Scriptures
D’Doktrinn an d’Allianzen 12


Sektioun 12

Offenbarung, ginn duerch de Prophet Joseph Smith un de Joseph Knight Sr. am Mee 1829 zu Harmonie a Pennsylvanien. De Joseph Knight hat dem Joseph Smith seng Aussoe gegleeft, hien hätt d’Placke vum Buch vum Mormon am Besëtz a wier grad mat der Iwwersetzung befaasst, an hat dem Iwwersetzer an dem Schreiwer materiell Hëllef geleescht. Op Ufro vum Joseph Knight huet de Prophet den Här gefrot a krut d’Offenbarung.

1–6, D’Aarbechter am Wéngert sollen d’Erléisung kréien; 7–9, All déi, déi et wëllen a qualifizéiert sinn, kënnen an der Aarbecht vum Här hëllefen.

1 Ee grousst a wonnerbaart Wierk ass am Begrëff, ënnert de Mënschekanner ervirzekommen.

2 Kuck, ech si Gott; schenk mengem Wuert Beuechtung, well et ass lieweg a kräfteg, méi schaarf ewéi een zweeschneidegt Schwäert, sou datt et Gelenker a Muerch zerschneit; dofir schenk mengem Wuert Beuechtung.

3 Kuck, d’Feld ass scho wäiss, zur Recolte bereet; dofir, wien ze recoltéiere wënscht, dee soll seng Séchel mat aller Muecht aschloen a recoltéieren, soulaang et nach Dag ass, fir datt hien am Kinnekräich Gottes éiweg Erléisung opstapelt wéi ee Schatz.

4 Jo, wien och ëmmer seng Séchel aschléit a recoltéiert, deen ass vu Gott beruff.

5 Dofir, wann s du mech biets, wäerts du empfänken; wann s du uklapps, wäert dir opgemaach ginn.

6 Wou s du elo gebiet hues, kuck, sou soen ech dir: Hal meng Geboter, a sich duerno, d’Saach vun Zion ervirzebréngen an opzeriichten.

7 Kuck, ech schwätzen zu dir an och zu alleguerten, déi de Wonsch hunn, dëst Wierk ervirzebréngen an opzeriichten;

8 a kee ka bei dësem Wierk hëllefen, wann en net bescheiden a voller Léift ass, Glawen, Hoffnung an Nächsteléift huet an an allem, wat senger Ophutt uvertraut gëtt, moderéiert ass.

9 Kuck, ech sinn d’Liicht an d’Liewe vun der Welt, zu där ech dës Wierder schwätzen, dofir schenk hinne Beuechtung mat aller Kraaft, da bass du beruff. Amen.