Sektioun 132
Offenbarung, déi duerch de Prophet Joseph Smith zu Nauvoo, Illinois, den 12. Juli 1843 opgeholl gouf, an sech op déi nei an éiweg Allianz bezitt, dorënner d’Éiwegkeet vun der Allianz vum Bestietnes-an de Prinzip vum Plural-Bestietnes. Obwuel d’Offenbarung am Joer 1843 opgeholl gouf, weise Beweiser drop hin, datt e puer vun de Prinzippien, déi an dëser Offenbarung involvéiert sinn, dem Prophet virdru bekannt waren. Kuckt Offiziell Erklärung 1.
1–6, D’Erhiewung gëtt duerch déi nei an éiweg Allianz erreecht; 7–14, D’Konditioune vun dëser Allianz gi festgeluecht; 15–20, D’celestialt Bestietnes an eng Fortsetzung vun der Familljen-Eenheet erméiglechen et de Mënschen, Gëtter ze ginn; 21–25,De schmuele Wee féiert zum éiwege Liewen; 26–27, D’Gesetz gëtt betreffend Gotteslästerung géint den Hellege Geescht ginn; 28–39, Versprieche vun éiweger Erhéijung an Erhiewung ginn u Propheten an Helleger an all Zäitalter gemaach;40–47, Dem Joseph Smith gëtt d’Muecht ginn, op der Äerd an am Himmel ze bannen an ze versigelen; 48–50, Den Här versigelt him seng Erhiewung;51–57, D’Emma Smith gëtt geroden, trei a richteg ze sinn; 58–66, D’Gesetzer iwwer d’Plural-Bestietnes gi festgeluecht.
1 Wierklech, sou scheet den Här zu dir, mäi Kniecht Joseph: Wou s du mech gefrot hues a wëssen a verstoe wëlls, op wéi eng Manéier ech, den Här, meng Kniechten Abraham, Isaak a Jakob an och de Moses, den David an de Salomo, meng Kniechten, gerechtfäerdegt hunn, an zwar am Hibléck op de Grondsaz an der Doktrinn, wouno si vill Fraen a Niewefrae gehat hunn—
2 kuck, ech sinn den Här, däi Gott, an ech wëll dir am Hibléck op dës Saach Äntwert ginn.
3 Dofir maach däin Häerz prett, d’Uweisungen ze empfänken an ze befollegen, déi ech am Begrëff sinn, dir ze ginn; well alleguerten, deenen ech dës Gesetz offenbaren, mussen et befollegen.
4 Well kuck, ech offenbaren iech eng nei, eng éiweg Allianz; a wann dir dës Allianz net anhaalt, sou sidd dir verdaamt; well kee kann dës Allianz verwerfen an dann awer a meng Herrlechkeet eragelooss ginn.
5 Well alleguerten, déi vu mir eng Seenung wëllen hunn, mussen dat fir dës Seenung bestëmmte Gesetz a seng Bedingungen anhalen, déi virun der Grënnung vun der Welt festgeluecht gi sinn.
6 A wat elo déi nei an éiweg Allianz betrëfft, sou gouf se fir d’Fëllt vu menger Herrlechkeet festgeluecht; a wien eng Fëllt dovunner empfänkt, muss a wäert dat Gesetz anhalen, soss wäert hie verdaamt sinn, sprécht den Här Gott.
7 A wierklech, ech soen iech: D’Bedingunge vun dësem Gesetz sinn: All Allianzen, Kontrakter, Verbindlechkeeten, Eeden, Verspriechen, Handlungen, Bindungen, Accorden an Erwaardungen, déi net souwuel fir all Éiwegkeet geschloss an agaangen a vum Hellege Geescht vun der Verheeschung gesigelt ginn—duerch deen, dee gesalleft ass, an zwar op héchst helleg Weis duerch Offenbarung a Gebot mëttels mengem Gesalleften, deen ech dozou bestëmmt hunn, op der Äerd dës Muecht ze hunn (an ech hu mäi Kniecht Joseph bestëmmt, datt hien an de leschten Deeg dës Muecht soll hunn, an et gëtt op der Äerd ëmmer nëmmen een, deem dës Muecht an d’Schlëssele vun dësem Priistertum iwwerdroe sinn), hu bei der Opersteeung vun den Doudegen an duerno keng Wierksamkeet, Kraaft a Gëltegkeet; well all Kontrakter, déi net zu dësem Zweck geschloss ginn, hunn een Enn, wann d’Mënschen dout sinn.
8 Kuck, mäin Haus ass een Haus vun der Uerdnung, sprécht den Här Gott, an net een Haus vun Duercherneen.
9 Wäert ech dann een Affer unhuelen, sprécht den Här, dat net a mengem Numm bruecht gëtt?
10 Oder wäert ech vun iech eppes unhuelen, wat ech net bestëmmt hunn?
11 A wäert ech iech eppes bestëmmen, sprécht den Här, ausser duerch Gesetz, jo, wéi ech a mäi Papp et fir iech veruerdent hunn, bevir d’Welt war?
12 Ech sinn den Här, däi Gott, an ech ginn dir dëst Gebot: Kee soll bei de Papp kommen ausser duerch mech oder duerch mäi Wuert, nämlech mäi Gesetz, sprécht den Här.
13 An alles, wat an der Welt ass, sief et vu Mënsche veruerdent oder vun Trounen, Muechten a Gewalten, oder sief et eppes Bekanntes, wat ëmmer et och wier a wat net duerch mech oder duerch mäi Wuert besteet, sprécht den Här, wäert ëmgestouss ginn an net bestoe bleiwen, soubal d’Mënschen dout sinn, weder an der Opersteeung nach duerno, sprécht den Här, däi Gott.
14 Well alles, wat bestoe bleift, ass vu mir; a wat net vu mir ass, wäert schockéiert a vernicht ginn.
15 Wann dofir an der Welt ee Mann eng Fra bestuet, an hie bestuet si net duerch mech oder duerch mäi Wuert, an hie mécht mat hir eng Allianz fir déi Zäit, déi hien an der Welt ass an si bei him, sou ass hir Allianz an hiert Bestietnes net méi a Kraaft, wann si dout an ausser der Welt sinn; dofir sinn si duerch kee Gesetz gebonnen, wann si ausser der Welt sinn.
16 Dofir wäerten si, wann si ausser der Welt sinn, weder bestueden nach bestuet ginn, mee si ginn zu Engelen am Himmel bestëmmt; an dës Engele sinn Déngschtleeschter an déngen deenen, déi engem vill méi groussem, jo, engem eenzegaartegem an éiwegem Mooss un Herrlechkeet wierdeg sinn.
17 Well dës Engelen hunn net no mengem Gesetz gelieft; dofir kënnen si net méi grouss gemaach ginn, mee si bleiwe gesënnert an eleng, ouni Erhéijung, an hirem erléisten Zoustand bis an all Éiwegkeet; a si si vun elo un keng Gëtter, mee Engele Gottes fir ëmmer an ëmmer.
18 A weider, wierklech, ech soen dir: Wann ee Mann eng Fra bestuet a mat hir eng Allianz fir d’Zäit an all Éiwegkeet schléisst, an dës Allianz besteet net duerch mech oder duerch mäi Wuert, nämlech mäi Gesetz, an ass net duerch den Hellege Geescht vun der Verheeschung gesigelt an net duerch dee gemaach, deen ech zu dëser Muecht gesalleft a bestëmmt hunn, dann ass se weder gëlteg nach a Kraaft, wann si ausser der Welt sinn, well si net duerch mech nach duerch mäi Wuert verbonne gi sinn, sprécht den Här. Wann si ausser der Welt sinn, kann hir Allianz do net unerkannt ginn, well do d’Engelen an d’Gëtter bestëmmt sinn, un deenen si net laanscht kënnen; dofir kënnen si meng Herrlechkeet net ierwen; well mäin Haus ass een Haus vun der Uerdnung, sprécht den Här Gott.
19 A weider, wierklech, ech soen dir: Wann ee Mann eng Fra bestuet, an zwar duerch mäi Wuert, nämlech mäi Gesetz, an duerch déi nei an éiweg Allianz, a si gi vum Hellege Geescht vun der Verheeschung gesigelt, an zwar duerch deen, dee gesalleft ass an deen ech zu dëser Muecht an ze de Schlëssele vun dësem Priistertum bestëmmt hunn—an et gëtt hinne gesot: Dir sollt an der éischten Opersteeung ervirkommen, a wann et no der éischten Opersteeung ass, dann an der nächsten Opersteeung, an dir sollt Trounen, Muechten a Gewalten, Herrschaften an all Héichten an Déiften ierwen, da wäert et an dem Lämmche säi Buch vum Liewe geschriwwe ginn, datt hie kee Mord begoe soll, wouduerch onschëllegt Blutt vergoss géif, a wann si a menger Allianz aushalen a kee Mord begoen, wouduerch onschëllegt Blutt vergoss géif, da wäert hinnen alles geschéien, wat mäi Kniecht hinnen accordéiert huet—an der Zäit an an all Éiwegkeet; an hir Allianz wäert voll a Kraaft sinn, wann si ausser der Welt sinn, an si wäerten un den Engelen a de Gëtter, déi do higestallt sinn, laanscht goen zu hirer Erhéijung an Herrlechkeet an allem, wéi et op si gesigelt ginn ass, an dës Herrlechkeet wäert eng Fëllt souwéi ee Weiderbestand vun Nokomme sinn, fir ëmmer an ëmmer.
20 Da wäerten si Gëtter sinn, well si keen Enn hunn; dofir wäerten si vun Onendlechkeet zu Onendlechkeet sinn, well si weiderbestoen; da wäerten si iwwert allem sinn, well alles ass an hirem Déngscht. Da wäerten si Gëtter sinn, well si all Muecht hunn an d’Engele sinn an hirem Déngscht.
21 Wierklech, wierklech, ech soen dir: Wann s du net no mengem Gesetz liefs, kanns du dës Herrlechkeet net kréien;
22 well enk ass d’Paart a schmuel de Wee, deen zur Erhéijung an zum Weiderbestand vum Liewe féiert, a wéineg sinn si, déi e fannen, well dir mech an der Welt net empfänkt a mech och net kennt.
23 Awer wann dir mech an der Welt empfänkt, da wäert dir mech erkennen a wäert är Erhéijung empfänken, op datt, wou ech sinn, och dir wiert.
24 Dat awer sinn déi éiweg Liewen: den eleng weisen a richtege Gott an de Jesus Christus, deen hie geschéckt huet, ze erkennen. Ech sinn et. Dofir empfänkt mäi Gesetz.
25 Wäit ass d’Paart a breet ass de Wee, deen zum Doud féiert, an et sinn der vill, déi do era goen, well si mech net empfänken an och net no mengem Gesetz liewen.
26 Wierklech, wierklech, ech soen dir: Wann ee Mann no mengem Wuert eng Fra bestuet an si duerch den Hellege Geescht vun der Verheeschung gesigelt ginn, wéi ech et bestëmmt hunn, a wann dann hien oder hat iergendeng Sënd oder Iwwertriedung vun der neien an éiwegen Allianz begeet, eng Blasphemie vun iergendenger Aart, an si awer kee Mord begoen, wouduerch si onschëllegt Blutt vergéissen, sou wäerten si awer an der éischten Opersteeung ervirkommen an an hir Erhéijung eragoen; awer si wäerten am Fleesch zerschloe ginn a bis zum Dag vun der Erléisung de Schléi vum Satan ausgeliwwert sinn, sprécht den Här Gott.
27 D’Blasphemie géint den Hellege Geescht, déi weder an der Welt nach ausserhalb der Welt verzie wäert ginn, besteet doranner, datt een ee Mord begeet, wouduerch een onschëllegt Blutt vergéisst a mengem Dout zoustëmmt, nodeems een déi nei an éiweg Allianz empfaangen huet, seet den Här Gott, a wien net no dësem Gesetz lieft, kann op kee Fall a meng Herrlechkeet eragoen, mee wäert verdaamt sinn, seet den Här.
28 Ech sinn den Här, däi Gott, a wëll dir d’Gesetz vu mengem Hellege Priistertum ginn, wéi et vu mir a mengem Papp veruerdent gouf, bevir d’Welt war.
29 Den Abraham huet alles, wat hien empfaangen huet, duerch Offenbarung a Gebot, duerch mäi Wuert, empfaangen, sprécht den Här, an hien ass a seng Erhéijung eragaangen a sëtzt op sengem Troun.
30 Den Abraham huet Verheeschungen a Bezuch op seng Nokommen empfaangen—jo, d’Fruucht vu senge Lenden; an du, nämlech mäi Kniecht Joseph, bass aus senge Lenden—déi weiderbestoe sollen, soulaang si an der Welt wären: wat elo den Abraham a seng Nokomme betrëfft, sou sollten si och ausserhalb der Welt weiderbestoen; souwuel an der Welt wéi och ausserhalb der Welt sollten si weiderbestoen, onzielbar wéi d’Stären—jo, souguer wann s du de Sand um Mier ziele kéints, sou kéints du si awer net zielen.
31 Dëst Versprieche gëllt och fir iech, well dir vum Abraham sidd an d’Verspriechen un den Abraham gi gouf; an duerch dëst Gesetz gëtt d’Weiderbestoe vun de Wierker vu mengem Papp bewierkt, wouranner hien sech selwer verherrlecht.
32 Gitt dofir hin a maacht d’Wierker vum Abraham; kommt a mäi Gesetz eran, da wäert dir erléist ginn.
33 Wann dir awer net a mäi Gesetz era kommt, sou kënnt dir d’Versprieche vu mengem Papp, déi hien dem Abraham gemaach huet, net empfänken.
34 Gott huet dem Abraham kommandéiert, an d’Sarah huet dem Abraham d’Hagar zur Fra ginn. A firwat huet hat dat gemaach? Well et d’Gesetz war; an aus dem Hagar si vill Vëlker entsprongen. Dofir war dëst, ënner anerem, d’Erfëllung vun de Verheeschungen.
35 Huet sech den Abraham dowéinst ënner Verurteelung befonnt? Wierklech, ech soen iech: Nee; well ech, den Här, hunn et kommandéiert.
36 Den Abraham huet d’Gebot kritt, säi Jong Isaak duerzebréngen; an dach stoung geschriwwen: Du solls net ëmbréngen Den Abraham awer huet sech net geweigert, an et gouf him als Gerechtegkeet ugerechent.
37 Den Abraham huet Niewefraen empfaangen, an dës hunn him Kanner gebuer; an dat gouf him als Gerechtegkeet ugerechent, well si him gi gi waren an hien no mengem Gesetz gelieft huet; an och den Isaak an de Jakob hunn näischt aneschters gemaach, wéi wat hinne kommandéiert gi war. A well si näischt aneschters gemaach hunn, wat hinne kommandéiert gi war, sinn si no de Verheeschungen an hir Erhéijung eragaangen a sëtzen op Trounen a sinn net Engelen, mee Gëtter.
38 Den David huet och vill Fraen an Niewefraen empfaangen, an och de Salomo an de Moses, meng Kniechten, genausou vill anerer vu menge Kniechte vum Ufank vun der Schëpfung un bis zu dëser Zäit; an an näischt hunn si gesëndegt wéi nëmmen an deem, wat si net vu mir empfaangen haten.
39 Dem David goufen seng Fraen an Niewefrae vu mir ginn, an zwar duerch den Nathan, mäi Kniecht, souwéi aner Propheten, déi d’Schlëssele vun dëser Muecht haten; an a kengem vun dësen Ëmstänn huet hie géint mech gesëndegt wéi nëmmen am Fall vum Uria a senger Fra; an dowéinst ass hie vu senger Erhéijung gefall an huet säin Deel empfaangen; an ausserhalb der Welt wäert hien seng Fraen net ierwen, well ech hunn si engem anere ginn, sprécht den Här.
40 Ech sinn den Här, däi Gott, an ech hunn dir, mäi Kniecht Joseph, eng Bestëmmung ginn a restauréieren alles. Biet, ëm wat s du wëlls, an et wäert dir gi ginn, no mengem Wuert.
41 A well s du mech a Bezuch op Adultère gefrot hues—wierklech, wierklech, ech soen iech: Wann ee Mann an der neien an éiwegen Allianz eng Fra empfänkt an ech hir net duerch déi helleg Salbung bestëmmt hunn a wann si mat engem anere Mann ass, sou huet si Adultère begaangen a wäert vernicht ginn.
42 Wann si net an der neien an éiwegen Allianz ass, an si ass mat engem anere Mann, sou huet si Adultère begaangen.
43 A wann hire Mann mat enger anere Fra ass, an hie war ënnert engem Vertrauensverspriechen, sou huet hie säi Versprieche gebrach an huet Adultère begaangen.
44 A wann si keen Adultère begaangen huet, mee onschëlleg ass an hiert Verspriechen net gebrach huet an si dat weess an ech et dir, mäi Kniecht Joseph, offenbaren, sou solls du duerch d’Kraaft vu mengem hellege Priistertum d’Muecht hunn, si ze huelen an deem ze ginn, dee keen Adultère begaangen huet, mee trei gewiescht ass; well hie wäert zum Herrscher iwwer vill gemaach ginn.
45 Well ech hunn dir d’Schlëssele souwéi d’Muecht vum Priistertum iwwerdroen, wouduerch ech alles restauréieren an dir alles zur bestëmmten Zäit weisen.
46 A wierklech, wierklech, ech soen dir: Alles, wat s du op der Äerd sigels, wäert am Himmel gesigelt sinn, an alles, wat s du a mengem Numm an duerch mäi Wuert op der Äerd bënns, sprécht den Här, wäert fir éiweg an den Himmele gebonne sinn; an allen, deenens du hir Sënden op der Äerd erléiss, deene wäerten se fir éiweg am Himmel erlooss sinn; an allen, deenens du hir Sënden op der Äerd behäls, deene wäerten se och am Himmel behale sinn.
47 A weider, wierklech, ech soen: Alleguerten, déi s du séins, déi wëll ech séinen, an alleguerten, déi s du verfluchs, déi wëll ech verfluchen, sprécht den Här; well ech, den Här, sinn däi Gott.
48 A weider, wierklech, ech soen dir, mäi Kniecht Joseph: Wat och ëmmer du op der Äerd gëss, a wiem och ëmmer du op der Äerd ee gëss, an zwar duerch mäi Wuert an no mengem Gesetz—mat Seenungen an net mat Fluche wäert et laanscht kommen, a mat menger Muecht, seet den Här, an et wäert op der Äerd an am Himmel keng Verurteelung ginn.
49 Well ech sinn den Här, däi Gott, a wäert bis un d’Enn vun der Welt an an all Éiwegkeet mat dir sinn; well wierklech, ech sigelen op dech deng Erhéijung a maachen dir am Räich vu mengem Papp een Troun prett, zesumme mam Abraham, dengem Papp.
50 Kuck, ech hunn deng Affer gesinn a wëll dir all Sënde verzeien; ech hunn deng Affer gesinn, wéi s du deem, wat ech dir gesot hunn, gefollegt hues. Dofir géi hin, an ech wëll dir een Auswee schafen, sou wéi ech dat Affer ugeholl hunn, dat den Abraham mat sengem Jong Isaak brénge wollt.
51 Wierklech, ech soen iech: E Gebot ginn ech menger Déngschtmeedchen, der Emma Smith, denger Fra, déi ech dir ginn hunn, datt hatt sou bleift, wéi et ass, an net un deem deelhëlt, wat ech dir gebueden hunn, hir ze bidden; well ech hunn et gemaach, seet den Här, fir iech all ze beweisen, wéi ech et mam Abraham gemaach hunn, an datt ech een Affer vun iech verlaange kéint, duerch Allianz an Affer.
52 A mäin Déngschtmeedchen Emma Smith soll all déijéineg empfänken, déi mengem Kniecht Joseph gi gi sinn an déi viru mir dugendhaft a reng sinn; an déijéineg, déi net reng sinn, awer gesot hunn, datt si reng wieren, wäerte vernicht ginn, sprécht den Här Gott.
53 Well ech sinn den Här, däi Gott, an dir sollt menger Stëmm follegen; an ech ginn et mengem Kniecht Joseph, datt hien zum Herrscher iwwer villes gemaach soll ginn; well hien ass iwwer wéineg trei gewiescht, a vun elo u wëll ech hie stäerken.
54 An ech kommandéiere mengem Déngschtmeedchen Emma Smith, mengem Kniecht Joseph trei ze bleiwen an un him festzehalen an u kengem aneren. Mee wann hatt net no dësem Gebot lieft, wäert hatt vernicht ginn, sprécht den Här; well ech sinn den Här, däi Gott, a wäert hatt vernichten, wann hatt net no mengem Gesetz lieft.
55 Mee wann hatt net no dësem Gebot lieft, da soll mäi Kniecht Joseph awer alles fir hatt maachen, jo, wéi hien et gesot huet; an ech wäert hie séinen a multiplizéieren an him an dëser Welt honnertfach ginn: Pappen a Mammen, Bridder a Schwësteren, Haiser a Lännereien, Fraen a Kanner—a Kroune mat éiwegem Liewen an den éiwege Welten.
56 A weider, wierklech, ech soen: Mäin Déngschtmeedche soll mengem Kniecht Joseph seng Transgressioune verzeien; da wäerten och him hir Transgressioune verzie ginn, déi hatt géint mech begaangen huet; an ech, den Här, däi Gott, wäert hatt séinen an hatt multiplizéieren a wäert maachen, datt hiert Häerz sech freet.
57 A weider, ech soen: Mäi Kniecht Joseph soll säin Eegentum net aus der Hand ginn, fir datt net ee Feind kënnt an hie vernicht, well de Satan sicht duerno, ze vernichten; well ech sinn den Här, däi Gott, an hien ass mäi Kniecht; a kuck, jo, ech si mat him, wéi ech mam Abraham, dengem Papp, gewiescht sinn, jo, bis zu senger Erhéijung an Herrlechkeet.
58 Wat elo d’Gesetz vum Priistertum betrëfft, sou gëtt et villes, wat dozou gehéiert.
59 Wierklech, wann ee vu mengem Papp beruff gëtt, wéi den Aaron, duerch meng eege Stëmm an duerch d’Stëmm vun deem, dee mech geschéckt huet, an ech him d’Schlëssele vun der Muecht vun dësem Priistertum ginn hunn, wann hien eppes a mengem Numm mécht, an no mengem Gesetz a mengem Wuert, da wäert hie keng Sënd maachen, an ech wäert hie gerechtfäerdegt hunn.
60 Dofir soll keen iwwert mäi Kniecht Joseph hierfalen; well ech wäert hie rechtfäerdegen; well hie wäert dat Affer bréngen, dat ech fir seng Iwwertriedunge vun him fuerderen, sprécht den Här, äre Gott.
61 A weider, wat d’Gesetz vum Priistertum betrëfft: Wann ee Mann eng Jongfra bestuet an de Wonsch huet, nach eng aner Fra ze bestueden, an déi éischt gëtt hir Zoustëmmung, a wann hien dann déi zweet bestuet, an et si Jongfraen an hunn sech kengem anere Mann versprach, dann ass hie gerechtfäerdegt; hien huet keng Adultère begaangen, well si sinn him ginn, a mat deem, wat him gehéiert a kengem aneren, kann hie keen Adultère begoen.
62 A wann him duerch dëst Gesetz zéng Jongfrae gi ginn, sou kann hien awer keen Adultère begoen, well si gehéieren him, a si sinn him ginn; dofir ass hie gerechtfäerdegt.
63 Wann awer déi eng oder aner vun den zéng Jongfraen no hirem Bestietnes bei engem anere Mann ass, sou huet hat Adultère begaangen a wäert vernicht ginn; well hat ass him ginn, fir—no mengem Gebot—sech ze multiplizéieren an d’Äerd ze fëllen a fir d’Verspriechen ze erfëllen, déi mäi Papp virun der Grënnung vun der Welt ginn huet, a fir datt si an den éiwege Welten Erhéijung kënnen hunn, fir datt si Mënscheséilen op d’Welt brénge kënnen; well heiranner besteet d’Wierk vu mengem Papp weider, fir datt hie verherrlecht gëtt.
64 A weider, wierklech, wierklech, ech soen iech: Wann ee Mann, deen d’Schlëssele vun dëser Muecht huet, eng Fra huet an him d’Gesetz vu mengem Priistertum enseignéiert, wat nämlech dës Saach betrëfft, sou soll hatt gleewen an him déngen, soss wäert hatt vernicht ginn, speet den Här, äre Gott; well ech wäert hatt vernichten; well ech wäert mäin Numm grouss maachen iwwert all deenen, déi mäi Gesetz empfänken an duerno liewen.
65 Dofir wäert et, wann hatt dëst Gesetz net unhëlt, viru mir awer richteg sinn, datt hien alles empfänkt, wat och ëmmer ech, den Här, säi Gott, him wäert ginn; well hatt huet net gegleeft an him net gedéngt, wéi et mengem Wuert entsprach hätt; an da gëtt hatt den Iwwertrieder; an hien ass vum Gesetz vun der Sarah befreit, déi dem Abraham nom Gesetz gedéngt huet, wéi ech dem Abraham gebueden hunn, sech d’Hagar zur Fra ze huelen.
66 An elo, wat dëst Gesetz betrëfft, wierklech, wierklech, ech soen iech: Ech wäert iech spéider nach méi offenbaren; dofir loosst dëst fir elo duer goen. Kuckt, ech sinn den Alpha an den Omega. Amen.