Scriptures
D’Doktrinn an d’Allianzen 36


Sektioun 36

Offenbarung, déi duerch de Prophet Joseph Smith dem Edward Partridge, bei Fayette, New York, den 9. Dezember 1830 gi gouf (kuckt d’Iwwerschrëft vun der Sektioun 35). D’Geschicht vum Joseph Smith seet, datt den Edward Partridge „e Virbild vu Frëmmegkeet war, an ee vun de grousse Männer vum Här.“

1–3, Den Här leet Seng Hand op den Edward Partridge duerch d’Hand vum Sidney Rigdon; 4–8, Jiddwer Mann, deen d’Evangelium an d’Priistertum empfänkt, soll beruff ginn, erauszegoen an ze priedegen.

1 Sou seet den Här Gott, de Mächtege vun Israel: Kuck, ech soen dir, mäi Kniecht Edward: Geséint bass du, an deng Sënde sinn dir verzien, an du bass beruff, mäin Evangelium wéi mat der Stëmm vun enger Trompett ze priedegen;

2 an ech wäert dir meng Hand opleeën duerch d’Hand vu mengem Kniecht Sidney Rigdon, an du solls mäi Geescht empfänken, den Hellege Geescht, jo, den Tréischter, deen dech dat Friddlecht vum Räich léiere wäert;

3 an du solls et mat haarder Stëmm verkënnegen, nämlech: Hosanna, geséint sief den Numm Gottes, dem Allerhéchsten.

4 An elo ginn ech dir dës Beruffung an dëst Gebot hisiichtlech alle Mënschen:

5 Alleguerten, déi zu menge Kniechte Sidney Rigdon a Joseph Smith Jr. kommen an dës Beruffung an dëst Gebot unhuelen, sollen ordinéiert a rausgeschéckt ginn, ënnert den Natiounen dat éiwegt Evangelium ze priedegen—

6 zur Ëmkéiert ze ruffen, nämlech: Rett iech aus dëser haartnäckeger Generatioun, kommt eraus aus dem Feier, an haasst souguer dat Kleed, dat befleckt ass vum Fleesch.

7 An den Eelste vu menger Kierch soll dëst Gebot gi ginn: Jiddwereen, deen et mat Serenitéit vum Häerz unhëlt, kann ordinéiert a rausgeschéckt ginn, wéi ech et gesot hunn.

8 Ech sinn de Jesus Christus, de Jong vu Gott; dofir maacht iech prett, da wäert ech plëtzlech zu mengem Tempel kommen. Jo. Amen.