Sektioun 73
Offenbarung, ginn dem Joseph Smith, dem Prophet, an dem Sidney Rigdon zu Hiram, Ohio, den 10. Januar 1832. Zënter dem Ufank vum viregten Dezember waren de Prophet an de Sidney beschäftegt mat der Priedegt, an doduerch gouf vill erreecht fir déi ongënschteg Gefiller ze reduzéieren, déi géint d’Kierch entstane waren (kuckt d’Iwwerschrëft vun der Sektioun 71).
1–2, D’Eelste solle weider priedegen; 3–6, De Joseph Smith an de Sidney Rigdon sollen d’Bibel weider iwwersetzen, bis se fäerdeg ass.
1 Well wierklech, sou seet den Här: Et ass mir wënschenswäert, datt si bis zur Konferenz weider d’Evangelium priedegen an d’Gemeinschaften am Gebitt ronderëm ermanen;
2 an dann, kuckt, da wäert hinnen duerch d’Stëmm vun der Konferenz hir respektiv Missioun gewise ginn.
3 Elo wierklech, ech soen iech, meng Kniechte Joseph Smith Jr. a Sidney Rigdon: Sou schwätzt den Här: Et ass wënschenswäert, erëm ze iwwersetzen;
4 a souwäit et méiglech ass, sollt dir bis zur Konferenz am Gebitt ronderëm priedegen; an duerno ass et wënschenswäert, mat der Iwwersetzungsaarbecht weider ze maachen, bis se fäerdeg ass.
5 A loosst dëst fir d’Eelsten ee Muster sinn, bis weider Wësse gewise gëtt, jo, wéi et geschriwwe steet.
6 Elo awer ginn ech iech fir dës Kéier näischt méi. Maacht iech prett a sidd seriö. Jo. Amen.