Scriptures
D’Doktrinn an d’Allianzen 75


Sektioun 75

Offenbarung, ginn duerch de Prophet Joseph Smith, zu Amherst, Ohio, de 25. Januar 1832. Dës Sektioun besteet aus zwou separaten Offenbarungen (déi éischt an de Versen 1 bis 22 an déi zweet an de Versen 23 bis 36), déi um selwechten Dag gi goufen. D’Geleeënheet war eng Konferenz, op där de Joseph Smith zum President vum Héije Priistertum ënnerstëtzt a geweit gouf. Verschidden Eelste wollte méi iwwer hir direkt Aufgabe léieren. Dës Offenbarunge koumen duerno.

1–5, Trei Eelsten, déi d’Evangelium priedegen, kréien dat éiwegt Liewen; 6–12, Biet fir den Tréischter ze kréien, deen alles enseignéiert; 13–22, D’Eelste wäerten iwwer déi riichten, déi hir Botschaft refuséieren; 23–36, Famillje vu Missionare sollen Hëllef vun der Kierch kréien.

1 Wierklech, wierklech, ech soen iech, ech, deen ech duerch d’Stëmm vu mengem Geescht schwätzen, jo, den Alpha an den Omega, ären Här an äre Gott:

2 Lauschtert, o dir, déi dir ären Numm genannt hutt, datt dir higoen a mäin Evangelium verkënnegen a mäi Wéngert beschneide wëllt.

3 Kuckt, ech soen iech: Et ass mäi Wëllen, datt dir higitt an net zéckt, datt dir och net liddereg sidd, mee mat aller Muecht schafft,

4 d’Stëmm hieft—gläich dem Toun vun enger Trompett—an no de Offenbarungen a Geboter, déi ech iech ginn hunn, d’Wourecht verkënnegt.

5 An esou wäert dir, wann dir trei sidd, mat ville Garbe beluede sinn a mat Éier an Herrlechkeet an Onstierflechkeet an éiwegem Liewe gekréint ginn.

6 Dofir, wierklech, soen ech zu mengem Kniecht William E. McLellin, Ech zéien den Optrag zeréck, deen ech him ginn hunn, nämlech an d’Oststaaten ze goen;

7 a ginn him een neien Optrag an een neit Gebot, duerch déi ech, den Här, hie bestrofen, well hien am Häerz gemeckert huet;

8 an hien huet gesëndegt; mee ech verzeien him a soe weider zu him: Géi an d’Südstaaten.

9 A mäi Kniecht Luke Johnson soll mat him goen, a si sollen dat verkënnegen, wat ech hinne gebueden hunn—

10 si sollen den Numm vum Här uruffe fir den Tréischter, deen si an allem beléiere wäert, wat fir si wënschenswäert ass;

11 si sollen ëmmer bieden, datt si net midd ginn, a wann si dat maachen, wëll ech mat hinne sinn, jo, bis un d’Enn.

12 Kuckt, dat ass de Wëlle vum Här, ärem Gott, a Bezuch op iech. Jo. Amen.

13 A weider, wierklech, sou seet den Här: Mäi Kniecht Orson Hyde a mäi Kniecht Samuel H. Smith sollen sech no den Oststaaten op de Wee maachen an dat verkënnegen, wat ech hinne gebueden hunn; a wann si trei sinn, jo, sou wëll ech mat hinne sinn, jo, bis un d’Enn.

14 A weider, wierklech, soen ech zu mengem Kniecht Lyman Johnson an zu mengem Kniecht Orson Pratt, si sollen sech och no den Oststaaten op de Wee maachen; a kuckt do, och mat hinne sinn ech, jo, bis un d’Enn.

15 A weider, ech soen zu mengem Kniecht Asa Dodds an zu mengem Kniecht Calves Wilson, si sollen sech och op de Wee maachen, no de Länner am Westen, a mäin Evangelium verkënnegen, jo, wéi ech et hinne gebueden hunn.

16 A wien trei ass, dee wäert alles iwwerwannen an um leschten Dag héich gehuewe ginn.

17 A weider, mengem Kniecht Major N. Ashley a mengem Kniecht Burr Riggs soen ech, si sollen sech och op de Wee maachen, nom Land am Süden.

18 Jo, si sollen sech alleguerten op de Wee maachen, wéi ech et hinne gebueden hunn, a vun Haus zu Haus goen, vun Duerf zu Duerf a vu Stad zu Stad.

19 A wou och ëmmer dir an een Haus gitt, an et empfänkt een iech, do hannerloosst äre Seegen op dem Haus.

20 A wou och ëmmer dir an een Haus gitt, an et empfänkt een iech net, da sollt dir iech schnell vun deem Haus ewech maachen an iech de Stëbs vun de Féiss schëddelen als Temoignage géint si.

21 An dir wäert vu Freed a Gléck erfëllt sinn; an dëst sollt dir wëssen: Um Dag vum Geriicht wäert dir Riichter sinn iwwert dëst Haus an et schëlleg spriechen;

22 an um Dag vum Geriicht wäert et fir d’Heide besser ze erdroen si wéi dëst Haus; dofir maacht iech prett a sidd dem Glawen trei, da wäert dir alles iwwerwannen an um leschten Dag héich gehuewe ginn. Jo. Amen.

23 A weider, sou seet den Här zu iech, o dir Eelste vu menger Kierch, déi dir ären Numm genannt hutt, datt dir säi Wëllen a Bezuch op iech wësse wëllt:

24 Kuckt, ech soen iech: Et läit un der Kierch, bei der Ënnerstëtzung vun de Famillje vun deene behëlleflech ze sinn, jo, an och d’Famillje vun deenen ze ënnerstëtzen, déi beruff ginn an noutwennegerweis an d’Welt erausgeschéckt musse ginn, fir der Welt d’Evangelium ze verkënnegen.

25 Dofir ginn ech, den Här, iech dëst Gebot: Besuergt Ënnerkonft fir är Famill—sou wäit är Bridder gewëllt sinn, hiert Häerz opzemaachen.

26 An all déijéineg, déi fir hir Famill Ënnerkonft an d’Ënnerstëtzung vun der Kierch besuerge kënnen, sollen net verpassen, an d’Welt erauszegoen, sief et an den Osten oder de Westen, an den Norden oder de Süden.

27 Si solle bieden a si wäerten empfänken, uklappen, an et wäert hinnen opgemaach ginn; an et wäert hinnen aus der Héicht gewise ginn, nämlech duerch den Tréischter, wouhinner si goe sollen.

28 A weider, wierklech, ech soen iech: Jiddwereen, dee genéidegt ass, selwer fir seng Famill ze suergen, soll et maachen, an hie wäert dowéinst op kee Fall seng Kroun verléieren; an hie soll an der Kierch schaffen.

29 Jiddweree soll an allem äifreg sinn. An de Liddrege soll keng Plaz an der Kierch hunn, ausser hie kéiert ëm a bessert sech.

30 Dofir solle mäi Kniecht Simeon Carter a mäi Kniecht Emer Harris mateneen am geeschtlechen Déngscht vum Här wierken,

31 genausou mäi Kniecht Ezra Thayre a mäi Kniecht Thomas B. Marsh,

32 genausou mäi Kniecht Hyrum Smith a mäi Kniecht Reynolds Cahoon,

33 genausou mäi Kniecht Daniel Stanton a mäi Kniecht Seymour Brunson,

34 genausou mäi Kniecht Sylvester Smith a mäi Kniecht Gideon Carter,

35 genausou mäi Kniecht Ruggles Eames a mäi Kniecht Stephen Burnett,

36 genausou mäi Kniecht Micah B. Welton a genausou mäi Kniecht Eden Smith. Jo. Amen.