Sektioun 6
Offenbarung dem Joseph Smith, dem Prophet, an dem Oliver Cowdery zu Harmonie, Pennsylvanien, am Abrëll 1829 ginn. Den Oliver Cowdery huet seng Aarbecht als Schreiwer bei der Iwwersetzung vum Buch vum Mormon de 7. Abrëll 1829 ugefaangen. Hien hat schonn eng gëttlech Manifestatioun vun der Wourecht vum Temoignage vum Prophet iwwer d’Placken, op deenen d’Opzeechnung vum Buch vum Mormon agravéiert war, kritt. De Prophet huet den Här duerch den Urim an den Thummim gefrot a krut dës Äntwert.
1–6, Aarbechter um Feld vum Här kréien d’Erléisung; 7–13, Et gëtt keng Gab, déi méi grouss ass wéi d’Gab vun der Erléisung; 14–27, En Temoignage vun der Wourecht kënnt duerch d’Muecht vum Geescht; 28–37, Kuckt op de Christus a maacht stänneg Guddes.
1 E grousst a wonnerbaart Wierk ass am Gaang, ënnert de Mënschekanner ervirzekommen.
2 Kuck, ech si Gott; Schenk mengem Wuert Beuechtung, dat lieweg a mächteg ass, méi schaarf wéi en zweeschneidegt Schwäert, fir d’Trennung vu Gelenker a Muerch; dofir schenk mengem Wuert Beuechtung.
3 Kuck, d’Feld ass scho wäiss fir d’Recolte; dofir, wie wëll recoltéieren, soll seng Séchel mat Muecht aschloen a recoltéieren, soulaang et nach Dag ass, fir datt hien, fir seng Séil, déi éiweg Erléisung am Kinnekräich vu Gott sammelt.
4 Jo, wien och ëmmer seng Séchel aschléit a recoltéiert, deen ass vu Gott beruff.
5 Dofir, wann s du mech frees, wäerts du empfänken; wann s du uklapps, wäert dir opgemaach ginn.
6 Wou s du elo gefrot hues, kuck, sou soen ech dir: Hal meng Geboter, a sich duerno, d’Saach vun Zion ervirzebréngen an opzeriichten.
7 Truecht net no Räichtum, mee no Weisheet, a kuck, d’Geheimnisser Gottes wäerten sech dir opdecken, an da wäerts du räich gemaach ginn. Kuck, wien éiwegt Liewen huet, ass räich.
8 Wierklech, wierklech, ech soen dir: Wéi s du et vu mir wënschs, sou soll et mat dir sinn; wann s du et wënschs, sou wäerts du de Mëttel sinn, an dëser Generatioun vill Guddes ze maachen.
9 Schwätz zu dëser Generatioun näischt ewéi nëmmen Ëmkéiert; hal meng Geboter, a sief hëllefsbereet, mäi Wierk no menge Geboter ervirzebréngen, da wäerts du geséint sinn.
10 Kuck, du hues eng Gab, a geséint bass du, wéinst denger Gab. Bedenk, se ass helleg a kënnt vun uewen—
11 A wann s du froe wëlls, sou solls du Geheimnisser kenneléieren, déi grouss a wonnerbar sinn; dofir solls du deng Gab ausüben, fir datt s du Geheimnisser erausfënns, fir datt s du der vill zum Wësse vun der Wourecht féiere kanns, jo, an si dovunner iwwerzeege kanns, datt hir Weeër falsch sinn.
12 Weis deng Gab kengem ausser deenen, déi vun dengem Glawe sinn. Géi mat Hellegem net liichtfäerteg ëm.
13 Wann s du Guddes méchs, jo, a bis zum Schluss trei bleifs, sou solls du am Kinnekräich Gottes gerett ginn, an dat ass déi gréisst vun alle Gabe Gottes; well et gëtt keng gréisser Gab ewéi d’Gab vun der Erléisung.
14 Wierklech, wierklech, ech soen dir: Geséint bass du dowéinst, wat s du gemaach hues; well du hues mech gefrot, a kuck, sou dacks wéi s du gefrot hues, hues du vu mengem Geescht Beléierungen empfaangen. Wär et net esou gewiescht, sou wäers du net dohinner komm, wou s du haut bass.
15 Kuck, du weess, datt s du mech gefrot hues an ech däi Verstand erliicht hunn; an elo deelen ech dir dëst mat, fir datt s du weess, datt s du duerch de Geescht vun der Wourecht erliicht gi bass.
16 Jo, ech soen dir, fir datt s du weess, datt et kee gëtt ausser Gott, deen deng Gedanken an deng Intentioune vum Häerz kennt.
17 Ech soen dir dëst als Temoignage fir dech—datt d’Wierder oder d’Wierk, déi s du geschriwwen hues, wouer sinn.
18 Dofir sief äifreg; stéi mengem Kniecht Joseph trei bäi, och wann hie wéinst dem Wuert an iergendwelleche schwieregen Ëmstänn ass.
19 Erman hien, wann hie Feeler mécht, an huel och vun him Ermanung un. Sief gedëlleg; sief seriö; sief moderéiert; hu Gedold, Glawen, Hoffnung an Nächsteléift.
20 Kuck, du bass den Oliver, an ech hu wéinst dénge Wënsch zu dir gesprach; dofir waach op dës Wierder an dengem Häerz wéi op ee Schatz. Sief trei an äifreg am Hale vun de Geboter Gottes, da wäert ech dech mat den Äerm vu menger Léift empfänken.
21 Kuck, ech sinn de Jesus Christus, de Jong vu Gott. Ech sinn dee selwechten, deen zu mengen Eegene komm ass, a meng Eegen hu mech net ugeholl. Ech sinn d’Liicht, dat an der Däischtert liicht, an d’Däischtert erfaasst et net.
22 Wierklech, wierklech, ech soen dir: Wann s du ee weideren Temoignage wënschs, dann denk un d’Nuecht zeréck, wou s du am Häerzen zu mir gejaut hues, du wéilts wëssen, ob dëst hei wouer wier.
23 Hunn ech dir net an dëser Ugeleeënheet Fridden zougesprach? Wat fir ee méi groussen Temoignage kanns du dann hunn ewéi ee vu Gott?
24 An elo kuck, du hues een Temoignage kritt; well wann ech dir eppes gesot hunn, wat kee Mënsch weess—hues du dann net een Temoignage kritt?
25 A kuck, ech ginn dir eng Gab, wann s du et vu mir wënschs, nämlech ze iwwersetzen, jo, wéi mäi Kniecht Joseph.
26 Wierklech, wierklech, ech soen dir: Et ginn Opzeechnungen, déi vill vu mengem Evangelium enthalen, an se si wéinst der Béist vun de Mënschen zeréckbehale ginn.
27 An elo kommandéieren ech dir: Wann s du gutt Wënsch hues—de Wonsch, Schätz unzesammelen am Himmel—da solls du mathëllefen, mat denger Gab déijéineg Deeler vu menge Schrëften un d’Liicht ze bréngen, déi wéinst den Ongerechtegkeete verstoppt gi sinn.
28 An elo kuck, ech ginn dir an och mengem Kniecht Joseph d’Schlëssele vun dëser Gab, déi dëse geeschtlechen Déngscht un d’Liicht brénge soll; an op dem Mond vun zwee oder dräi Zeie soll jiddwer Wuert stoen.
29 Wierklech, wierklech, ech soen dir: Wann si meng Wierder verwerfen an och dësen Deel vu mengem Evangelium a geeschtlechen Déngscht, sidd dir geséint, well si kënnen iech net méi Wéi doen ewéi mir.
30 A souguer wann si iech dat maachen, wat si mir gemaach hunn, sidd dir geséint, well dir wäert an Herrlechkeet bei mir wunnen.
31 Mee wann si meng Wierder net ofleenen, déi duerch den Temoignage, dee gi gëtt, bestätegt ginn, geséint sinn si, an da wäert dir Freed un der Fruucht vun ärer Aarbecht hunn.
32 Wierklech, wierklech, ech soen iech, wat ech och menge Jünger gesot hunn: Wou zwee oder dräi a mengem Numm versammelt sinn an dat selwecht am Sënn hunn, kuckt, da wäert ech matzen ënnert hinne sinn—an esou sinn ech matzen ënnert iech.
33 Hutt keng Angscht, Guddes ze maachen, meng Jongen; well wat och ëmmer dir séit, dat wäert dir och recoltéieren; dofir, wann dir Guddes séit, wäert dir als Belounung och Guddes recoltéieren.
34 Dofir fäert net, dir kleng Häerd; maacht Guddes; loosst d’Äerd an d’Hell sech géint iech verbannen, well wann dir op mengem Fiels gebaut sidd, kënnen si net gewannen.
35 Kuckt, ech verurteelen iech net; gitt äre Wee a sëndegt net méi; féiert mäi Wierk, dat ech iech gebueden hunn, mat Eescht aus.
36 Kuckt bei jiddwer Gedanken zu mir hin; zweiwelt net, fäert net.
37 Kuckt d’Wonn, déi duerch meng Säit geet, an och d’Wonne vun den Neel u mengen Hänn a Féiss; sidd trei, haalt meng Geboter, da wäert dir d’Himmelräich ierwen. Amen.