Scriptures
D’Doktrinn an d’Allianzen 56


Sektioun 56

Offenbarung, ginn duerch de Prophet Joseph Smith, zu Kirtland, Ohio, de 15. Juni 1831. Dës Offenbarung bestrooft den Ezra Thayre, well hien eng fréier Offenbarung (dat „Gebot“, op dat am Vers 8 higewisen ass) net gefollegt huet, déi de Joseph Smith fir hie kritt hat, an där hien den Thayre iwwer seng Flichten um Bauerenhaff vum Frederick G. Williams instruéiert huet, wou hie gewunnt huet. Déi follgend Offenbarung widderhëlt och dem Thayre säi Ruff, fir mam Thomas B. Marsh op Missouri ze reesen (kuckt Sektioun 52:22).

1–2, D’Helleger mussen hiert Kräiz ophuelen an dem Här nogoen, fir d’Erléisung ze kréien; 3–13, Den Här befielt a widderhëlt, an déi, déi net follegen, ginn ausgestouss; 14–17, Wéi de Räichen, déi den Aarmen net hëllefen, a Wéi de Aarmen, deenen hiert Häerz net gebrach ass; 18–20, Geséint sinn déi Aarm, déi reng am Häerz sinn, well si wäerten d’Äerd ierwen.

1 Lauschtert, o dir Vollek, déi dir mäin Numm bekennt, schwätzt den Här, äre Gott: well kuckt, meng Roserei ass géint d’Rebellen entflaamt, a si solle mäin Aarm a meng Entrëschtung um Dag vun der Heemsichung a vun der Roserei iwwer d’Natioune kenneléieren.

2 A wien net säi Kräiz op sech huelen a mir nofollegen a meng Geboter hale wëll, dee wäert net erléist ginn.

3 Kuckt, ech, den Här, kommandéieren: a wien net follegt, dee wäert zu där vu mir bestëmmten Zäit ofgeschnidde ginn, nodeems ech kommandéiert hunn an d’Gebot gebrach ginn ass.

4 Dofir kommandéieren an zéien ech, den Här, zeréck, wéi et mir gutt schéngt; an dat alles soll op de Kapp vum Géigner zeréckfalen, schwätzt den Här.

5 Dofir zéien ech d’Gebot zeréck, dat menge Kniechten Thomas B. Marsh an Ezra Thayre gi ginn ass, a gi mengem Kniecht Thomas dat neit Gebot, sech schnell nom Land Missouri op de Wee ze maachen, a mäi Kniecht Selah J. Griffin soll och mat him goen.

6 Well kuckt, ech zéien d’Gebot zeréck, dat menge Kniechte Selah J. Griffin an Newel Knight gi ginn ass, an zwar als Resultat vun der Tockskäppegkeet vu mengem Vollek, dat zu Thompson ass, a hire Rebelliounen.

7 Dofir soll mäi Kniecht Newel Knight bei hinne bleiwen; an alleguerten, déi goe wëllen, kënne goen, souwäit si viru mir bedaueren, a kënnen sech vun him no deem Land féiere loossen, dat ech bestëmmt hunn.

8 A weider, wierklech, ech soen iech: Mäi Kniecht Ezra Thayre muss vu sengem Stolz a sengem Egoismus ëmkéieren an de fréiere Geboter follegen, déi ech him a Bezuch op den Uert, un deem hie wunnt, ginn hunn.

9 A wann hien dëst mécht, sou ass hien—well jo am Land keng Deelung virgeholl soll ginn—nach ëmmer bestëmmt, nom Land Missouri ze goen;

10 soss awer soll hien déi Suen empfänken, déi hie bezuelt huet, an den Uert verloossen, an hie soll vu menger Kierch ofgeschnidde ginn, schwätzt de Här Gott vun den Arméien;

11 a wann och den Himmel an d’Äerd vergoen, sou wäerten dës Wierder awer net vergoen, mee sech erfëllen.

12 A wa mäi Kniecht Joseph Smith Jr. noutwennegerweis déi Sue bezuele muss, sou wëll ech, den Här, et him am Land Missouri zeréckbezuelen, fir datt déijéineg, vun deenen hien et empfänkt, no deem, wat si maachen, belount kënne ginn.

13 Well no deem, wat si maachen, wäerten si empfänken, nämlech Lännereien als Ierfschaft.

14 Kuckt, sou seet den Här zu mengem Vollek: Et gëtt vill, wat dir maache musst a wouvunner dir ëmkéiere musst; well kuckt, är Sënden si viru mech eropkomm a ginn net verzien, well dir duerno sicht, nëmmen op är eege Weis Rotschléi ze ginn.

15 An am Häerz sidd dir net zefridden. An dir follegt net der Wourecht, mee hutt Gefalen un Ongerechtegkeet.

16 Wéi iech Räichen, déi dir äre Besëtz net den Aarme wëllt ginn; well äre Räichtum wäert iech d’Séil zerfriessen, an um Dag vun der Heemsichung a vum Geriicht a vun der Entrëschtung wäert dëst är Klo sinn: D’Recolte ass eriwwer, de Summer ass um Enn, a meng Séil ass net erléist!

17 Wéi iech Aarmen, deenen d’Häerzer net berouegt sinn, deenen hir Geeschter net bedaueren an deenen hire Bauch onzefridden ass an deenen hir Hänn sech net dovunner zeréckhale loossen, d’Wuere vun aner Mënschen u sech ze räissen, deenen d’Aen voller Habgier sinn an déi net mat den eegenen Hänn schaffe wëllen!

18 Awer geséint sinn déi Aarm, déi am Häerz reng sinn, deenen hier Häerzer berouegt sinn, an deenen hir Geeschter zerknirscht sinn, well si wäerte gesinn, wéi d’Kinnekräich vu Gott mat Muecht a grousser Herrlechkeet kënnt, si ze befreien; well de fette Rendement vun der Äerd soll hinne gehéieren.

19 Well kuckt, den Här wäert kommen, a seng Vergeltung wäert mat him sinn; an hie wäert jiddweree belounen, an déi Aarm wäerten sech freeën;

20 an hir Generatioune wäerten d’Äerd ierwen, vu Generatioun zu Generatioun, fir ëmmer an ëmmer. An elo halen ech op, zu iech ze schwätzen. Jo. Amen.