Sektioun 21
Offenbarung, déi dem Joseph Smith dem Prophet zu Fayette, New York, de 6. Abrëll 1830 gi gouf. Dës Offenbarung gouf bei der Organisatioun vun der Kierch um genannten Datum am Haus vum Peter Whitmer Sr. ginn. Sechs Männer, déi virdru gedeeft gi waren, hunn deelgeholl. Mat allgemenger Stëmm hunn dës Persounen hire Wonsch an hir Entschlossenheet ausgedréckt, sech nom Gebot vu Gott ze organiséieren (kuckt Sektioun 20). Si hunn och ofgestëmmt, de Joseph Smith Jr. an den Oliver Cowdery als presidéierend Offizéier vun der Kierch unzehuelen an ze ënnerstëtzen. Duerch d’Opleeë vun den Hänn huet de Joseph den Oliver dann zum Eelste vun der Kierch geweit, an den Oliver huet de Joseph änlech geweit. Nodeems de Sakrament administréiert gouf, hunn de Joseph an den Oliver de Participanten eenzel d’Hänn opgeluecht fir hinnen den Hellege Geescht ze spenden a fir all eenzelnen als Member vun der Kierch ze confirméieren.
1–3, De Joseph Smith gëtt beruff als Seher, Iwwersetzer, Prophet, Apostel an Eelsten; 4–8, Säi Wuert wäert d’Saach vun Zion leeden; 9–12, Déi Helleg wäerte senge Wierder gleewen, wann hien duerch den Tréischter schwätzt.
1 Kuck, ee Bericht soll vun iech gefouert ginn, an doranner solls du ee Seher genannt ginn, een Iwwersetzer, ee Prophet, een Apostel vum Jesus Christus, een Eelste vun der Kierch nom Wëlle Gottes, dem Papp, an duerch d’Gnod vun dengem Här Jesus Christus,
2 well du gëss vum Hellege Geescht inspiréiert, hire Grond ze leeën an si zu héchst hellegem Glawen opzebauen.
3 Dës Kierch gouf am Joer vum Här uechtzénghonnertdrësseg, am véierte Mount, um sechsten Dag vum Mount, deen Abrëll heescht, gegrënnt an organiséiert.
4 Dofir solls du, nämlech d’Kierch, all senge Wierder a Geboter Beuechtung schenken, déi hien dir gi wäert, wéi hien se empfänkt, andeems hien an aller Hellegkeet viru mir wandelt.
5 Well säi Wuert sollt dir empfänken, wéi wann et aus mengem eegene Mond kéim, voller Gedold a Glawen;
6 well wann dir dat maacht, wäerten d’Paarte vun der Hell sech net duerchsetze kënne géint iech; jo, an den Här Gott wäert d’Muecht vun der Däischtert virun iech zerstreeën an d’Himmele wéinst iech a wéinst der Herrlechkeet vu sengem Numm biewe loossen.
7 Well esou seet den Här Gott: Hien hunn ech inspiréiert, datt hien dem Zion seng Saach mat mächteger Muecht zum Gudde féiert, a säin Äifer kennen ech, a seng Gebieder hunn ech héieren.
8 Jo, säi Kräischen ëm Zion hunn ech gesinn, an ech wëll maachen, datt hien net méi laang dowéinst trauert; well seng Deeg vum Freeën si komm, andeems him seng Sënde verzie ginn an et offensichtlech gëtt, datt mäi Seegen op senge Wierker rout.
9 Well kuck, ech wäert all déijéineg, déi a mengem Wéngert schaffen, mat mächtegem Seege séinen, a si wäerte senge Wierder gleewen, déi him duerch mech vum Tréischter gi wäerten, an dëse weist, datt de Jesus vu sëndege Mënsche fir d’Sënde vun der Welt gekräizegt ginn ass, jo, fir datt engem zerknirschtem Häerzen d’Sënde verzie kënne ginn.
10 Dofir gefält et mir, datt hie vun dir, Oliver Cowdery, mäin Apostel, ordinéiert gëtt;
11 an dëst ass fir dech eng Veruerdnung, datt s du ënnert senger Hand een Eelste bass, an hien ass fir dech den éischten, fir datt s du fir dës Kierch vum Christus, déi mäin Numm dréit, een Eelste bass—
12 den éischte Priedeger vun dëser Kierch fir d’Kierch a virun der Welt, jo, virun den Aneren; jo, sou seet den Här Gott: Kuck, kuck! och fir d’Judden. Amen.