Sektioun 112
Offenbarung, déi duerch de Prophet Joseph Smith dem Thomas B. Marsh, President vum Quorum vun den Zwielef Apostelen, zu Kirtland, Ohio, den 23. Juli 1837 gi gouf. Zu dëser Zäit gouf et bedeitend Oneenegkeet an der Kierch iwwer d’Leedung vum Joseph Smith, och ënnert e puer vun den Apostelen. An de Méint ier dës Offenbarung gi gouf, hat den Thomas B. Marsh geschafft, fir de Konflikt tëscht de Leader vun der Kierch ofzeschléissen an d’Apostelen ze vereenegen.
1–10, Déi Zwielef sollen d’Evangelium schécken an d’Stëmm vun der Warnung un all Natiounen a Vëlker erhiewen; 11–15, Si sollen hiert Kräiz op sech huelen, dem Jesus nokommen a Seng Schof ernären; 16–20, Déi, déi déi Éischt Presidentschaft kréien, kréien den Här; 21–29, Däischtert bedeckt d’Äerd, an nëmmen déi, déi gleewen a gedeeft ginn, gi gerett; 30–34, Déi Éischt Presidentschaft an déi Zwielef halen d’Schlëssele vun der Dispensatioun vun der Fëllt vun den Zäiten.
1 Wierklech, sou seet den Här zu dir, mäi Kniecht Thomas: Ech hunn deng Gebieder héieren, an deng Almosen si wéi eng Erënnerung bei mech erop komm, nämlech fir déijéineg vun denge Bridder, déi gewielt gi sinn, vu mengem Numm Temoignage ze ginn an dëst eraus ze schécken un all Natiounen, Geschlechter, Sproochen a Vëlker, an déi duerch meng Kniechten veruerdent gi sinn.
2 Wierklech, ech soen dir: Et hunn an dengem Häerz a bei dir e puer Saache ginn, wouranner ech, den Här, kee Wuelgefalen hunn.
3 Mee well s du dech erniddregt hues, solls du erhéicht ginn; dofir sinn dir all deng Sënde verzien.
4 Looss däin Häerz couragéis si viru mengem Gesiicht; an du solls vu mengem Numm Temoignage ginn, net nëmmen den Aneren, mee och de Judden; an du solls mäi Wuert erausschécke bis un d’Enne vun der Äerd.
5 Dofir streng dech un, Mueren ëm Mueren, an Dag ëm Dag looss deng warnend Stëmm kléngen; a wann d’Nuecht kënnt, looss d’Bewunner vun der Äerd wéinst denger Ried net schlummeren.
6 Looss bekannt sinn, datt deng Wunneng an Zion ass, an zéi mat dengem Haus net ewech; well ech, den Här, hunn ee grousst Wierk fir dech ze maachen, nämlech mäin Numm ënnert de Mënschekanner bekannt ze maachen.
7 Dofir do dir de Rimm u fir d’Wierk. Looss och deng Féiss Schong un hunn, well du bass gewielt, an däi Pad läit an de Bierger a bei villen Natiounen.
8 An duerch däi Wuert wäerte vill Héijer erniddregt ginn, a vill Niddreger wäerten duerch däi Wuert erhéicht ginn.
9 Deng Stëmm soll eng Strof fir den Iwwertrieder sinn; a bei denger Strof soll d’Perversitéit vun der Zong vum Verleumder ophalen.
10 Sief bescheiden, da wäert den Här, däi Gott, dech un der Hand féieren an dir op deng Gebieder Äntwert ginn.
11 Ech kennen däin Häerz an hunn deng Gebieder a Bezuch op deng Bridder héieren. Sief net parteiesch géint si, andeems du si méi gären hues wéi vill anerer, mee looss deng Léift zu hinnen sou si wéi zu dir selwer; a looss deng Léift fir all Mënschen a fir alleguerten, déi mäin Numm gären hunn, räichlech do sinn.
12 A biet fir deng Bridder vun den Zwielef. Warn si mat Däitlechkeet wéinst mengem Numm, an zwar sollen si wéinst all hire Sënde ermaant ginn, a sidd mengem Numm trei viru mir.
13 An nodeems si Versuchungen a vill Tribulatiounen erlieft wäerten hunn, kuck, da wäert ech, den Här, hinnen no spieren, a wann si hiert Häerz net verhäerten an net tockskäppeg gi géint mech, sou wäerten si sech bekéieren, an ech wäert si heelen.
14 Elo soen ech dir, a wat ech dir soen, dat soen ech allen Zwielef: Hieft iech a maacht iech prett, huelt äert Kräiz op iech, kommt mir no a fiddert meng Schof.
15 Erhieft iech net selwer; rebelléiert iech net géint mäi Kniecht Joseph op; well wierklech, ech soen iech: Ech si mat him, a meng Hand wäert iwwert him sinn; an d’Schlësselen, déi ech him an och un iech ginn hunn, wäerten net vun him geholl ginn, bis ech kommen.
16 Wierklech, ech soen dir, mäi Kniecht Thomas: Du bass dee Mann, deen ech gewielt hunn, d’Schlëssele vu mengem Räich ze halen, an zwar wat déi Zwielef betrëfft, auswäerts, ënnert allen Natiounen,
17 fir datt s du mäi Kniecht wiers an iwwerall do, wouhinner mäi Kniecht Joseph a mäi Kniecht Sidney a mäi Kniecht Hyrum net komme kënnen, d’Dier vu mengem Räich opméchs;
18 well op si hunn ech fir eng kuerz Zäit d’Laascht vun alle Gemeinschafte geluecht.
19 Dofir géi iwwerall hin, wouhinner si dech schécken, an ech wäert mat dir sinn; a wou och ëmmer du mäin Numm verkënnegs, do wäert sech dir eng Dier zum Erfolleg opmaachen, sou datt d’Mënsche mäi Wuert empfänke kënnen.
20 Wien mäi Wuert empfänkt, deen empfänkt mech, a wien mech empfänkt, deen empfänkt déi—déi Éischt Presidentschaft, déi ech geschéckt hunn an déi ech wéinst mengem Numm zu Conseillere fir dech gemaach hunn.
21 A weider, ech soen dir: Wien och ëmmer a mengem Numm vun iech erausgeschéckt gëtt, nämlech duerch d’Stëmm vun denge Bridder, den Zwielef, a vun iech uerdnungsgemäss recommandéiert an ermächtegt ass, wäert d’Muecht hunn, d’Dier vu mengem Räich allen Natiounen opzemaachen, zu deenen dir si schécke wäert,
22 souwäit si sech viru mir humiliéieren an a mengem Wuert aushalen an op d’Stëmm vu mengem Geescht héieren.
23 Wierklech, wierklech, ech soen dir: Däischtert bedeckt d’Äerd an déif Däischtert de Verstand vun de Mënschen, an all Fleesch ass viru mengem Gesiicht verduerwe ginn.
24 Kuck, d’Vergeltung kënnt schnell iwwer d’Bewunner vun der Äerd, een Dag vun der Roserei, een Dag vu Brennen, een Dag vu Verwüüstung, vu Kräischen, vun Traueren a vu Kloen; an ewéi een Hurrikan wäert et iwwer d’ganz Fläch vun der Äerd kommen, seet den Här.
25 An u mengem Haus wäert et ufänken, a vu mengem Haus wäert et ausgoen, sprécht den Här.
26 Als éischt bei deene vun iech, sprécht den Här, déi virginn hunn, mäin Numm ze kennen an déi mech matzen a mengem Haus verleumden, sprécht den Här.
27 Dofir kuckt, datt dir iech wéinst den Ugeleeënheete vu menger Kierch net beonrouegt, sprécht den Här.
28 Mee maacht viru mir äert Häerz reng; an da gitt eraus an all Welt, a priedegt mäin Evangelium jiddwer Kreatur, dat et nach net empfaangen huet;
29 a wie gleeft a sech deefe léisst, wäert gerett ginn, a wien net gleeft a sech net deefe léisst, wäert verdaamt ginn.
30 Well iech, den Zwielef, an deenen—der Éischte Presidentschaft, déi mat iech bestëmmt ginn ass, datt se iech Rot gëtt a féiert—ass d’Muecht vun dësem Priistertum ginn, an zwar an de leschten Deeg an an der leschten Zäit, wouranner d’Dispensatioun an der Fëllt vun den Zäite stattfënnt,
31 déi Muecht, déi dir haalt, zesumme mat all deenen, déi zanter dem Ufank vun der Schëpfung zu iergendenger Zäit eng Dispesnsatioun empfaangen hunn;
32 Well wierklech, ech soen iech: D’Schlëssele vun dëser Dispensatioun, déi dir empfaangen hutt, si vun de Pappen erof op iech komm an als lescht vum Himmel erof geschéckt ginn.
33 Wierklech, ech soen iech: Kuckt, wéi grouss ass dach är Beruffung. Maacht iech d’Häerz an d’Kleeder propper, fir datt net d’Blutt vun dëser Generatioun vun iech gefuerdert gëtt.
34 Sidd trei, bis ech kommen, ech kommen nämlech schnell; a mäi Loun bréngen ech mat, fir jiddwer Mënsch no senge Wierker ze ginn. Ech sinn den Alpha an den Omega. Amen.