Scriptures
D’Doktrinn an d’Allianzen 43


Sektioun 43

Offenbarung, déi duerch de Prophet Joseph Smith zu Kirtland, Ohio, am Februar 1831 gi gouf. Zu dëser Zäit goufen e puer Membere vun der Kierch duerch Leit gestéiert, déi falsch Aussoen als Offenbarer gemaach hunn. De Prophet huet den Här gefrot a krut dës Kommunikatioun, adresséiert un d’Eelste vun der Kierch. Den éischten Deel beschäftegt sech mat Saache vun der Kierchepolitik; den zweeten Deel enthält eng Warnung, déi d’Eelsten den Natioune vun der Äerd solle ginn.

1–7, Offenbarungen a Geboter kommen nëmmen duerch deen, deen ernannt gouf; 8–14, Déi Helleg gi gehellegt, andeems si an aller Hellegkeet virum Här handelen; 15–22, D’Eelste ginn erausgeschéckt, fir d’Ëmkéiert ze ruffen an d’Mënschen op de groussen Dag vum Här virzebereeden; 23–28, Den Här rifft d’Mënsche mat Senger eegener Stëmm an duerch d’Kräfte vun der Natur op; 29–35, De Millennium an d’Ustrécke vum Satan kommen.

1 O lauschtert, dir Eelster vu menger Kierch, a schenkt de Wierder, déi ech zu iech schwätze wäert, äert Héieren.

2 Well kuckt, wierklech, wierklech, ech soen iech: Dir hutt ee Gebot als Gesetz fir meng Kierch empfaangen, an zwar duerch deen, deen ech fir iech bestëmmt hunn, datt hie vu mir Geboter a Offenbarungen empfänkt.

3 An dëst sollt dir ganz sécher wëssen: Et ass fir iech keen anere bestëmmt, Geboter a Offenbarungen ze empfänken, bis hien ewech geholl wäert ginn, souwäit hien a mir aushält.

4 Mee wierklech, wierklech, ech soen iech: Keen anere wäert fir dës Gab bestëmmt ginn ausser duerch hien; well wann se vun him geholl gëtt, soll hie keng Muecht méi hunn, ausser een aneren a seng Plaz ze bestëmmen.

5 An dat soll iech ee Gesetz sinn—datt dir net d’Enseignementer vun iergendengem, dee sech virun iech histellt, als Offenbarungen oder Geboter unhuelt,

6 an ech ginn iech dëst, fir datt dir iech net täusche loosst, fir datt dir wësst, datt si net vu mir sinn.

7 Well wierklech, ech soen iech: Wie vu mir ordinéiert ass, soll bei der Paart erakommen an ordinéiert ginn, wéi ech iech et virdru gesot hunn, fir d’Offenbarungen ze enseignéieren, déi dir duerch deejéinegen, deen ech bestëmmt hunn, empfaangen hutt an empfaange wäert.

8 An elo kuckt, ech ginn iech d’Gebot: Wann dir iech versammelt, sou instruéiert a baut een den aneren op, fir datt dir wësst, wéi dir handelen an d’Kierch dirigéiere sollt, wéi dir iech no de Punkte vu mengem Gesetz a menge Geboter, riichte sollt.

9 An esou wäert dir am Gesetz vu menger Kierch beléiert an duerch dat, wat dir empfaangen hutt, gehellegt ginn, an dir wäert iech verflichten, an aller Hellegkeet viru mir ze handelen—

10 well wann dir dat maacht, wäert dem Räich, dat dir empfaangen hutt, Herrlechkeet dobäigesat ginn. Wann dir et net maacht, sou wäert dat, wat dir empfaangen hutt, ewechgeholl ginn.

11 Maacht déi béis Ongerechtegkeeten ewech, déi ënnert iech sinn; hellegt iech viru mir;

12 A wann dir d’Herrlechkeete vum Räich wëllt hunn, da bestëmmt mäi Kniecht Joseph Smith Jr., an haalt hien duerch d’Gebiet vum Glawe viru mir oprecht.

13 A weider, ech soen iech: Wann dir d’Geheimnisser vum Räich wëllt hunn, da versuergt hie mat Iessen a Kleeder an allem, wat hie brauch, fir dat Wierk ze vollbréngen, dat ech him gebueden hunn;

14 a wann dir et net maacht, sou wäert hien deene verbleiwen, déi hien empfaangen hunn, fir datt ech mir ee Vollek halen, dat reng ass viru mir.

15 Weider, ech soen: Lauschtert, dir Eelste vu menger Kierch, déi ech bestëmmt hunn: Dir sidd net rausgeschéckt, fir beléiert ze ginn, mee fir d’Mënschekanner dat ze enseignéieren, wat ech iech duerch d’Muecht vu mengem Geescht an d’Hand ginn hunn;

16 an dir wäert aus der Héicht beléiert ginn. Hellegt iech, da wäert dir eng Dotatioun empfaangen, mat Muecht ausgerëscht ginn, fir datt dir kënnt ginn, wéi ech et gesot hunn.

17 Lauschtert, well kuckt, de groussen Dag vum Här ass no virdrun.

18 Well den Dag kënnt, wou den Här seng Stëmm aus dem Himmel ertéine loosse wäert; d’Himmele wäerte schwiewen, an d’Äerd wäert zidderen, an d’Trompett Gottes wäert laang an haart kléngen an zu den Natiounen, déi schlofen, schwätzen: Dir Helleger, erhieft iech a lieft! Dir Sënder, bleift leien a schlooft, bis ech nach eng Kéier ruffen.

19 Dofir maacht iech prett, fir datt dir net bei de Béise fonnt gitt.

20 Erhieft d’Stëmm an haalt net zeréck. Rufft d’Natiounen zur Ëmkéiert, ob al oder jonk, versklaavt oder fräi, a schwätzt: Maacht iech prett—fir de groussen Dag vum Här;

21 Well wa schonn ech als Mënsch d’Stëmm hiewen an iech zur Ëmkéiert ruffen, an dir haasst mech, wat wäert dir eréischt soen, wann den Dag kënnt, wou den Donner hir Stëmm vun den Enne vun der Äerd ertéine léisst an alle Liewegen an d’Ouere rifft, nämlech: Kéiert ëm, a maacht iech prett fir den Dag vum Här?

22 jo, a weider—wat, wa Blëtzer vun Osten no Westen zucken a fir all Lieweger hir Stëmm ertéine loossen, sou datt alleguerten, déi et héieren, d’Ouere kléngen, nämlech d’Wierder: Kéiert ëm, well de groussen Dag vum Här ass do?

23 A weider, den Här wäert seng Stëmm aus dem Himmel ertéine loossen, nämlech: Lauschtert, o dir Natioune vun der Äerd, an héiert d’Wierder vum Gott, deen iech erschaf huet.

24 O dir Natioune vun der Äerd, wéi dacks hätt ech iech sammele kënne wéi een Hong hir Jippelcher ënnert hir Flilleke sammelt, mee dir hutt net gewollt!

25 Wéi dacks hunn ech iech duerch de Mond vu menge Kniechten zougeruff duerch den Déngscht vun Engelen a mat menger eegener Stëmm a mat der Stëmm vun Donner a mat der Stëmm vu Blëtzer a mat der Stëmm vun Onwiederen a mat der Stëmm vun Äerdbiewen a grousse Wiedere mat Knëppelsteng a mat der Stëmm vun Hongersnéit an Epidemië vu jiddwer Aart a mat dem haarden Toun vun enger Trompett a mat der Stëmm vum Geriicht a mat der Stëmm vun der Baarmhäerzegkeet, de ganzen Dag laang, a mat der Stëmm vun der Herrlechkeet an der Éier an de Räichtemer vum éiwege Liewen—a mat enger éiwegen Erléisung hätt ech iech rette wëllen, mee dir hutt net gewollt!

26 Kuckt, den Dag ass komm, wou de Becher vun der Roserei vu menger Entrëschtung voll ass.

27 Kuckt, wierklech, ech soen iech: Dës sinn d’Wierder vum Här, ärem Gott.

28 Dofir schafft, schafft a mengem Wéngert déi leschte Kéier—rufft de Bewunner vun der Äerd déi leschte Kéier zou.

29 Well an där vu mir bestëmmten Zäit wäert ech zum Geriicht op d’Äerd kommen, a mäi Vollek wäert erléist ginn a mat mir op der Äerd regéieren.

30 Well de grousse Millenium, wouvunner ech duerch de Mond vu menge Kniechte gesprach hunn, wäert kommen.

31 Well de Satan wäert gebonne ginn, a wann hien erëm lassgelooss gëtt, soll hien nëmmen nach eng kuerz Zäit laang regéieren, an da kënnt d’Enn vun der Äerd.

32 A wien a Gerechtegkeet lieft, wäert an engem Moment verwandelt ginn, an d’Äerd wäert wéi duerch Feier vergoen.

33 An déi Béis wäerten an ee Feier, dat net ze läschen ass, goen—an hiert Enn kennt kee Mënsch op der Äerd a wäert et och net kennen, bis si zum Geriicht viru mech kommen.

34 Lauschtert op dës Wierder. Kuckt, ech sinn de Jesus Christus, den Erléiser vun der Welt. Schützt dëst an ärem Häerz wéi ee Schatz, a loosst iech dat Feierlecht vun der Éiwegkeet zu Häerz goen.

35 Sidd seriö. Haalt all meng Geboter. Jo. Amen.