vun all hire Sënde gewäsch a propper gemaach ginn an den Hellege Geescht empfänken duerch d’Hännopleeë vun engem, deen zu dëser Muecht veruerdent a gesigelt ass,

53 déijéineg, déi duerch de Glawen iwwerwonnen hunn a vum Hellege Geescht vum Versprieche gesigelt sinn, déi den Här iwwert all ausgéisst, déi gerecht an trei sinn.

54 Et sinn déijéineg, déi d’Kierch vum Éischtgebuerene sinn.

55 Et sinn déijéineg, deenen de Papp alles an d’Hänn geluecht huet.

56 Et sinn déijéineg, déi Priister a Kinneke sinn, déi vu senger Fëllt a senger Herrlechkeet empfaangen hunn

57 a Priister vum Allerhéchsten no der Uerdnung vum Melchisedek sinn, déi no der Uerdnung vum Henoch war, déi no der Uerdnung vum Eenzege Gebuerene Jong war.

58 Dofir sinn si, wéi et geschriwwe steet, Gëtter, jo, d’Jonge vum Gott;

59 dofir gehéiert hinnen alles, sief et Liewen oder Dout, Géigewäerteges oder Zukünfteges—alles gehéiert hinnen, an si gehéiere Christus, a Christus gehéiert Gott.

60 A si wäerten alles iwwerwannen.

61 Dofir soll kee Mënsch Herrlechkeet am Mënsch sichen, mee hie soll Herrlechkeet a Gott sichen, deen sech all Feinden ënnert d’Féiss maache wäert.

62 Dës wäerte fir ëmmer an ëmmer an der Géigewaart Gottes a sengem Christus wunnen.

63 Dat sinn déijéineg, déi hie matbrénge wäert, wann hien an de Wolleke vum Himmel kënnt, fir op der Äerd iwwert säi Vollek ze regéieren.

64 Dat sinn déijéineg, déi un der éischten Opersteeung Deel wäerten hunn.

65 Dat sinn déijéineg, déi an der Opersteeung vun de Gerechten ervirkomme wäerten.

66 Dat sinn déijéineg, déi zum Bierg Zion an zur Stad vum liewege Gott komm sinn, zum himmleschen Uert, dem hellegste vun allen.

67 Dat sinn déijéineg, déi zu engem Departement vun Engelen, déi een net ziele kann, komm sinn, zur Allgemenge Versammlung a Kierch vum Henoch a vum Éischtgebuerenen.

68 Dat sinn déijéineg, deenen hiren Numm am Himmel opgeschriwwen ass, wou de Gott an de Christus Riichter iwwert alleguerte sinn.

69 Dat sinn déijéineg, déi gerecht Mënsche sinn, vollkomme gemaach duerch de Mediateur vun der neien Allianz, de Jesus, dee mam Vergéisse vu sengem Blutt dës vollkomme Versönung bewierkt huet.

70 Dat sinn déijéineg, déi ee celestiale Kierper hunn an deenen hir Herrlechkeet déi vun der Sonn ass, jo, der Herrlechkeet Gottes, dem héchste vun allen, vun där Herrlechkeet geschriwwe steet, d’Sonn um Firmament wier dofir kennzeechent.

71 A weider hu mir déi terrestrialt Welt gesinn, a kuck do, dat sinn déijéineg, déi zu den Terrestriale gehéieren an deenen hir Herrlechkeet vun där vun der Kierch vum Éischtgebuerenen—déi vun der Fëllt vum Papp empfaangen huet—sou verschidden ass wéi d’Herrlechkeet vum Mound vun där vun der Sonn um Firmament.

72 Kuck, dat sinn déijéineg, déi ouni Gesetz gestuerwe sinn,

73 an och déijéineg, déi am Prisong gehale Mënschegeeschter sinn, déi de Jong besicht an deenen hien d’Evangelium gepriedegt huet, fir datt si genausou wéi d’Mënschen am Fleesch geriicht kënne ginn,

74 déi den Temoignage vum Jesus am Fleesch net empfaangen hunn, et awer duerno empfaangen hunn.

75 Dat sinn déijéineg, déi als éierbar Mënschen op der Äerd duerch d’Schlauheet vu Mënsche verblennt gi sinn.

76 Dat sinn déijéineg, déi vu senger Herrlechkeet empfänken, mee net vu senger Fëllt.

77 Dat sinn déijéineg, déi vun der Géigewaart vum Jong empfänken, awer net vun der Fëllt vum Papp.

78 Dofir sinn si terrestrial Kierper an net celestialer, a si sinn un Herrlechkeet sou verschidde wéi de Mound vun der Sonn.

79 Dat sinn déijéineg, déi am Temoignage vum Jesus net couragéiert gewiescht sinn; dofir kréien si d’Kroun iwwer d’Räich vun eisem Gott net.

80 Dëst ass awer d’Enn vun der Visioun, déi mir vun den Terrestriale gesinn hunn an déi den Här eis gebueden huet, se nidderzeschreiwen, soulaang mir nach am Geescht wieren.

81 A weider hu mir d’Herrlechkeet vun den Telestiale gesinn, d’Herrlechkeet vun de Geréngeren, jo, wéi d’Herrlechkeet vun de Stäre verschidden ass vun der Herrlechkeet vum Mound um Firmament.

82 Dat sinn déijéineg, déi d’Evangelium vum Christus net empfaangen hunn, och net den Temoignage vum Jesus.

83 Dat sinn déijéineg, déi den Hellege Geescht net leegnen.

84 Dat sinn déijéineg, déi an d’Hell erof geworf ginn.

85 Dat sinn déijéineg, déi réischt mat der leschten Opersteeung aus der Gewalt vum Däiwel erléist ginn, dann, wann den Här, nämlech de Christus, d’Lämmchen, säi Wierk ofgeschloss wäert hunn.

86 Dat sinn déijéineg, déi net vu senger Fëllt an der éiweger Welt empfänken, mee vum Hellege Geescht, an zwar duerch den Déngscht vun den Terrestrialen,

87 an d’Terrestrialen duerch den Déngscht vun de Celestialen.

88 An och déi Telestial empfänken dovunner duerch den Déngscht vun Engelen, déi bestëmmt sinn, hinnen ze déngen—oder déi dozou bestëmmt sinn, Geeschter ze sinn, déi hinnen déngen; well si wäerten Ierwe vun der Erléisung sinn.

89 An sou hu mir gesinn, an enger Visioun vum Himmel, d’Herrlechkeet vun den Telestialen, déi alles Verständnis iwwerschreit;

90 an et kennt si kee Mënsch, ausser wiem Gott et reveléiert huet.

91 An sou hu mir d’Herrlechkeet vun den Terrestriale gesinn, déi d’Herrlechkeet vun den Telestialen an allem iwwertrëfft, nämlech un Herrlechkeet a Muecht a Kraaft an Herrschaft.

92 An sou hu mir d’Herrlechkeet vun de Celestiale gesinn, déi alles iwwertrëfft—wou Gott, nämlech de Papp, op sengem Troun fir ëmmer an ëmmer regéiert,

93 viru sengem Troun sech alles a bescheidener Reverenz näipt a seng Herrlechkeet unerkennt fir ëmmer an ëmmer.

94 Déijéineg, déi a senger Géigewaart wunnen, sinn d’Kierch vum Éischtgebuerenen; a wéi si gesi ginn, sou gesinn si, a wéi si erkannt ginn, sou erkennen si; well si hu vu senger Fëllt a senger Gnod empfaangen;

95 an hie mécht si u Muecht a Kraaft an Herrschaft gläich.

96 An d’Herrlechkeet vun de Celestialen ass eng eegen, jo, wéi d’Herrlechkeet vun der Sonn eng eegen ass.

97 An d’Herrlechkeet vun den Terrestrialen ass eng eegen, jo, wéi d’Herrlechkeet vum Mound eng eegen ass.

98 An d’Herrlechkeet vun den Telestialen ass eng eegen, jo, wéi d’Herrlechkeet vun de Stären eng eegen ass; well wéi den ee Stär vum aneren un Herrlechkeet verschidden ass, sou ass och den ee vum aneren an der telestiale Welt un Herrlechkeet verschidden;

99 well dat sinn déijéineg, déi vum Paulus a vum Apollos a vum Kephas sinn.

100 Dat sinn déijéineg, déi soen, si wieren e puer vun engem, e puer vum aneren—e puer vum Christus an e puer vum Johannes, a puer vum Moses an e puer vum Elias an e puer vum Esaias an e puer vum Jesaja an e puer vum Henoch;

101 awer si hunn d’Evangelium net empfaangen, och net den Temoignage vum Jesus, och net d’Propheten, och net déi éiweg Allianz.

102 Schliisslech sinn dat all déijéineg, déi sech net mat den Hellege sammele wëllen, déi dann zur Kierch vum Éischtgebuerenen entfalen an an de Wolleken empfaange solle ginn.

103 Dat sinn déijéineg, déi Ligener sinn an Zauberer an Ehebriecher, déi adultère sinn a Lige gär hunn a maachen.

104 Dat sinn déijéineg, déi d’Roserei Gottes op der Äerd leiden.

105 Dat sinn déijéineg, déi d’Vergeltung duerch éiwegt Feier leiden.

106 Dat sinn déijéineg, déi an d’Hell erofgestouss ginn an d’Roserei Gottes, dem Allmächtegen, leide bis hin zu der Zäit vun der Fëllt, nämlech wa Christus sech all Feinden ënnert d’Féiss gemaach a säi Wierk erfëllt wäert hunn;

107 wann hien d’Räich wäert iwwerginn an et dem Papp onheemlech propper presentéiere wäert a soe wäert: Ech hunn iwwerwonnen an hunn d’Wäipress eleng getrëppelt, jo, d’Wäipress vun der ustrengende Roserei Gottes, dem Allmächtegen.

108 Da wäert hie mat der Kroun vu senger Herrlechkeet gekréint ginn, datt hien um Troun vu senger Muecht sëtzt a regéiert fir ëmmer an ëmmer.

109 Awer kuckt do, mir hunn d’Herrlechkeet an d’Bewunner vun der telestiale Welt gesinn, datt si sou vill waren, datt een se net ziele konnt, wéi d’Stären am Firmament vum Himmel oder de Sand um Ufer vum Mier,

110 an hunn d’Stëmm vum Här héieren, nämlech: Dës alleguerte wäerten de Knéi béien, a jiddwer Zong wäert sech zu deem bekennen, dee fir ëmmer an ëmmer um Troun sëtzt;

111 well si wäerten no hire Wierker geriicht ginn, a jiddwer Mënsch wäert no sengen eegene Wierker seng Herrschaft empfänken an de Wunnengen, déi prett gemaach gi sinn;

112 a si wäerte Kniechte vum Allerhéchste sinn; awer dohinner, wou Gott an de Christus wunnen, kënnen si an aller Éiwegkeet net kommen.

113 Dat ass d’Enn vun der Visioun, déi mir gekuckt hunn a vun där eis gebuede gouf, se nidderzeschreiwen, soulaang mir nach am Geescht wieren.

114 Awer grouss a wonnerbar sinn d’Wierker vum Här an d’Geheimnisser vu sengem Räich, dat hien eis gewisen huet, dat un Herrlechkeet a Kraaft an Herrschaft alles Versteesdemech iwwertrëfft;

115 vun hinnen huet hien eis gebueden, se net nidderzeschreiwen, soulaang mir nach am Geescht wieren; an sou ass et net richteg, datt de Mënsch se aussprécht,

116 an de Mënsch ass och net fäeg, se ze weisen, well se loossen sech nëmme mat der Muecht vum Hellege Geescht gesinn a verstoen, dee Gott deene spent, déi hie gären hunn a sech virun him reng maachen,

117 deenen hien de Virdeel gëtt, datt si selwer gesinn a wëssen dierfen;

118 fir datt si, nach am Fleesch, duerch d’Muecht an d’Manifestatioun vum Geescht amstand wieren, seng Géigewaart an der Welt vun der Herrlechkeet ze erdroen.

119 A Gott an dem Lämmchen sinn Herrlechkeet an Éier an Herrschaft fir ëmmer an ëmmer. Amen.