Sektioun 131
Instruktioune vum Joseph Smith, dem Prophet, ginn zu Ramus, Illinois, de 16. a 17. Mee 1843.
1–4, D’celestialt Bestietnes ass essenziell fir d’Erhéijung an den héchsten Himmel; 5–6, Wéi d’Mënsche fir d’éiwegt Liewe versigelt sinn, gëtt erkläert; 7–8, All Geescht ass Matière.
1 An der celestialen Herrlechkeet ginn et dräi Himmelen oder Graden,
2 a fir den héchsten ze kréien, muss een an dës Uerdnung vum Priistertum [nämlech déi nei an éiweg Allianz vum Bestietnes] antrieden;
3 Mécht een dat net, sou kann hien en net kréien.
4 Hie kann an een aneren eragoen, awer dat ass d’Enn vu sengem Räich; hie ka keng Verbreedung hunn.
5 (17te Mee, 1843.) Dat méi sécher Wuert vun der Prophezeiung bedeit, datt ee weess, datt ee fir d’éiwegt Liewe versigelt ass, duerch Offenbarung an de Geescht vun der Prophezeiung, duerch d’Muecht vum Hellege Priistertum.
6 Et ass onméiglech, datt een als Onwëssenden erléist ka ginn.
7 Sou eppes wéi onstofflech Matière gëtt et net. All Geescht ass Matière, awer en ass méi fein a méi reng a kann nëmme vu méi rengen Aen erkannt ginn;
8 mir kënnen en net gesinn, awer wann eise Kierper eemol reng gemaach wäert sinn, wäerte mir gesinn, datt Geescht näischt aneschters ass wéi Matière.