Sektioun 122
D’Wuert vum Här un de Joseph Smith, de Prophet, wéi hien e Prisonéier am Prisong zu Liberty, Missouri, war. Dësen Deel ass en Auszuch aus engem Epistel un d’Kierch, deen ëm den 22. Mäerz 1839 geschriwwe gouf.
1–4, D’Enn vun der Äerd wäerten nom Numm vum Joseph Smith froen; 5–7, All seng Geforen a Schwieregkeete wäerten him Erfarung ginn a fir säi Gutt sinn; 8–9, De Jong vum Mënsch ass ënner all dës erof gestigen.
1 D’Enne vun der Äerd wäerten no dengem Numm froen, a Gecke wäerten dech verspotten, an d’Hell wäert géint dech rose sinn,
2 wärend déi, déi am Häerz reng sinn, déi Weis an den Adel an déi, déi voller Dugend sinn, bestänneg no Rot an Autoritéit a Seenunge vun dir siche wäerten.
3 An däi Vollek wäert sech nimools op den Temoignage vu Verréider hin géint dech wennen.
4 A wann och hiren Afloss dech an Onbequeemlechkeet an hanner Gitter a Prisongsmauere brénge wäert, wäerts du awer an Éiere gehale ginn, an iwwert eng kleng Zäit wäert deng Stëmm matze bei denge Feinde méi schrecklech si wéi ee wëlle Léif, wéinst denger Gerechtegkeet; an däi Gott wäert zu dir stoe fir ëmmer an ëmmer.
5 Wa vun dir gefuerdert gëtt, Tribulatioun duerchzemaachen, wann s du ënner falsche Bridder a Gefor bass, wann s du ënner Raiber a Gefor bass, wann s du um Land oder um Mier a Gefor bass,
6 wann s du mat falsche Beschëllegunge vun all Zort beschëllegt gëss, wann deng Feinden iwwer dech hierfalen, wann si dech aus der Gesellschaft vun dengem Papp an denger Mamm an denge Bridder a Schwësteren ewech räissen a wann deng Feinden dech mat blénkegem Schwäert vum Häerz vun denger Fra an denge Kanner ewech räissen an däin eelste Jong, eréischt sechs Joren al, sech un deng Kleeder klammert a seet: Mäi Papp, mäi Papp, firwat kanns du net bei ons bleiwen? O mäi Papp, wat wäerten déi Männer mat dir maachen?, a wann hien da mam Schwäert vun dir ewechgestouss gëtt an du an de Prisong geschleeft gëss an deng Feinden dech ëmschläiche wéi Wëllef, déi op d’Blutt vum Lämmchen aus sinn,
7 a wann s du an de Gruef geworf gëss oder Mäerder an d’Hänn fale solls a wann d’Doudesurteel iwwer dech gesprach sollt ginn, wann s du an d’Déift gehäit gëss, wann de schaimende Séi sech géint dech verschwiert, wann de rosene Wand däi Feind gëtt, wann sech um Himmel Däischtert zesummenzitt an all Elementer sech alliéieren, dir de Wee ze verleeën, jo, méi nach, wa souguer d’Hell seng Maul wäit opräisst no dir—da weess, mäi Jong, datt dëst alles dir Erfarung bréngen an dir zum Gudden dénge wäert.
8 De Jong vum Mënsch ass vun all deenen erofgestiigen. Bass du méi grouss wéi hien?
9 Dofir hal op dengem Wee aus, an d’Priistertum wäert bei dir verbleiwen; well hir Grenzen si festgesat, si kënnen net doriwwer eraus. Deng Deeg si bekannt, an denge Jore wäert näischt ofgerechent ginn; dofir fäert net, wat Mënsche maache kënnen, well Gott wäert mat dir si fir ëmmer an ëmmer.