Scriptures
D’Doktrinn an d’Allianzen 109


Sektioun 109

Gebiet bei der Aweiung vum Tempel zu Kirtland, Ohio, de 27. Mäerz 1836. D’Gebiet war dem Prophet an anere Leader vun der Kierch duerch Offenbarung ginn, wéi si déi viregt Nuecht spéit geschafft hunn, fir et virzebereeden.

1–5, Den Tempel vu Kirtland gouf als Besuchs-Plaz fir de Jong vum Mënsch gebaut; 6–21, Et soll en Haus vum Gebiet, vum Faaschten, vum Glawen, vum Léieren, vun der Herrlechkeet, a vun der Uerdnung sinn, an en Haus vu Gott; 22–33, Op datt déi, déi net ëmkéieren, déi sech dem Vollek vum Här entgéintsetzen, duerchernee bruecht ginn; 34–42, Op datt d’Helleger mat Kraaft erausgoen, fir déi Gerecht zu Zion ze sammelen; 43–53,Op datt d’Helleger vun de schreckleche Saache befreit ginn, déi an de leschten Deeg iwwert déi Béis aus gegoss ginn; 54–58, Op datt Natiounen, Vëlker a Kierchen op d’Evangelium virbereet ginn; 59–67, Op datt d’Judden, d’Lamaniten a ganz Israel erléist ginn; 68–80, Op datt d’Helleger mat Herrlechkeet an Éier gekréint ginn a éiweg Erléisung kréien.

1 Merci sief dengem Numm, o Här Gott vun Israel, deen s du d’Allianz häls an denge Kniechte Baarmhäerzegkeet erweis, déi do mat ganzem Häerz éierbar virun dir wandelen,

2 deen s du denge Kniechte gebueden hues, dengem Numm un dësem Uert [Kirtland] een Haus ze bauen.

3 An elo gesäis du, o Här, datt deng Kniechte no dengem Gebot gehandelt hunn.

4 An elo biede mir dech, Hellege Papp, am Numm vum Jesus Christus, deen de Jong vun dengem Häerz ass an an deem sengem Numm eleng de Mënschekanner Rettung gespent ka ginn—mir bieden dech, o Här, huel dëst Haus un, d’Wierk vun eisen, denge Kniechten, Hänn, dat ze bauen du eis gebueden hues.

5 Well du weess, datt mir dëst Wierk matzen a groussen Tribulatioune vollbruecht hunn; an trotz eiser Aarmut hu mir vun eisem Besëtz ginn, fir dengem Numm een Haus ze bauen, fir datt de Jong vum Mënsch eng Plaz hätt, wou hien sech sengem Vollek manifestéiere kann.

6 A wéi s du an denger Offenbarung gesot hues, déi s du eis ginn hues a wouranner du eis deng Frënn genannt a gesot hues, nämlech: Berufft är feierlech Versammlung an, wéi ech et iech gebueden hunn;

7 a well net alleguerte Glawen hunn, sou sicht äifreg a léiert een den anere Wierder vun der Weisheet; jo, sicht Wierder vun der Weisheet aus de beschte Bicher; sicht no Wëssen, jo, duerch Léieräifer an och duerch Glawen;

8 organiséiert iech; maacht alles prett, wat néideg ass; a riicht een Haus op, nämlech een Haus vum Bieden, een Haus vum Faaschten, een Haus vum Glawen, een Haus vum Léieren, een Haus vun Herrlechkeet, een Haus vun Uerdnung, een Haus vu Gott;

9 datt äert Erakommen am Numm vum Här geschitt; datt äert Ewechgoen am Numm vum Här geschitt; datt all är Begréissungen am Numm vum Här geschéien, d’Hänn zum Allerhéchste gehuewen—

10 an esou biede mir dech elo, Hellege Papp, stéi eis, dengem Vollek, mat denger Gnod bäi, wa mir eis feierlech Versammlung aberuffen, datt et zu denger Éier a mat denger gëttlecher Geneemegung geschitt,

11 op eng Weis, datt mir an dengen Ae fir wierdeg befonnt ginn, eis d’Erfëllung vun denger Verheeschung ze sécheren, déi s du eis, dengem Vollek, an de Offenbarungen, déi s du eis geschéckt hues, ginn hues,

12 fir datt deng Herrlechkeet sech nidderléisst op däi Vollek an dëst däin Haus, dat mir dir elo konsekréieren, fir datt et gehellegt gëtt an als Hellegtum konsekréiert wier a fir datt deng helleg Géigewaart sech bestänneg an dësem Haus befënnt;

13 datt alleguerten, déi iwwer d’Schwell vum Haus vum Här trëppelen, deng Muecht verspieren a sech gedrängt fillen unzëerkennen, datt s du et gehellegt hues an datt et däin Haus ass, eng Plaz vun denger Hellegkeet.

14 A gëff, Hellege Papp, datt alleguerten, déi an dësem Haus veréiere wäerten, Wierder vu Weisheet aus de beschte Bicher geléiert kréien an datt si no Wësse sichen, an zwar duerch Léieräifer an och duerch Glawen, wéi s du gesot hues,

15 an datt si an dir opwuessen an eng Fëllt vun Hellegem Geescht empfänken an sech no dengen hellege Gesetzer organiséieren a prett sinn, alles ze kréien, wat néideg ass,

16 datt dëst Haus een Haus vum Bieden, een Haus vum Faaschten, een Haus vum Glawen, een Haus vun Herrlechkeet a vu Gott wier, jo, däin Haus,

17 datt all Erakomme vun dengem Vollek an dëst Haus am Numm vum Här geschitt,

18 datt all Ewechgoen aus dësem Haus am Numm vum Här geschitt

19 an datt all hir Begréissungen am Numm vum Här geschéie géifen—mat hellegen Hänn, zum Allerhéchste gehuewen—

20 an datt näischt Onrenges an däin Haus eragelooss gëtt, fir et ze veronrengegen;

21 a wann däi Vollek iwwertrëtt, iergendee vun hinnen, da kënne si sech séier bekéieren a sech zu dir zeréckzéien, a Gnod an dengen Ae fannen, a si kréien d’Seegen zeréck, déi s du bestëmmt hues, fir iwwer déi aus gegoss ze ginn, déi dech an dengem Haus éieren.

22 A mir bieden dech, Hellege Papp: géifen deng Kniechten, wann si vun dësem Haus erausgoen, mat denger Kraaft ausgerëscht sinn, géif däin hellegen Numm op hinne sinn an deng Herrlechkeet ronderëm si, a géifen deng Engelen si an hir Ophutt huelen;

23 géifen si vun dëser Plaz immens grouss an herrlech Noriicht erausdroen, jo, wierklech bis un d’Enne vun der Äerd, fir datt si wëssen, datt dëst däi Wierk ass an datt s du deng Hand ausgestreckt hues, fir dat ze erfëllen, wat s du duerch de Mond vu Propheten a Bezuch op déi lescht Deeg gesprach hues.

24 Mir bieden dech, Hellege Papp, stäerk d’Vollek, dat an dësem dengem Haus wäert veréieren, an éierlech en Numm an en Undeel ran dréit, fir all Generatiounen a fir d’Éiwegkeet.

25 datt keng Waff, déi géint et gemaach gëtt, erfollegräich wier; datt jiddwereen, deen him ee Gruef schëppt, selwer erafält;

26 datt souguer all Béist zesummen net d’Muecht huet, opzestoen a géint däi Vollek ze gewannen, dat an dësem Haus däin Numm operluecht kritt;

27 a wann sech e puer géint dëst Vollek hiewen, datt deng Roserei géint si entflaamt;

28 a wann si dëst Vollek schloen, datt s du si schléis; datt s du fir däi Vollek kämpfs, wéi s du et um Dag vun der Schluecht gemaach hues, fir datt et aus den Hänn vun all senge Feinde befreit gëtt.

29 Mir bieden dech, Hellege Papp, all déijéineg, déi soss anzwousch an der Welt Onwourechten iwwer däi Kniecht oder deng Kniechte verbreeden, ze blaméieren, ze erschrecken an a Schan an Duercherneen ze versetzen, wann si net ëmkéieren, soubal hinnen dat éiwegt Evangelium an d’Ouere verkënnegt gëtt.

30 Géifen all hir Wierker futti gemaach ginn a vu Knëppelsteng an de Riichterspréch, déi s du an denger Roserei iwwert si schécke wäerts, ewechgehäit ginn, fir datt dat Léien an Diffaméiere géint däi Vollek een Enn huet.

31 Well du weess, o Här, datt deng Kniechte virun dir ouni Schold sinn, wann si vun dengem Numm Temoignage ginn, woufir si dat alles hu missen aushalen.

32 Dofir biede mir dech ëm gänzlech a vollstänneg Befreiung vun dësem Joch:

33 Briech et ewech, o Här; mat denger Kraaft briech et ewech, denge Kniechte vum Hals, fir datt mir eis matzen an dëser Generatioun hiewen an däi Wierk maache kënnen.

34 O Jehova, sief baarmhäerzeg zu dësem Vollek, a wou all Mënsche sëndegen, sou verzei dengem Vollek seng Iwwertriedungen a looss se fir ëmmer ausgeläscht sinn.

35 Looss d’Salbung vun dengen Dénger mat Kraaft aus der Héicht op hinne gesigelt sinn.

36 Looss un hinnen erfëllt sinn, wéi et deemools um Dag vu Päischte geschitt ass: Looss d’Gab vun den Zongen iwwer däi Vollek ausgeschott sinn, jo, Zongen, opgedeelt, wéi vu Feier, an och d’Ausleeung dozou.

37 A looss däin Haus vun denger Herrlechkeet erfëllt si wéi vum Gebrëllt vun engem mächtege Wand.

38 Lee op deng Kniechten den Temoignage vun der Allianz, sou datt si, wann si higoen an däi Wuert verkënnegen, d’Gesetz versigelen an dengen Hellegen d’Häerz fir d’Riichterspréch prett maache kënnen, déi s du an denger Roserei am Begrëff bass, wéinst hiren Iwwertriedungen op d’Bewunner vun der Äerd erof ze schécken, fir datt däi Vollek um Dag vun der Beonrouegung net verzweiwelt.

39 A wann deng Kniechten an eng Stad eraginn, an d’Bewunner vun der Stad huelen den Temoignage un, da looss däi Fridden an deng Rettung op der Stad sinn, fir datt si déi Gerecht aus der Stad sammele kënnen, fir datt si op Zion oder seng Péil, op d’Plaze vun denger Bestëmmung, zéie géife mat Lidder vun éiweger Freed;

40 A bevir dëst vollbruecht ass, looss däi Strofgeriicht net op dës Stad falen.

41 A wann deng Kniechten an eng Stad eraginn, an d’Bewunner vun der Stad huelen den Temoignage vun denge Kniechten net un, an deng Kniechte warnen si, fir datt si aus dëser verkéierte Generatioun gerett géifen, sou looss iwwer d’Stad kommen, wat s du duerch de Mond vun denge Prophete gesprach hues.

42 Awer mir bieden dech am Eescht, o Jehova, befrei deng Kniechten aus hiren Hänn, a maach si vun deenen hirem Blutt propper.

43 O Här, mir freeën eis net um Ënnergang vun eise Matmënschen, hir Séil ass wäertvoll virun dir;

44 awer däi Wuert muss sech erfëllen. Hëllef denge Kniechten ze soen, woubäi deng Gnod hinne bäistoe géif: Däi Wëlle geschéi, O Här, an net eisen.

45 Mir wëssen, datt s du duerch de Mond vun denge Prophete Schreckleches a Bezuch op déi Béis an de leschten Deeg gesprach hues: datt s du däi Strofgeriicht ouni Mooss ausgéisse wëlls;

46 dofir, o Här, befrei däi Vollek aus dem Ongléck vun de Béisen; befäeg deng Kniechten, d’Gesetz ze versigelen an den Temoignage ze verschléissen, fir datt si op den Dag vum Brenne virbereet wieren.

47 Mir bieden dech, Hellege Papp, gedenk deenen, déi vun den Awunner vun der Jackson Grofschaft zu Missouri aus hirer Ierfschaft verjot gi sinn, a briech, o Här, dëse Joch vun der Nout ewech, dat hinnen operluecht ginn ass.

48 Du weess, o Här, datt si vu Béise Mënsche schwéier bedréckt a belästegt gi sinn; an d’Häerz schmëlzt eis vu Suerg ewech iwwert hir schmäerzhaft Belaaschtung.

49 O Här, wéi laang wëlls du toleréieren, datt dëst Vollek dës Nout erdroe muss an d’Gejäiz vun hiren Onschëllegen dir an d’Oueren héich kënnt an hiert Blutt als Temoignage virun dech kënnt, ouni datt s du wéinst hinnen däin Temoignage applizéiers?

50 Hu Baarmhäerzegkeet, o Här, mat de béise Leit, déi däi Vollek gejot hunn, fir datt si ophale mat Schued maachen, fir datt si vun hire Sënden ëmkéieren, souwäit Bereetschaft zur Ëmkéiert ze fannen ass;

51 wann si awer net wëllen, sou weis däin Aarm, o Här, a gëff, wat s du dengem Vollek als Zion bestëmmt hues.

52 A wann et net anescht ka sinn, fir datt d’Saach vun dengem Vollek virun dir net versoe kann, da soll deng Roserei entflaamt ginn an deng Entrëschtung op si falen, fir datt si géife verschwannen, souwuel Wuerzel wéi och Branche ënnert dem Himmel;

53 Wann si awer ëmkéieren, da bass du gnädeg a baarmhäerzeg a wäerts deng Roserei of wennen, wann s du dengem Gesalleften an d’Gesiicht kucks.

54 Hunn Erbaarmen, o Här, mat allen Natiounen op der Äerd; hunn Erbaarme mat deenen, déi an eisem Land herrschen; géifen déi Grondsätz, déi vun eise Pappen sou éierlech an excellent verdeedegt gi sinn, nämlech d’Verfassung vun eisem Land, erhale bleiwe fir ëmmer.

55 Gedenk de Kinneken, de Prënzen, den Nobelen an de Groussen op der Äerd, gedenk all Vëlker an de Kierchen, allen Aarmen, Bedierftegen an all deenen, déi an Nout sinn, op der Äerd,

56 gëff, datt si ee mëllt Häerz hunn, wann deng Kniechten, o Jehova, aus dengem Haus higoen an Temoignage gi vun dengem Numm; datt hir Virurteeler virun der Wourecht zeréck wäichen an datt däi Vollek Gonscht fënnt an den Ae vun allen;

57 fir datt all Enne vun der Äerd wësse géifen, datt mir, deng Kniechten, deng Stëmm héieren hunn an datt s du eis geschéckt hues;

58 fir datt deng Kniechten, d’Jonge vum Jakob, aus all dësen déi Gerecht sammele kënnen, datt si dengem Numm eng helleg Stad bauen, wéi s du et hinne gebueden hues.

59 Mir bieden dech, fir Zion nach weider Péil ze bestëmmen—ausser dësem engen, deen s du scho bestëmmt hues, fir datt d’Sammlung vun dengem Vollek mat grousser Muecht a Majestéit virukënnt a fir datt däi Wierk a Gerechtegkeet ofgekierzt gëtt.

60 Dës Wierder elo hu mir virun dir, o Här, gesprach, an zwar a Bezuch op d’Offenbarungen a Geboter, déi s du eis ginn hues, eis, déi mir den Anere gläich gesat sinn.

61 Awer du weess, datt s du grouss Léift fir d’Kanner vum Jakob hues, déi zënter laanger Zäit op de Bierger verstreet sinn, un engem wollekegen an däischteren Dag.

62 Dofir biede mir dech, hunn Erbaarme mat de Kanner vum Jakob, fir datt d’Erléisung vu Jerusalem vun dëser Stonn un hiren Ufank hëlt;

63 an d’Joch vun der Sklaverei vun elo u vum Haus David ewech gebrach gëtt;

64 an d’Kanner vum Juda ufänke kënnen, an d’Länner zeréck ze kéieren, déi s du hirem Papp Abraham ginn hues.

65 A looss déi, déi iwwreg gebliwwen si vum Jakob, déi wéinst hirer Iwwertriedung verflucht a geschloe gi sinn, sech vun hirem wëllen a réien Zoustand zur Fëllt vum éiwegen Evangelium bekéieren,

66 fir datt si hir Waffe vum Bluttvergéissen nidderleeën a mat hirer Rebellioun ophalen.

67 A géifen all déi zerstreeten Iwwerreschter vun Israel, déi bis un d’Enne vun der Äerd gejot gi sinn, zur Erkenntnis vun der Wourecht kommen, un de Messias gleewen an aus der Ënnerdréckung erléist ginn a sech virun dir freeën.

68 O Här, gedenk dengem Kniecht Joseph Smith Jr. an all senger Nout a Verfollgung—wéi hie jo mat Jehova eng Allianz geschloss an dir, O mächtege Gott vum Jakob, seng Gelübden duerbruecht huet, gedenk och de Geboter, déi s du him ginn hues an datt hien sech éierlech beméit huet, däi Wëllen ze maachen.

69 Hunn Erbaarmen, O Här, mat senger Fra a senge Kanner, datt si an deng Géigewaart erhéicht a vun denger fleegenden Hand erhale géife ginn.

70 Hunn Erbaarme mat jiddwerengem vu senger direkte Famill, fir datt deenen hir Virurteeler gebrach a wéi vun enger Iwwerschwemmung ewechgespullt ginn, fir datt och si bekéiert an zesumme mat Israel erléist ginn a wësse géifen, datt s du Gott bass.

71 Gedenk, o Här, de Presidenten, jo, alle Presidente vun denger Kierch, datt deng riets Hand si mat hire Familljen a jiddweree vun hirer direkte Famill erhéicht, datt hiren Numm bestoe bleift a vu Generatioun zu Generatioun éiwegt Undenke genéisst.

72 Gedenk, o Här, denger ganzer Kierch, all hire Familljen a jiddweree vun hirer direkte Famill, all hire Kranken an deenen, déi an Nout sinn, allen Aarmen an Duussen op der Äerd, fir datt d’Räich, dat s du ouni déi Hëllef vun Hänn opgeriicht hues, ee grousse Bierg gëtt an déi ganz Äerd fëllt,

73 fir datt deng Kierch aus der däischter Wüüst ervirkënnt a liicht—ouni Feeler wéi de Mound, kloer wéi d’Sonn a schrecklech wéi eng Arméi mat Fändelen—

74 a wéi eng Braut schéi wier fir deen Dag, wou s du vun den Himmelen de Schleier ewechhuelen an d’Bierger vun denger Géigewaart ewech schmëlze loosse wäerts, d’Däller erhéicht an déi robust Uerten ausgeglach, fir datt deng Herrlechkeet d’Äerd fëllt,

75 fir datt mir, wann d’Trompett fir déi Doudeg ertéint, an der Wollek verréckelt ginn, dir entgéint, fir datt mir fir ëmmer beim Här wieren,

76 fir datt eis Kleeder reng wieren, fir datt mir mam Festkleed vun der Gerechtegkeet, mat Palmen an den Hänn an der Kroun vun der Herrlechkeet um Kapp ugedoe wieren a fir all eis Leiden éiweg Freed recoltéieren.

77 O Här, Allmächtege Gott, erhéier dëst eist Flehen, a gëff eis Äntwert vum Himmel, denger hellege Wunneng, wou s du op dem Troun sëtz—mat Herrlechkeet, Éier, Kraaft, Majestéit, Muecht, Herrschaft, Wourecht, Gerechtegkeet, Urteel, Baarmhäerzegkeet an enger Immensitéit u Fëllt, vun Onendlechkeet zu Onendlechkeet.

78 O erhéier, o erhéier, o erhéier eis, o Här! A gëff Äntwert op dëst Flehen, an huel et un, datt mir dir dëst Haus weien, d’Wierk vun eisen Hänn, dat mir dengem Numm gebaut hunn,

79 genausou dës Kierch, datt s du hir däin Numm gëss. An hëllef eis duerch d’Muecht vun dengem Geescht, datt mir eis Stëmm verschmëlze loosse mat de stralenden, blénkege Serafim ronderëm däin Troun—mat jubelendem Luewen an dem Gesang: Hosanna Gott an dem Lämmchen!

80 A looss dës deng Gesallefte mat Rettung gekleet sinn an deng Helleger vu Freed haart ruffen. Amen an Amen.