Scriptures
D’Doktrinn an d’Allianzen 37


Sektioun 37

Offenbarung, ginn dem Joseph Smith dem Prophet an dem Sidney Rigdon, bei Fayette, New York, Dezember 1830. Hei gëtt dat éischt Gebot iwwert eng Versammlung an dëser Dispensatioun ginn.

1–4, Déi Helleg gi beruff, sech an Ohio ze versammelen.

1 Kuckt, ech soen iech: Et ass mir net wënschenswäert, datt dir nach weider iwwersetzt, bevir dir an den Ohio gitt, an zwar wéinst dem Feind a fir iech.

2 A weider, ech soen iech: Dir sollt net goen, bevir dir mäin Evangelium an dëser Géigend gepriedegt an d’Kierch, wou och ëmmer se ze fannen ass, gestäerkt hutt, besonnesch a Colesville; well kuckt, si bieden zu mir mat vill Glawen.

3 A weider, ee Gebot ginn ech der Kierch, nämlech datt et mir wënschenswäert ass, datt si sech um Ohio sammelen an Erwaardung vum Rëmkomme vu mengem Kniecht Oliver Cowdery bei si.

4 Kuckt, hei ass Weisheet, a loosst jiddwereen seng Wiel selwer treffen, bis ech kommen. Jo. Amen.