Scriptures
D’Doktrinn an d’Allianzen 20


Sektioun 20

Offenbarung iwwer d’Organisatioun an d’Regierung vun der Kierch, ginn duerch de Prophet Joseph Smith, zu oder bei Fayette, New York. Deeler vun dëser Offenbarung kéinte schonn am Summer 1829 gi sinn. Déi komplett Offenbarung, déi deemools als Artikelen an Allianze bekannt war, gouf warscheinlech kuerz nom 6. Abrëll 1830 (den Dag wou d’Kierch organiséiert gouf) opgeholl. De Prophet huet geschriwwen: „Mir hu vun Him [Jesus Christus] dat follgend kritt, duerch de Geescht vun der Prophezeiung an der Offenbarung; deen eis net nëmme vill Informatioune ginn huet, mee eis och de genauen Dag gewisen huet, un deem mir, no Sengem Wëllen a Sengem Gebot, Seng Kierch nach eng Kéier hei op der Äerd organiséiere sollen.“

1–16, D’Buch vum Mormon beweist d’Gëttlechkeet vum Wierk vun de leschten Deeg; 17–28, D’Doktrinne vun der Schëpfung, dem Fall, der Versönung an der Daf gi bestätegt; 29–37, Gesetzer iwwer d’Ëmkéiert, d’Rechtfäerdegung, d’Hellegung an d’Daf gi festgeluecht; 38–67, D’Flichte vun den Eelsten, Priisteren, Instructeuren an Diakone ginn zesummegefaasst; 68–74, D’Flichte vun de Memberen, d’Seenunge vun de Kanner an d’Aart a Weis vun der Daf ginn opgedeckt; 75–84, Sakrament Gebieder a Reglementer iwwer d’Kierche-Memberschaft ginn uginn.

1 D’Entsteeung vun der Kierch Christi an dëse leschten Deeg, nämlech dausendaachthonnertdrësseg Joren nodeems eisen Här a Retter Jesus Christus am Fleesch komm ass—a Konformitéit mat de Gesetzer vun eisem Land richteg ze grënnen an opzeriichten, nämlech nom Wëllen a Gebot Gottes am véierte Mount, an zwar um sechsten Dag vum Mount, deen Abrëll genannt gëtt.

2 Dëst Gebot ass un de Joseph Smith Jr. gaangen, dee vu Gott beruff an deen zum Apostel vum Jesus Christus ordinéiert gouf, datt hien den éischten Eelste vun der Kierch wier,

3 sou wéi un den Oliver Cowdery, deen och vu Gott als Apostel vum Jesus Christus beruff gouf, datt hien den zweeten Eelste vun dëser Kierch wier, an dee vun him ordinéiert gouf,

4 an dëst no der Gnod vun eisem Här a Retter Jesus Christus, an him sief all Herrlechkeet, elo a fir ëmmer. Amen.

5 Nodeems et dësem éischten Eelste wierklech gewise gi war, datt hie Verzeiung vu senge Sënden empfaangen hat, huet hien sech erëm an d’Klengegkeete vun der Welt verwéckelt;

6 mee nodeems hien ëmgekéiert war a sech duerch Glawen éierlech humiliéiert hat, huet Gott sech senger ugeholl duerch een hellegen Engel, deem säi Gesiicht ewéi ee Blëtz gestraalt huet an deem säi Kleed reng a wäiss war, méi wäiss ewéi alles anert,

7 an huet him Geboter ginn, déi hien inspiréiert hunn,

8 an huet him duerch déi Mëttel, déi virdru bereet gestallt gi waren, aus der Héicht d’Muecht ginn, d’Buch vum Mormon ze iwwersetzen,

9 an dëst enthält de Bericht vun engem Vollek, dat gefall ass, an d’Fëllt vum Evangelium vum Jessu Christus fir déi Aner an och fir d’Judden;

10 et ass duerch Inspiratioun gi ginn a gëtt aneren duerch den Déngscht vun Engele bestätegt a vun dësen der Welt annoncéiert;

11 an dëst beweist der Welt, datt déi helleg Schrëfte wouer sinn an datt Gott Männer inspiréiert an si zu sengem hellege Wierk berifft, an dësem Zäitalter an dëser Generatioun genausou wéi an de Generatiounen an aler Zäit,

12 a weist domadder, datt hien deselwechte Gott ass, gëschter, haut a fir ëmmer. Amen.

13 Wou elo d’Welt esou grouss Temoignagen huet, wäert se dono geriicht ginn, jo, alleguerten, déi spéider nach Wësse vun dësem Wierk kréien.

14 An déijéineg, déi et am Glawen unhuelen an déi Gerechtegkeet wierke loossen, déi wäerten eng Kroun vum éiwege Liewen empfänken,

15 mee déijéineg, déi hiert Häerz am Onglawe verhäerten an et verwerfen, deene wäert et zu hirer eegene Verurteelung geschéien;

16 well den Här Gott huet et gesot, a mir, déi Eelste vun der Kierch, hunn et héieren a ginn Temoignage vun de Wierder vun der herrlecher Majestéit an der Héicht, an Herrlechkeet sief him fir ëmmer an ëmmer. Amen.

17 Doduerch wësse mir, datt et ee Gott am Himmel gëtt, datt hien onbegrenzt an éiweg ass, vun Onendlechkeet zu Onendlechkeet deselwechten onverännerleche Gott, Designer vum Himmel an der Äerd an all deem, wat doranner ass,

18 an datt hien de Mënsch erschaf huet, männlech a weiblech, als säin eegent Bild, him selwer änlech huet hien si erschaf,

19 an huet hinnen d’Gebot ginn, hien, den eenzege liewegen a richtege Gott, gär ze hunn an him ze déngen an datt hien dat eenzegt Wiese soll sinn, dat si veréiere sollten.

20 Mee duerch d’Transgressioun vun dësen hellege Gesetzer gouf de Mënsch sënnlech an däiwelzeg an ass zum gefalene Mënsch ginn.

21 Dofir huet den Allmächtege Gott säin Eenzeg Gebuerene Jong ginn, wéi et an de Schrëfte steet, déi vum him gi gi sinn.

22 Hien huet Versuchunge gelidden, huet hinnen awer keng Beuechtung geschenkt.

23 Hien ass gekräizegt ginn, ass gestuerwen an um drëtten Dag operstanen

24 an ass an den Himmel opgefuer, sech hin ze sëtzen zur rietsen Hand vum Papp, fir nom Wëlle vum Papp mat allmächteger Muecht ze herrschen,

25 fir datt alleguerten, déi gleewen an sech a sengem hellegen Numm deefe loossen an am Glawe bis un d’Enn aushalen, gerett kënne ginn:

26 net nëmmen déijéineg, déi Glawen haten, nodeems hien an der Mëtt vun der Zäit am Fleesch komm war, mee och alleguerte vun Ufank un, nämlech alleguerten, déi waren, bevir hie koum, déi de Wierder vun den hellege Prophete gegleeft hunn, déi geschwat hunn, wéi si duerch d’Gab vum Hellege Geescht inspiréiert goufen, déi an allem wierklech vun him temoignéiert hunn, sollen éiwegt Liewen hunn;

27 och déijéineg, déi no him kéimen, déi un d’Gaben an d’Vocatioune Gottes duerch den Hellege Geescht gleewe géifen, deen Temoignage gëtt vum Papp a vum Jong;

28 an de Papp, de Jong an den Hellege Geescht sinn ee Gott, onbegrenzt an éiweg, ouni Enn. Amen.

29 A mir wëssen, datt all Mënschen ëmkéieren an un den Numm Jesus Christus gleewen an de Papp a sengem Numm veréieren an am Glawen u säin Numm bis un d’Enn aushale mussen, soss kënnen si net am Kinnekäich Gottes gerett ginn.

30 A mir wëssen, datt Rechtfäerdegung duerch d’Gnod vun onsem Här a Retter Jesus Christus gerecht a wouer ass,

31 a mir wëssen och, datt Hellegung duerch d’Gnod vun onsem Här a Retter Jesus Christus gerecht a wouer ass—fir all déijéineg, déi Gott gären hunn an him dénge mat aller Muecht, ganzem Sënn an aller Kraaft.

32 Mee et ass méiglech, datt de Mënsch d’Gnod verléieren an de liewege Gott verloosse kann,

33 dofir sollen d’Membere vun der Kierch uecht ginn an ëmmer bieden, fir datt si net a Versuchung falen,

34 jo, a souguer déijéineg, déi gehellegt sinn, sollen uecht ginn.

35 A mir wëssen: Dëst ass wouer an no de Offenbarunge vum Johannes—zu der Prophezeiung vu sengem Buch gëtt näischt bäi gesat nach dovunner ewechgeholl, och a Bezuch op d’helleg Schrëft an d’Offenbarunge Gottes, déi duerch d’Gab an d’Muecht vum Hellege Geescht, duerch d’Stëmm Gottes oder den Déngscht vun Engele spéider nach komme wäerten.

36 An den Här Gott huet et gesot, an Éier, Muecht an Herrlechkeet kënnt sengem hellegen Numm zou, elo a fir ëmmer. Amen.

37 A weider, als Gebot fir d’Kierch iwwer d’Aart a Weis vun der Daf—Alleguerten déijéineg, déi sech viru Gott humiliéieren a wënsche gedeeft ze ginn, déi mat ëmkéierendem Häerz an bezerknirschtem Geescht no vir kommen a virun der Kierch temoignéieren, datt si vun all hire Sënde wierklech ëmgekéiert sinn a gewëllt sinn, den Numm vum Jesus Christus op sech ze huelen, déi entschloss sinn, him bis un d’Enn ze déngen, an duerch hir Wierker wierklech manifestéieren, datt si vum Geescht Christi zur Verzeiung vun hire Sënden empfaangen hunn, sollen duerch d’Daf a seng Kierch opgeholl ginn.

38 D’Flichte vun den Eelsten, Priisteren, Instructeuren, Diakonen a Membere vun der Kierch vum Christus: Een Apostel ass een Eelsten, an et ass seng Beruffung, ze deefen

39 an anerer zum Eelsten, Priister, Instructeur oder Diakon ze ordinéieren

40 a fir Brout a Wäin ze verdeelen—d’Embleemer vum Fleesch a vum Blutt vum Christus—

41 an déijéineg, déi duerch d’Daf an d’Kierch kommen, ze confirméieren, an zwar duerch Hännopleeën zur Daf mat Feier an dem Hellege Geescht, no der helleger Schrëft,

42 an ze léieren, ze erklären, ze ermanen, ze deefen an iwwer d’Kierch ze waachen

43 an d’Membere vun der Kierch ze confirméieren, andeems hien d’Hänn opleet an den Hellege Geescht spent,

44 an an alle Versammlungen d’Féierung ze iwwerhuelen.

45 D’Eelste sollen d’Versammlunge leeden, wéi si vum Hellege Geescht gefouert ginn, no de Geboter a Offenbarunge Gottes.

46 D’Flicht vum Priister ass et, ze priedegen, ze léieren, ze erklären, ze ermanen, ze deefen an de Sakrament ze administréieren,

47 an all Memberen doheem ze besichen an hinnen un d’Häerz ze leeën, datt si souwuel haart wéi och heemlech bieden an alle Flichten an der Famill nokommen.

48 An hie kann och anerer zum Priister, Instructeur oder Diakon ordinéieren.

49 An hie soll an de Versammlungen d’Féierung iwwerhuelen, wa keen Eelsten do ass;

50 wann awer een Eelsten do ass, soll hien nëmme priedegen, léieren, erklären, ermanen an deefen,

51 an hie soll all Memberen doheem besichen, fir hinnen un d’Häerz ze leeën, datt si souwuel haart wéi och heemlech bieden an alle Flichten an der Famill nokommen.

52 An all dëse Flichte soll de Priister dem Eelsten hëllefen, wann et d’Ëmstänn erfuerderen.

53 D’Flichte vum Instructeur ass et, ëmmer iwwer d’Kierch ze waachen a bei de Memberen ze sinn an si ze stäerken

54 an ze kucken, datt et an der Kierch keng Ongerechtegkeet gëtt, och keng Häert géigeniwwer, weder Ligen nach Diffamatioun, nach béise Klatsch;

55 hie soll kucken, datt sech d’Kierch dacks versammelt an datt d’Memberen datt maachen, wouzou si zoustänneg sinn.

56 An Absence vun engem Eelsten oder Priister soll hien an der Versammlung d’Féierung iwwerhuelen,

57 an him sollen ëmmer, an an alle Flichten an der Kierch, d’Diakonen hëllefen, wann et d’Ëmstänn erfuerderen.

58 Mee weder den Instructeur nach den Diakon hunn d’Autoritéit, ze deefen, de Sakrament ze administréieren oder d’Hänn opzeleeën;

59 si sollen awer warnen, erklären, ermanen an enseignéieren a jiddwereen alueden, zu Christus ze kommen.

60 All Eelsten, Priister, Instructeur an Diakon soll no de Gaben an de Beruffungen, déi Gott him ginn huet, ordinéiert ginn, an hie soll duerch d’Muecht vum Hellege Geescht ordinéiert ginn, déi an deem wunnt, deen hien ordinéiert.

61 Déi Eelsten, déi dës Kierch vum Christus bilden, sollen sech all dräi Méint eemol zu enger Konferenz versammelen, oder awer vun Zäit zu Zäit, wéi dës Konferenzen et unuerdnen oder bestëmmen;

62 an dës Konferenze sollen sech mat allen Affäre vun der Kierch befaassen, déi zu där Zäit erleedegt musse ginn.

63 Déi Eelste sollen hire Berechtegungszertifikat vun aneren Eelsten—nämlech no Ofstëmmung an där Gemeinschaft, zu där si gehéieren—oder vun de Konferenzen empfänken.

64 Jiddwer Priister, Instructeur oder Diakon, dee vun engem Priister ordinéiert gëtt, ka vun deem zu där Zäit eng Bestätegung entgéinthuelen, a wann dës Bestätegung engem Eelste virgeluecht ginn ass, gëtt se him ee Recht op ee Berechtegungszertifikat, deen hien autoriséiert, d’Affäre vu senger Beruffung auszeféieren; am anere Fall kann hien e vun enger Konferenz empfänken.

65 Wou et eng richteg organiséiert Branche vun der Kierch gëtt, soll keen ouni Ofstëmmung an där betreffende Branche zu engem Amt an der Kierch beruff ginn;

66 wou et awer keng Branche vun der Kierch gëtt, sou datt een zur Ofstëmmung opruffe kéint, hunn déi Eelsten, déi presidéieren, d’Bëscheef, déi reesen, d’Héich Conseilen, d’Héich Priister an d’Eelsten d’Recht, ze ordinéieren.

67 Jiddwer President vum Héije Priistertum (oder Eelsten, déi presidéieren), jiddwer Bëschof, Héije Conseil Member an Hohepriister soll no der Instruktioun vun engem Héije Conseil oder enger Generalkonferenz ordinéiert ginn.

68 D’Flicht vun de Memberen, nodeems si duerch d’Daf opgeholl gi sinn—D’Eelsten oder Priister solle genuch Zäit hunn, hinnen alles, wat d’Kierch vum Christus betrëfft, sou ze erklären, datt si dovunner Verständnis kréien, an zwar nach bevir si um Sakrament deelhuelen an duerch d’Hännopleeë vun den Eelste confirméiert ginn, sou datt alles seng Uerdnung huet.

69 An d’Membere solle virun der Kierch an och virun den Eelsten duerch gottgefällege Wandel an Ëmgang manifestéieren, datt si dovunner wierdeg sinn, fir datt et Wierker a Glawe gëtt, déi den hellege Schrëften entspriechen—andeems si an Hellegkeet virum Här wandelen.

70 Jiddwer Member vun der Kierch vum Christus, dat Kanner huet, soll dës zu den Eelste virun d’Gemeinschaft bréngen, an dës sollen hinnen am Numm vum Jesus Christus d’Hänn opleeën an si a sengem Numm séinen.

71 Kee kann an d’Kierch vum Christus opgeholl ginn, wann hien net d’Alter vun der Verantwortlechkeet viru Gott erreecht huet an zur Ëmkéiert fäeg ass.

72 D’Daf ass u jiddwerengem, deen ëmkéiert, op folgend Weis ze vollzéien:

73 Deejéinegen, dee vu Gott beruff ass a vum Jesus Christus d’Autoritéit huet ze deefen, soll mat deem, deen zur Daf komm ass, an d’Waasser erofklammen an, andeems hien e beim Numm nennt, spriechen: Beoptraagt vu Jesus Christus, deefen ech dech am Numm vum Papp a vum Jong a vum Hellege Geescht. Amen.

74 Da soll hien en an d’Waasser ënnerdauchen an erëm aus dem Waasser erophuelen.

75 Et ass conseilléiert, datt d’Gemeinschaft sech dacks versammelt, fir vum Brout a Wäin ze huelen, als Erënnerung vum Här Jesu;

76 an den Eelsten oder Priister soll d’Handlung administréieren; hie soll et op dës Manéier maachen: Hie soll mat der Gemeinschaft nidderknéien an de Papp a feierlechem Gebiet uruffen, nämlech:

77 O Gott, éiwege Papp, mir bieden dech am Numm vun dengem Jong, Jesus Christus, séin an helleg dëst Brout fir d’Séil vun all deenen, déi dovunner huelen, fir datt si als Erënnerung un de Leif vun dengem Jong iessen an dir, o Gott, éiwege Papp, temoignéieren, datt si gewëllt sinn, den Numm vun dengem Jong op sech ze huelen an ëmmer un hien ze denken a seng Geboter, déi hien hinne ginn huet, ze halen, fir datt säi Geescht ëmmer mat hinne wier. Amen.

78 D’Aart a Weis, de Wäin ze seenen: Hie soll och de Kellech huelen a spriechen:

79 O Gott, éiwege Papp, mir bieden dech am Numm vun dengem Jong, de Jesus Christus, séin an helleg dëse Wäi fir d’Séil vun all deenen, déi dovunner drénken, fir datt si et als Erënnerung un d’Blutt vun dengem Jong maachen, dat fir si vergoss gouf, fir datt si dir, o Gott, éiwege Papp, temoignéieren, datt si wierklech ëmmer un hien denken, fir datt säi Geescht mat hinne wier. Amen.

80 Wann ee Member vun der Kierch vum Christus eng Transgressioun begeet oder bei engem Feeltrëtt ugetraff gëtt, soll e mat him virgoen, wéi d’Schrëft et unuerdent.

81 D’Gemeinschaften, déi d’Kierch vum Christus bilden, sinn dofir zoustänneg, een oder méi vun hiren Instructeuren ze invitéieren, un den eenzele Konferenzen, déi vun den Eelste vun der Kierch ofgehale ginn, matzemaachen;

82 a si sollen eng Lëscht mat den Nimm vun den eenzele Membere matbréngen, déi sech zënter der leschte Konferenz mat der Kierch vereenegt hunn, oder ee Priister kann déi Lëscht bréngen, sou datt vun engem Eelsten, deen déi aner Eelste vun Zäit zu Zäit bestëmmen, ee richtegt Verzeechnes vun allen Nimm vun der ganzer Kierch an engem Buch gefouert ka ginn,

83 a wann een aus der Kierch ausgestouss ginn ass, fir datt säin Numm aus dem allgemenge Verzeechnes vun den Nimm vun der Kierch geläscht gëtt.

84 All Memberen, déi aus där Gemeinschaft fort ginn, wou si wunnen, kënnen, wann si an eng Gemeinschaft kommen, wou keen si kennt, ee Bréif mathuelen, wouranner bestätegt gëtt, datt si wierklech Memberen an a guddem Stand sinn; dës Bestätegung ka vun engem Eelsten oder Priister ënnerschriwwe ginn, wann him dee Member, wou de Bréif soll kréien, perséinlech bekannt ass, oder e ka vun den Instructeuren oder Diakone vun der Gemeinschaft ënnerschriwwe ginn.