Sektioun 105
Offenbarung, ginn duerch de Prophet Joseph Smith, ongeféier véier Meilen nërdlech vum Floss Fëscher an der Grofschaft Clay, Missouri, den 22. Juni 1834. Ënnert der Leedung vum Prophet sinn d’Helleger aus Ohio an anere Géigenden an enger Expeditioun, déi spéider als Zion’s Camp bekannt war, op Missouri marschéiert. Hiren Zweck war et, déi Helleger ze schützen, déi aus hirem Land an der Jackson Grofschaft, Missouri, verdriwwe gi waren, nodeems d’Staatsmiliz d’Helleger an dës Lännereien zeréckbruecht hat. Nodeems de Gouverneur vu Missouri refuséiert huet, d’Staatsmiliz ze ruffen, fir den Hellegen ze hëllefen, krut de Joseph Smith dës Offenbarung.
1–5, Zion gëtt duerch Konformitéit mam himmlesche Gesetz opgebaut; 6–13, D’Erléisung vun Zion gëtt fir eng kuerz Zäit opgehuewen; 14–19, Den Här wäert d’Schluechte vun Zion kämpfen; 20–26, D’Helleger solle schlau sinn an sech net mat mächtege Wierker bretzen, wann si sech versammelen; 27–30, Lännereien zu Jackson an den ugrenzende Grofschafte solle kaaft ginn; 31–34, D’Eelste sollen eng Dotatioun am Haus vum Här zu Kirtland kréien; 35–37, Helleger, déi souwuel beruff wéi och gewielt sinn, gi gehellegt; 38–41, D’Helleger sollen der Welt e Fändel vum Fridden héichhiewen.
1 Wierklech, ech soen iech, déi dir iech versammelt hutt, fir mäi Wëllen a Bezuch op d’Erléisung vu mengem belagertem Vollek gewuer ze ginn:
2 Kuckt, ech soen iech: Ouni d’Iwwertriedunge vu mengem Vollek—an ech schwätzen do vun der Kierch an net vun eenzelen—kéint et schonn elo erléist sinn.
3 Awer kuckt, si hunn net geléiert, dat ze befollegen, wat ech vun hinne gefuerdert hunn, mee si si voll vun allerhand Béisem, a si gi vun hirem Besëtz den Aarmen an deenen an Nout näischt of, wéi et sech awer fir Helleger passe géif.
4 Si sinn sech net eeneg, nämlech no der Eenegkeet, déi d’Gesetz vum celestiale Räich fuerdert,
5 an Zion kann net aneschters gebaut gi wéi nëmmen no de Grondsätz vum Gesetz vum celestiale Räich; anerefalls kann ech et net bei mech huelen.
6 A mäi Vollek muss noutwendegerweis reprimandéiert ginn, bis et Follege léiert—wann et muss sinn, duerch dat, wat et leit.
7 Ech schwätzen net vun deenen, déi bestëmmt sinn, mäi Vollek ze féieren, déi déi éischt Eelste vu menger Kierch sinn; well si stinn net all ënnert dësem Scholdsproch;
8 mee ech schwätze vu mengen auswäertege Gemeinschaften; et ginn der vill do, déi soen: Wou ass dann hire Gott? Kuckt, hie wäert si scho befreien an der Zäit vun der Beonrouegung, soss gi mir net op Zion erop an halen eis Suen.
9 Am Hibléck op d’Iwwertriedunge vu mengem Vollek ass et mir dowéinst wënschenswäert, datt meng Eelsten eng kuerz Zäit laang op d’Erléisung vun Zion waarden,
10 fir datt si selwer sech prett maache kënnen a fir datt mäi Vollek nach méi vollkomme beléiert géif an Erfarung sammelt a seng Responsabilitéite souwéi dat, wat ech vun him verlaangen, nach méi vollkommen erkennt.
11 An dëst kann eréischt geschéien, wa meng Eelste mat Kraaft aus der Héicht equipéiert sinn.
12 Well kuckt, ech hunn eng grouss Dotatioun an eng grouss Seenung prett gemaach, deen iwwert si ausgeschott soll ginn, wann si trei sinn an sech weiderhi viru mir humiliéieren.
13 Dowéinst ass et mir wënschenswäert, datt meng Eelsten eng kuerz Zäit laang op d’Erléisung vun Zion waarden.
14 Well kuckt, ech fuerdere vun hinnen net, datt si d’Schluechte vun Zion schloen; well, wéi ech et scho fréier an engem Gebot gesot hunn, sou wëll ech et erfëllen: Ech wäert fir iech d’Schluechte schloen.
15 Kuckt, ech hunn den Zerstéierer erausgeschéckt, datt hie meng Feinde vernicht an zerstéiert; an an e puer Jore wäerte keng méi iwwreg sinn, mäin Ierfdeel ze veronrengegen a mäin Numm an deem Land ze verleumden, dat ech fir d’Sammlung vu mengen Helleger geweit hunn.
16 Kuckt, ech hu mengem Kniecht Joseph Smith Jr. gebueden, der Stäerkt vu mengem Haus, nämlech menge Krieger, menge jonke Männer an deene vu mëttlerem Alter, ze soen, datt si sech zur Erléisung vu mengem Vollek versammelen a menge Feinden d’Tierm ëmgeheien an hir Wiechter zerstreeë sollen;
17 awer d’Stäerkt vu mengem Haus huet net op meng Wierder héieren.
18 Wou et awer trotzdeem e puer ginn, déi op meng Wierder héieren hunn, hunn ech eng Seenung an eng Dotatioun fir si prett, wann si weiderhin trei bleiwen.
19 Ech hunn hir Gebieder héieren a wëll hiert Affer unhuelen, an et ass mir wënschenswäert, si sou wäit ze bréngen, fir hire Glawen ze préiwen.
20 An elo, wierklech, ech soen iech: Ech ginn iech d’Gebot, datt alleguerten, déi heihinner komm sinn an am Gebitt ronderëm bleiwe kënnen, hei bleiwe sollen;
21 an déijéineg, déi net bleiwe kënnen, déi hir Famill am Osten hunn, sollen eng kuerz Zäit laang bleiwen, wéi et mäi Kniecht Joseph fir si bestëmme wäert;
22 well ech wäert hien an dëser Hisiicht beroden, an alles, wat hie fir si bestëmmt, wäert sech erfëllen.
23 An alles Vollek, dat am Gebitt ronderëm wunnt, soll ganz trei sinn, soll vill bieden a bescheide si viru mir, an näischt vun deem offenbaren, wat ech em offenbaart hunn, bis et no menger Weisheet offenbaart soll ginn.
24 Schwätzt net vu Riichterspréch, a bretzt iech och net mat Glawen a mächtege Wierker, mee sammelt iech virsiichteg, wa méiglech an engem eenzege Gebitt, wéi et mat de Gefiller vun de Mënsche kompatibel ass.
25 Kuckt, da wäert ech et ginn, datt dir an hiren Ae Gonscht a Gnod genéisst, fir datt dir a Fridden a Sécherheet sidd, wärend dir zu de Mënsche sot: Üübt Rechtsspriechung a Gerechtegkeet fir eis nom Gesetz, a maacht déi eis gemaachen Ongerechtegkeet erëm gutt.
26 Elo kuckt, ech soen iech, meng Frënn: Op dës Weis kënnt dir an den Ae vum Mënsch Gonscht kréien, bis d’Arméi vun Israel ganz grouss wäert sinn.
27 An ech wëll de Mënschen d’Häerz erweeche wéi deemools dem Pharao, vun Zäit zu Zäit, bis mäi Kniecht Joseph Smith Jr. a meng Eelsten, déi ech bestëmmt hunn, Zäit wäerten hunn, d’Stäerkt vu mengem Haus ze sammelen
28 a weis Männer kommen ze loossen, déi erfëlle sollen, wat ech gebueden hunn, nämlech a Bezuch op den Ukaf vun all Land, dat an der Jackson Grofschaft an an den ugrenzende Grofschafte ronderëm kaaft ka ginn.
29 Well et ass mäi Wëllen, datt dëst Land kaaft gëtt; a soubal et kaaft ass, solle meng Helleger et nom Engagement laut de Gesetzer, déi ech ginn hunn, besëtzen.
30 An soubal dëst Land kaaft ass, wäert ech d’Arméie vun Israel als onschëlleg uechten, wann si hiert eegent Land a Besëtz huelen, dat si virdru mat hire Sue kaaft hunn, an d’Tierm vu menge Feinden ëmstierzen, déi doropper stoe géifen, an hir Wiechter zerstreeën a mech u menge Feinde räche bis zur drëtten a véierte Generatioun vun deenen, déi mech haassen.
31 Loosst mech awer als éischt meng Arméi ganz grouss ginn, a loosst et sech viru mir hellegen, fir datt et ouni Feeler gëtt wéi d’Sonn a kloer wéi de Mound a fir datt seng Banner allen Natiounen ee Schrecke wier,
32 fir datt d’Räicher vun dëser Welt zu der Unerkennung gedrängt ginn, datt d’Räich Zion tatsächlech d’Räich vun eisem Gott a sengem Christus ass; dofir wëlle mir eis de Gesetzer vun Zion ënnerwerfen.
33 Wierklech, ech soen iech: Et ass mir wënschenswäert, datt déi éischt Eelste vu menger Kierch hir Dotatioun aus der Héicht empfänken, an zwar a mengem Haus, dat am Land Kirtland mengem Numm gebaut soll ginn, wéi ech et gebueden hunn.
34 An déi Geboter, déi ech a Bezuch op Zion a säi Gesetz ginn hunn, sollen no senger Erléisung ausgefouert an erfëllt ginn.
35 Et war eng Zäit vum Beruffen, mee elo ass d’Zäit komm fir ze wielen; a loosst déi gewielt ginn, déi wierdeg sinn.
36 An duerch d’Stëmm vum Geescht wäerte mengem Kniecht déijéineg manifestéiert ginn, déi gewielt gi sinn; a si solle gehellegt ginn;
37 a wann si de Rotschlag befollegen, deen si empfänken, wäerten si no villen Deeg d’Muecht hunn, alles ze vollbréngen, wat Zion betrëfft.
38 An nach eng Kéier soen ech iech: Biet fir Fridden, an zwar net nëmme bei deenen, déi iech geschloen hunn, mee bei all Mënschen,
39 an hieft ee Friddensbanner héich, a loosst un d’Enne vun der Äerd eng Friddensukënnegung goen;
40 maacht deenen, déi iech geschloen hunn, Friddensvirschléi no der Stëmm vum Geescht, deen an iech ass, da wäert sech fir iech alles zum Gudden auswierken.
41 Dofir sidd trei; a kuckt do, ech si bei iech bis un d’Enn. Jo. Amen.