Scriptures
D’Doktrinn an d’Allianzen 94


Sektioun 94

Offenbarung, ginn duerch de Prophet Joseph Smith zu Kirtland, Ohio, den 2. August 1833, déi de Plang vu Kirtland, engem Poul vun Zion, beschreift, an den Hyrum Smith, de Reynolds Cahoon an de Jared Carter als Kierchebaukommissioun ernennt.

1–9, Den Här gëtt e Gebot iwwert de Bau vun engem Haus fir d’Aarbecht vun der Presidentschaft; 10–12, Eng Dréckerei soll gebaut ginn; 13–17, Bestëmmt Ierfschafte ginn zougewisen.

1 A weider, wierklech, ech soen iech, meng Frënn: Ech ginn iech d’Gebot, mam Plangen a Virbereede fir den Ufank an d’Grondleeung vun der Stad mam Poul vun Zion unzefänken, an zwar hei am Land Kirtland, andeems mat mengem Haus ugefaange gëtt.

2 A kuckt, et muss no deem Muster geschéien, dat ech iech ginn hunn.

3 An déi éischt Proprietéit géint Süde soll mir geweit gi fir d’Baue vun engem Haus fir d’Presidentschaft, fir Offenbarungen ze kréien, a fir d’Wierk vum geeschtlechen Déngscht vun der Presidentschaft, nämlech an allem, wat d’Kierch an d’Räich betrëfft.

4 Wierklech, ech soen iech: Et soll am Banneraum fënnefafofzeg Féiss breet a fënnefasiechzeg Féiss laang gebaut ginn.

5 An et soll een ënneschten an een ieweschte Raum ginn, nom Muster, dat iech spéider nach wäert gi ginn.

6 An et soll vun der Grondleeung un dem Här geweit sinn, no der Uerdnung vum Priistertum, nom Muster, dat iech spéider nach gi wäert ginn.

7 An et soll ganz dem Här geweit ginn, nämlech fir d’Aarbecht vun der Presidentschaft.

8 An dir sollt näischt Onrenges era loossen; a meng Herrlechkeet wäert do sinn, a meng Géigewaart wäert do sinn.

9 Awer wann eppes Onrenges era kënnt, sou wäert meng Herrlechkeet net do sinn, a meng Géigewaart wäert net era kommen.

10 A weider, wierklech, ech soen iech: Déi zweet Proprietéit géint Süde soll mir geweit gi fir d’Baue vun engem Haus fir mech, fir d’Drécker-Aarbecht vun der Iwwersetzung vu menger helleger Schrëft an alles aneres, wat ech iech kommandéiere wäert.

11 An et soll am Banneraum fënnefafofzeg Féiss breet sinn a fënnefasiechzeg Féiss laang sinn, an et soll een ënneschten an een ieweschte Raum ginn.

12 An dëst Haus soll vun der Grondleeung un ganz dem Här geweit si fir d’Aarbecht vum Drécken, fir datt et an allem, wat ech iech kommandéiere wäert, helleg an ouni Feeler wier nom Muster, dat iech an allem gi wäert ginn.

13 An op der drëtte Proprietéit soll mäi Kniecht Hyrum Smith sengIerfschaft empfänken.

14 An op der éischten an zweete Proprietéit géint Norde solle meng Kniechte Reynold Cahoon a Jared Carter hiren Ierfdeel empfänken,

15 fir datt si déi Aarbecht maache kënnen, déi ech fir si bestëmmt hunn: fir de Bau vu mengen Haiser ee Kommitee ze bilden, nom Gebot, dat ech, den Här Gott, iech ginn hunn.

16 Dës zwee Haiser sollen awer net gebaut ginn, bevir ech iech dozou d’Gebot ginn.

17 An elo ginn ech iech fir dës Kéier näischt méi. Amen.