Scriptures
D’Doktrinn an d’Allianzen 130


Sektioun 130

Instruktioune vum Joseph Smith, dem Prophet, zu Ramus, Illinois, den 2. Abrëll 1843.

1–3, De Papp an de Jong kënnen de Mënsche perséinlech erschéngen; 4–7, Engele wunnen an enger celestialer Sphär; 8–9, Déi himmlesch Äerd wäert e groussen Urim an Thummim sinn; 10–11, E wäisse Stee gëtt all deene ginn, déi an d’celestialt Welt kommen; 12–17, D’Zäit vum Zweete Komme gëtt dem Prophet zeréckgehalen; 18–19, Intelligenz, déi an dësem Liewe gewonne gëtt, kënnt mat eis an der Operstéiung op; 20–21, All Seege kommen duerch d’Follegen un d’Gesetz; 22–23, De Papp an de Jong hu Kierper aus Fleesch a Schanken.

1 Wann de Retter erschénge wäert, wäerte mir hien sou gesinn, wéi hien ass. Mir wäerte gesinn, datt hien ee Mënsch ass selwecht wéi mir.

2 Déi selwecht Gesellegkeet, déi ënnert eis verfügbar ass, wäert och do ënnert eis verfügbar sinn, nëmme wäert se mat éiweger Herrlechkeet verbonne sinn, där mir eis elo nach net erfreeën.

3 Johannes 14:23—D’Komme vum Papp a vum Jong—an dësem Vers—ass ee perséinlecht Erschéngen, an déi Virstellung, datt de Papp an de Jong am Häerz vun engem Mënsch wunnen, ass een ale sekteresche Gedanken, dee falsch ass.

4 Op d’Fro: Ass net d’Zäitrechnung Gottes, déi vun den Engelen, déi vun de Propheten an déi vun de Mënsche jeeweils vun deem Planéit ofhängeg, op deem si sech ophalen?

5 äntweren ech: Jo. Awer et gi keng Engelen, déi dëser Äerd déngen, déi net zu hir gehéieren oder gehéiert hunn.

6 D’Engelen halen sech net op engem Planéit wéi dës Äerd op,

7 mee si halen sech an der Géigewaart vu Gott op, op engem Himmelskierper wéi ee Mier vu Glas a Feier, wou alles fir hir Herrlechkeet manifestéiert ass—Vergaangenes, Géigewäerteges an Zukünfteges—an deen sech bestänneg virum Här befënnt.

8 Deen Uert, wou Gott sech ophält, ass ee groussen Urim an Thummim.

9 Dës Äerd, an hirem gehellegten an onstierflechen Zoustand, gëtt wéi Kristall gemaach a gëtt en Urim an Thummim fir d’Awunner, déi drop wunnen, wouduerch all Saachen, déi zu engem ënneschte Kinnekräich, oder alle Kinnekräicher vun enger ënneschter Uerdnung, gehéieren, fir déi, déi drop wunnen, offensichtlech ginn; an dës Äerd gëtt dem Christus seng.

10 Da wäert dee wäisse Steen, deen an Offenbarung 2:17 ernimmt ass, jiddwerengem, deen en empfänkt, zu engem Urim an Thummim ginn, wouduerch dat, wat eng méi héich Uerdnung vun de Räicher betrëfft, gewise wäert ginn;

11 an all deenen, déi an dat celestialt Räich kommen, gëtt e wäisse Stee ginn, op deem en neien Numm geschriwwen ass, dee kee Mënsch kennt, ausser deen, deen en empfänkt. Den neien Numm ass d’Schlësselwuert.

12 Ech prophezeien am Numm vum Här Gott, datt déi Schwieregkeeten, déi, bevir de Jong vum Mënsch kënnt, vill Bluttvergéisse verursaache wäerten, hiren Ufank a Süd Carolina wäert huelen.

13 Et wäert warscheinlech als Resultat vun der Sklaavefro dozou kommen. Dëst huet mir eng Stëmm verkënnegt, wärend ech seriö doriwwer gebiet hunn, an zwar de 25ten Dezember 1832.

14 Ech hunn eng Kéier ganz seriö gebiet, fir déi Zäit gewuer ze kréien, wéini de Jong vum Mënsch komme wäert; do hunn ech eng Stëmm Folgendes soen héieren:

15 Joseph, mäi Jong, wann s du liefs, bis du fënnefanachzeg Joren al bass, wäerts du d’Gesiicht vum Jong vum Mënsch gesinn; dofir looss dir dëst duer goen, a behelleg mech an dëser Saach net méi.

16 Sou war dës fir mech d’Situatioun, ouni datt ech amstand war ze erkennen, ob dëst Kommen sech op den Ufank vum Millenium oder op een Erschénge virdru bezitt oder ob ech stierwen an sou säi Gesiicht géif gesinn.

17 Ech gleewen awer, de Jong vum Mënsch wäert net méi fréi komme wéi zur genannten Zäit.

18 Egal wéi e Prinzip vun der Intelligenz mir an dësem Liewen erreechen, et wäert mat eis an der Opersteeung opstoen.

19 A wann een an dësem Liewen duerch säin Äifer a Follege méi Wëssen an Intelligenz kritt wéi een aneren, sou wäert hien an der zukünftege Welt ëm sou vill am Virdeel sinn.

20 Et gëtt ee Gesetz, dat am Himmel—virun de Grondleeunge vun dëser Welt—onwidderrufflech ugeuerdent gouf an op deem all Seenunge berouen—

21 Wa mir iergendeng Seenung vu Gott kréien, dann nëmmen, andeems mir dat Gesetz befollegen, op deem se berout.

22 De Papp huet ee Kierper aus Fleesch a Schanken, sou fillbar wéi dee vun engem Mënsch, genausou de Jong; awer den Hellege Geescht huet kee Kierper aus Fleesch a Schanken, mee et ass eng Persoun aus Geescht. Wär et net esou, kéint den Hellege Geescht net an eis wunnen.

23 Ee Mënsch kann den Hellege Geescht empfänken, an dëse kann op hien erofkommen, net awer bei him bleiwen.