Scriptures
D’Doktrinn an d’Allianzen 92


Sektioun 92

Offenbarung, déi dem Joseph Smith dem Prophet zu Kirtland, Ohio, de 15. Mäerz 1833 ginn ass. D’Offenbarung instruéiert de Frederick G. Williams, dee viru kuerzem als Beroder vum Joseph Smith ernannt gi war, iwwer seng Aufgaben an der United Firm (kuckt d’Iwwerschrëften zu de Sektiounen 78 an 82).

1–2, Den Här gëtt e Gebot iwwer d’Zouloossung zur vereenegten Uerdnung.

1 Wierklech, sou seet den Här: Ech ginn der vereenten Uerdnung, déi konform mat deem virdrun accordéiertem Gebot organiséiert ginn ass, eng Offenbarung an ee Gebot a Bezuch op mäi Kniecht Frederick G. Williams, nämlech datt dir hien an d’Uerdnung ophuele sollt. Wat ech engem soen, dat soen ech allen.

2 A weider soen ech dir, mäi Kniecht Frederick G. Williams: Du solls an dëser Uerdnung een aktive Member sinn; an sou wäit du am Hale vun alle fréiere Geboter trei bass, wäerts du geséint si fir ëmmer. Amen.