Scriptures
D’Doktrinn an d’Allianzen 78


Sektioun 78

Offenbarung, ginn duerch de Prophet Joseph Smith, zu Kirtland, Ohio, den 1. Mäerz 1832. Un deem Dag haten sech de Prophet an aner Leader versammelt fir iwwer Kierchegeschäfter ze diskutéieren. Dës Offenbarung huet ursprénglech de Prophet, de Sidney Rigdon an den Newel K. Whitney instruéiert, op Missouri ze reesen an d’Handels- a Verëffentlechungsbestriewunge vun der Kierch ze organiséieren, andeems se eng „Firma“ gegrënnt hunn, déi dës Efforte géif iwwerwaachen, Fonge fir d’Grënnung vun Zion a fir d’Wuel vun den Aarme generéiere géif. Dës Firma, bekannt als United Firm, gouf am Abrëll 1832 gegrënnt an 1834 opgeléist (kuckt Sektioun 82). Iergendwann no hirer Opléisung, ënnert der Leedung vum Joseph Smith, huet d’Formuléierung „d’Affäre vum Lagerhaus fir déi Aarm“ d’Formuléierung „literaresch a kommerziell Etablissementer“ an der Offenbarung ersat, an d’Wuert „Uerdnung“ huet d’Wuert „Firma“ ersat.

1–4, D’Helleger sollen e Lagerhaus organiséieren an opriichten; 5–12, Eng vernënfteg Notzung vun hirem Besëtz féiert zur Erléisung; 13–14, D’Kierch soll onofhängeg vun ierdesche Muechte sinn; 15–16, De Michael (Adam) déngt ënnert der Leedung vum Hellegen (Christus); 17–22, Geséint sinn déi Gleeweg, well si ierwen alles.

1 Den Här schwätzt zum Joseph Smith Jun., nämlech: Lauschtert op mech, schwätzt den Här, äre Gott, déi dir zum Héije Priistertum vu menger Kierch veruerdent sidd, déi dir iech versammelt hutt;

2 a lauschtert dem Rotschlag vum deem no, deen iech aus der Héicht ordinéiert huet, deen iech Wierder vun der Weisheet an d’Ouere schwätze wäert, fir datt an deem, wat dir mir virgeluecht hutt, Erléisung fir iech wier, schwätzt den Här Gott.

3 Well wierklech, ech soen iech: D’Zäit ass komm an ass elo do; a kuckt, et muss noutwendegerweis esou sinn, datt et eng Organisatioun vu mengem Vollek gëtt, fir d’Ugeleeënheete vum Lagerhaus fir déi Aarm vu mengem Vollek ze reegelen a festzeleeën—hei genausou wéi am Land Zion—

4 oder mat anere Wierder, d’Stad vum Joseph als dauernd an éiweg Ariichtung an Uerdnung fir meng Kierch, fir d’Saach ze fërderen, déi dir fir d’Erléisung vum Mënsch, a fir d’Herrlechkeet vun ärem Papp am Himmel dowéinst op iech geholl hutt;

5 fir datt dir an der Allianz vun deem, wat himmlesch ass, gläich wiert, jo, an och vun deem, wat ierdesch ass, fir dat Himmlescht ze kréien.

6 Well wann dir an deem, wat ierdesch ass, net gläich sidd, sou kënnt dir och beim Erreeche vum Himmleschen net gläich sinn.

7 Well wann dir wëllt, datt ech iech eng Plaz an der celestiale Welt ginn, da musst dir iech dorobber virbereeden, andeems dir dat maacht, wat ech iech gebueden hunn a vun iech verlaangen.

8 An elo, wierklech, sou seet den Här: Et ass wënschenswäert, datt alles zu menger Herrlechkeet gemaach gëtt, nämlech vun iech, déi dir an dëser Uerdnung verbonne sidd;

9 oder mat anere Wierder, mäi Kniecht Newel K. Whitney a mäi Kniecht Joseph Smith Jr. a mäi Kniecht Sidney Rigdon solle mat den Hellegen, déi an Zion sinn, Rot halen;

10 soss sicht de Satan duerno, hinnen d’Häerz vun der Wourecht ze verhënneren, sou datt si verblent ginn an dat, wat fir si prett gemaach ass, net verstoen.

11 Dofir ginn ech iech d’Gebot, iech prett ze maachen an iech mat engem Bond, mat enger éiweger Allianz, déi net gebrach däerf ginn, ze organiséieren.

12 A wien e brécht, wäert säin Amt a säi Stand an der Kierch verléieren a bis zum Dag vun der Erléisung de Schléi vum Satan iwwerlooss ginn.

13 Kuckt, dëst ass elo d’Virbereedung, woumat ech iech virbereeden, an d’Grondlag an d’Beispill, dat ech iech ginn, fir datt dir d’Geboter ausféiere kënnt, déi iech gi sinn;

14 fir datt duerch meng Virsuerg, onbeuecht den Tribulatiounen, déi iwwert iech komme wäerten, d’Kierch onofhängeg stoe kann, an zwar iwwert alle Kreaturen, déi sech ënnert der celestiale Welt befannen;

15 fir datt dir zu der Kroun hikomme kënnt, déi fir iech prett gemaach ass, an zu Herrscher iwwer vill Räicher gemaach kënnt ginn, schwätzt den Här Gott, den Hellege vun Zion, deen d’Grondlage vun Adam-ondi-Ahman geluecht huet,

16 deen de Michael zu ärem Prënz bestëmmt, seng Féiss gefestegt, hien héich uewen hi gesat an him d’Schlëssele vun der Erléisung ënnert dem Rotschlag an der Gestioun vum Hellege ginn huet, deen ouni Ufank vun den Deeg an Enn vum Liewen ass.

17 Wierklech, wierklech, ech soen iech: Dir sidd kleng Kanner an hutt nach net verstanen, wéi grouss d’Seenunge sinn, déi de Papp an den Hänn hält an déi hie fir iech prett gemaach huet.

18 An dir kënnt elo nach net alles erdroen; mee sidd couragéis, well ech wäert iech weider féieren. D’Kinnekräich ass äert an d’Seegen dovunner sinn är, an de Räichtum vun der Éiwegkeet ass ären.

19 A wien alles mat Dankbarkeet empfänkt, dee wäert herrlech gemaach ginn; an d’Saache vun dëser Äerd wäerten him zoufalen, jo, honnertfach a méi.

20 Dofir maacht dat, wat ech iech gebueden hunn, seet ären Erléiser, nämlech de Jong vum Ahman, deen alles prett mécht, bevir hien iech ewechhëlt;

21 well dir sidd d’Kierch vum Éischtgebuerenen, an hie wäert iech an enger Wollek erophuelen a jiddwerengem säin Deel bestëmmen.

22 A wien een treien a weisen Verwalter ass, dee wäert alles ierwen. Amen.