Sektioun 126
Offenbarung, ginn duerch de Prophet Joseph Smith, am Haus vum Brigham Young, zu Nauvoo, Illinois, den 9. Juli 1841. De Brigham Young war just vun enger bal zweejäreger Missioun an England bei seng Famill zu Nauvoo zeréckkomm.
1–3, De Brigham Young gëtt fir seng Aarbecht gelueft a gëtt vun zukünftege Reesen an d’Ausland befreit.
1 Treien a léiwe Brudder Brigham Young, wierklech, sou scheet den Här zu dir: Mäi Kniecht Brigham Young, et gëtt vun dir net méi gefuerdert, datt s du, wéi an der Vergaangenheet, deng Famill verléiss, well däin Affer ass fir mech akzeptabel.
2 Ech hunn deng Aarbecht a Méi gesinn, wéis du wéinst mengem Numm gereest bass.
3 Dofir kommandéieren ech dir, schéck mäi Wuert eraus, a suerg vun elo un a fir ëmmer besonnesch fir deng Famill. Amen.