Sektioun 79
Offenbarung, ginn duerch de Prophet Joseph Smith, zu Hiram, Ohio, den 12. Mäerz 1832.
1–4, De Jared Carter gëtt vum Tréischter beruff, d’Evangelium ze priedegen.
1 Wierklech, ech soen dir: Et ass mäi Wëllen, datt mäi Kniecht Jared Carter erëm an d’Oststaate geet, vun Uert zu Uert a vu Stad zu Stad, an zwar mat der Muecht vun der Veruerdnung, woumat hien veruerdent ginn ass, an déi frou Noriicht vu grousser Freed verkënnegt, nämlech dat éiwegt Evangelium.
2 An ech wäert den Tréischter op hien erof schécken, datt en him d’Wourecht léiert an him de Wee weist, deen hie goe soll;
3 a wann hien trei ass, wäert ech hien erëm mat Garbe kréinen.
4 Dofir looss däin Häerz frou sinn, mäi Kniecht Jared Carter, a fäert net, sprécht däin Här, jo, de Jesus Christus. Amen.