Sektioun 86
Offenbarung, ginn duerch de Prophet Joseph Smith, zu Kirtland, Ohio, de 6. Dezember 1832. Dës Offenbarung gouf kritt, wéi de Prophet d’Manuskript vun der Iwwersetzung vun der Bibel iwwerpréift an editéiert huet.
1–7, Den Här gëtt d’Bedeitung vum Gläichnes vum Weess an dem Onkraut;8–11, Hien erkläert d’Seenunge vum Priistertum fir déi, déi nom Fleesch rechtméisseg Ierwe sinn.
1 Wierklech, sou seet den Här zu iech, meng Kniechten, iwwer d’Gläichnes vum Onkraut ënnert dem Weess:
2 Kuckt, wierklech, ech soen: D’Feld, dat war d’Welt, an déi de Som gestreet hunn, dat waren d’Apostelen;
3 a wéi si geschlof hunn, do ass de grousse Verfollger vun der Kierch gewiescht—déi of gefall ass, d’Houer, jo, Babylon, déi all Natiounen aus hirem Becher drénke léisst, an deenen hiren Häerzer de Feind, nämlech de Satan, sëtzt a regéiert—kuckt, hien huet d’Onkraut geseet; dofir erstéckt d’Onkraut de Weess an dreift d’Kierch an d’Wüüst.
4 Awer kuckt, an de leschten Deeg, nämlech elo, wou den Här ufänkt, d’Wuert ervirzebréngen, a wou d’Gras wiisst an nach zaart ass—
5 kuckt, wierklech, ech soen iech: Dag an Nuecht jäizen d’Engelen zum Här; si si prett a waarden dorobber, datt si erausgeschéckt ginn, fir d’Felder ze recoltéieren.
6 Awer den Här schwätzt zu hinnen: Räisst d’Onkraut net aus, soulaang d’Gras nach zaart ass (well wierklech, äre Glawen ass schwaach), fir datt dir net och de Weess vernicht.
7 Dofir loosst de Weess an d’Onkraut matenee wuessen, bis d’Recolte voll räif ass; da sammelt als éischt de Weess aus dem Onkraut, a wann dir de Weess gesammelt hutt, kuck do, d’Onkraut gëtt a Bëndel gebonnen, an da bleift nach iwwreg, d’Feld ofzebrennen.
8 Dofir, sou seet den Här zu iech, bei deenen d’Priistertum duerch d’Linn vun äre Pappe fort bestanen huet—
9 well dir sidd rechtméisseg Ierwe nom Fleesch a sidd mat Christus am Gott virun der Welt verstoppt gewiescht—
10 dofir sinn iech äert Liewen an d’Priistertum erhale bliwwen a mussen noutwendegerweis duerch iech an är Linn erhale bleiwen, bis alles restauréiert gëtt, wouvunner duerch de Mond vun allen hellege Prophete geschwat ginn ass, zënter dem Ufank vun der Welt un.
11 Dofir, geséint sidd dir, wann dir weider maacht, a menger Guttheet den Aneren eng Luucht a mengem Vollek Israel duerch dëst Priistertum ee Retter ze sinn. Den Här huet et gesot. Amen.