Sektioun 125
Offenbarung, ginn duerch de Prophet Joseph Smith am Mäerz 1841 zu Nauvoo an Illinois; se betrëfft déi Helleg am Territoire vun Iowa.
1–4, D’Helleger solle Stied bauen an sech an de Péil vun Zion versammelen.
1 Wat ass de Wëlle vum Här a Bezuch op déi Helleg am Territoire vun Iowa?
2 Wierklech, sou seet den Här: Ech soen iech: Wann déijéineg, déi sech no mengem Numm nennen a sech bestriewen, meng Helleger ze sinn—wann si mäi Wëlle maachen a meng Geboter, déi ech a Bezuch op si ginn hunn, hale wëllen, da sollen si sech un deenen Uerte sammelen, déi ech hinnen duerch mäi Kniecht Joseph bestëmme wäert, a si solle mengem Numm Stied bauen, fir datt si prett wiere fir datt, wat d’Zukunft brénge wäert.
3 Si sollen op deem Land géigeniwwer der Stad Nauvoo mengem Numm eng Stad bauen, a se soll mam Numm Zarahemla genannt ginn.
4 An alleguerten, déi vun Osten a Westen, vun Norden a Süde kommen an de Wonsch hunn, doranner ze wunnen, sollen do hir Ierfschaft iwwerhuelen, a genausou an der Stad Nashville oder an der Stad Nauvoo an an alle Péil, déi ech bestëmmt hunn, sprécht den Här.