Scriptures
D’Doktrinn an d’Allianzen 7


Sektioun 7

Offenbarung, ginn un de Prophet Joseph Smith an un den Oliver Cowdrey am Abrëll 1829 zu Harmonie a Pennsylvanien, wéi si duerch den Urim an Thummim d’Fro gestallt hunn, ob de Liblings-Jünger Johannes nach am Fleesch wier oder gestuerwe wier. D’Offenbarung ass d’Iwwersetzung vun enger Opzeechnung, déi de Johannes op Pergament geschriwwen a selwer verstoppt hat.

1–3, de Johannes, de Liblings-Jünger, wäert liewen, bis den Här kënnt; 4–8, de Péitruss, de Jakobus an de Johannes hunn d’Schlëssele vum Evangelium.

1 An den Här huet zu mir gesprach: Mäi léiwe Johannes, wat wënschs du dir? Well wann s du dir frees, wat s du wëlls, sou wäert et dir erlaabt ginn.

2 An ech hunn zu him gesprach: Här, gëff mir Muecht iwwert den Doud, fir datt ech liewen a Séilen zu dir brénge kann.

3 An den Här huet zu mir gesprach: Wierklech, wierklech, ech soen dir: Well s du dir dat gewënschtst hues, solls du bleiwen, bis ech a menger Herrlechkeet kommen, a solls virun Natiounen, Geschlechter, Sproochen a Vëlker prophezeien.

4 An aus dësem Grond huet den Här zum Péitruss gesprach: Wann ech wëll, datt hie bleift, bis ech kommen—wat geet dech dat un? Well hien huet sech vu mir gewënscht, Séilen bei mech bréngen ze kënnen, an du hues dir gewënscht, schnell bei mech a mäi Räich kënnen ze kommen.

5 Ech soen dir, Péitruss, dës war ee gudde Wonsch; awer mäi Léifsten huet sech gewënscht, méi ze maachen, oder een nach méi grousst Wierk ënnert de Mënschen ze maachen, wéi wat hie virdru gemaach huet.

6 Jo, hien huet e méi grousst Wierk op sech geholl; dofir maachen ech hien zu engem flamende Feier an zu engem déngenden Engel; hie soll dénge fir déi, déi Ierwe vun der Erléisung sinn an op der Äerd wunnen.

7 An ech maachen dech zum Dénger fir hien a fir däi Brudder Jakobus; an iech dräi ginn ech dës Muecht an d’Schlëssele vun dësem geeschtlechen Amt, bis ech kommen.

8 Wierklech, ech soen iech, dir zwee kritt no ären Häerzenswënsch, well dir zwee un deem Freed hutt, wat dir gewënscht hutt.