Scriptures
D’Doktrinn an d’Allianzen 103


Sektioun 103

Offenbarung, ginn duerch de Prophet Joseph Smith, zu Kirtland, Ohio, de 24. Februar 1834. Dës Offenbarung gouf de selwechten Dag kritt wéi d’Arrivée zu Kirtland, Ohio, vum Parley P. Pratt a vum Lyman Wight, déi vu Missouri komm waren, fir mam Prophet iwwer d’Hëllef an d’Restauratioun vun den Hellegen an hirem Land an der Jackson Grofschaft ze beroden.

1–4, Firwat den Här erlaabt huet, datt d’Helleger an der Jackson Grofschaft verfollegt ginn; 5–10, D’Helleger wäerten triumphéieren, wann si d’Geboter halen; 11–20, D’Erléisung vun Zion wäert duerch Kraaft kommen, an den Här wäert viru Sengem Vollek goen; 21–28, D’Helleger sollen sech zu Zion versammelen, an déi, déi hiert Liewe ginn, wäerten et erëmfannen; 29–40, Verschidde Bridder gi beruff, fir d’Lager vum Zion ze organiséieren a op Zion ze goen; hinnen ass d’Victoire versprach, wann si trei sinn.

1 Wierklech, ech soen iech, meng Frënn: Kuckt, ech wëll iech eng Offenbarung ginn, ee Gebot, fir datt dir wësst, wéi dir an Erfëllung vun ären Obligatiounen a Bezuch op d’Rettung an d’Erléisung vun äre Bridder virgoe sollt, déi am Land Zion zerstreet gi sinn,

2 gejot a geschloen duerch d’Hand vu menge Feinden, iwwer déi ech zu där vu mir bestëmmten Zäit meng Roserei ouni Mooss ausgéisse wäert.

3 Well ech hunn si bis elo gewäerde gelooss, fir datt si d’Mooss vun hire béisen Dote fëllen, fir datt hire Becher voll wier

4 a fir datt déijéineg, déi sech no mengem Numm nennen, eng kuerz Zäit laang bestrooft ginn—mat enger schwéierer a schmäerzlecher Strof, well si net ganz op d’Uweisungen a Geboter héieren hunn, déi ech hinne ginn hunn.

5 Awer wierklech, ech soen iech: Ech hunn ee Beschloss gefaasst, dee mäi Vollek verwierkleche wäert, souwäit et vun dëser Stonn un op mäi Rotschlag lauschtert, deen ech, den Här, säi Gott, him wëll ginn.

6 Kuckt, vun derselwechter Stonn u wäerten si ufänken, géint meng Feinden ze gewannen, well sou hunn ech et beschloss.

7 A wann si dorobber beduecht sinn, all Wierder, déi ech, den Här, hire Gott, zu hinne soe wäert, ze befollegen, wäerten si nimools ophale mat gewannen, bis mir d’Räicher vun der Welt, ënnert d’Féiss gemaach sinn an d’Äerd den Hellege gi wäert, datt si se fir ëmmer an ëmmer besëtzen.

8 Wann si awer meng Geboter net halen an net dorobber beduecht sinn, all meng Wierder ze befollegen, da wäerten d’Räicher vun der Welt géint si gewannen.

9 Well si sinn higestallt ginn, datt si der Welt ee Liicht an de Mënsche Retter solle sinn;

10 wann si de Mënschen awer kee Retter sinn, da sinn si wéi Salz, dat seng Gewürzkraaft verluer huet an elo zu näischt méi ze gebrauchen ass, wéi erausgeworf a vun de Mënschen zertrëppelt ze ginn.

11 Awer wierklech, ech soen iech: Ech hu beschloss, datt är Bridder, déi zerstreet gi sinn, an d’Land vun hiren Ierfdeeler zeréck kéieren an déi desolat Plaze vun Zion opbaue sollen.

12 Well no vill Tribulatioun kënnt d’Seenung, wéi ech iech et an engem fréiere Gebot gesot hunn.

13 Kuckt, dëst ass d’Seenung, déi ech no ären Tribulatiounen an no den Tribulatioune vun äre Bridder versprach hunn: är Erléisung an d’Erléisung vun äre Bridder, jo, hir Restauratioun am Land Zion, dat opgeriicht wäert ginn, datt si ni méi nidder geworf solle ginn.

14 Mee wann si hir Ierfdeeler veronrengegen, wäerten si nidder geworf ginn; well ech wäert si net verschounen, wann si hir Ierfdeeler veronrengegen.

15 Kuckt, ech soen iech: D’Erléisung vun Zion muss noutwendegerweis duerch Muecht kommen.

16 Dofir wëll ech mengem Vollek ee Mann erwächen, deen et féiere wäert, wéi de Moses d’Kanner vun Israel gefouert huet.

17 Well dir sidd d’Kanner vun Israel an d’Nokomme vum Abraham, an dir musst noutwendegerweis duerch Muecht a mat engem ausgestrecktenem Aarm aus der Sklaverei gefouert ginn.

18 An esou, wéi är Pappen als éischt gefouert gi sinn, sou wäert d’Erléisung vun Zion sinn.

19 Dofir loosst äert Häerz net zécken, well zu iech soen ech net, wéi ech zu äre Pappe gesot hunn, nämlech: Mäin Engel wäert virun iech hiergoen, net awer meng Géigewaart.

20 Mee zu iech soen ech: Meng Engele wäerte virun iech hiergoen, genausou wéi meng Géigewaart, a mat der Zäit wäert dir dat gutt Land besëtzen.

21 Wierklech, wierklech, ech soen iech: Mäi Kniecht Joseph Smith Jr. ass dee Mann, mat deem ech de Kniecht verglach hunn, zu deem den Här vum Wéngert gesprach huet, nämlech am Gläichnes, déi ech iech ginn hunn.

22 Dofir soll mäi Kniecht Joseph Smith Jr. zu der Stäerkt vu mengem Haus, menge jonke Männer an deene vu mëttlerem Alter, schwätzen: Sammelt iech am Land Zion, op deem Land, dat ech mat Sue kaaft hunn, dat mir geweit ginn ass.

23 A loosst all Gemeinschafte weis Männer mat hire Fongen heihinner schécken a Land kafen, jo, wéi ech et hinne gebueden hunn.

24 An souwäit meng Feinde géint iech zéien, fir iech vu mengem gudde Land ze verjoen, dat ech als d’Land Zion geweit hunn, nämlech vun ären eegene Lännereien, nodeems dir dës Temoignage géint si viru mech bruecht hutt, sollt dir si verfluchen;

25 a wien dir verflucht, dee wäert ech verfluchen, an dir sollt mech u menge Feinde rächen.

26 A meng Géigewaart wäert mat iech sinn, jo, wann dir mech u menge Feinde rächt bis zur drëtten a véierte Generatioun vun deenen, déi mech haassen.

27 Kee soll Angscht dovunner hunn, wéinst menger d’Liewen ze loossen; well wien säi Liewe léisst wéinst menger, dee wäert et erëm fannen.

28 A wien net Wëllens ass, wéinst menger d’Liewen ze loossen, deen ass net mäi Jünger.

29 Et ass mäi Wëllen, datt mäi Kniecht Sidney Rigdon an de Versammlungen an den Oststaaten d’Stëmm hieft, fir d’Gemeinschafte virzebereeden, datt si d’Geboter halen, déi ech hinnen a Bezuch op d’Restauratioun an Erléisung vun Zion ginn hunn.

30 Et ass mäi Wëllen, datt mäi Kniecht Parley P. Pratt a mäi Kniecht Lyman Wight net éischter an d’Land vun hire Bridder zeréck kéieren, als bis si d’Departementer zesummebruecht hunn, déi an d’Land Zion zéien, zu zéng oder zwanzeg oder fofzeg oder zu honnert, bis si am Ganze fënnefhonnert vun der Stäerkt vu mengem Haus zesummebruecht hunn.

31 Kuckt, dat ass mäi Wëllen; biet, an dir wäert empfänken. Awer d’Mënsche maache mäi Wëllen net ëmmer.

32 Dofir, wann dir keng fënnefhonnert zesummebréngt, sicht äifreg duerno, vläicht dräihonnert zesummenzebréngen.

33 A wann dir keng dräihonnert zesummebréngt, sicht äifreg duerno, vläicht eenhonnert zesummenzebréngen.

34 Awer wierklech, ech soen iech: Ech ginn iech d’Gebot, net éischter an d’Land Zion ze zéien, als bis dir eenhonnert vun der Stäerkt vu mengem Haus zesummebruecht hutt, datt si mat iech an d’Land Zion zéien.

35 Dofir, wéi ech iech gesot hunn: Biet, an dir wäert empfänken. Biet seriö dofir, datt vläicht mäi Kniecht Joseph Smith Jr. mat iech geet an an der Mëtt vu mengem Vollek presidéiert a mäi Räich am geweite Land organiséiert an d’Kanner vun Zion op d’Gesetzer an d’Geboter ze grënnen, déi iech scho gi goufen an déi nach un iech gi wäerten.

36 Fir iech kënnt all Victoire an all Herrlechkeet duerch ären Äifer, är Trei an är Gebieder aus Glawen iwwert iech.

37 Loosst mäi Kniecht Parley P. Pratt mat mengem Kniecht Joseph Smith Jr. reesen.

38 Loosst mäi Kniecht Lyman Wight mat mengem Kniecht Sidney Rigdon reesen.

39 Loosst mäi Kniecht Hyrum Smith mat mengem Kniecht Frederick G. Williams reesen.

40 Loosst mäi Kniecht Orson Hyde mat mengem Kniecht Orson Pratt reesen, wouhin och ëmmer mäi Kniecht Joseph Smith Jr. hinne rode wäert ze goen, fir datt d’Geboter erfëllt ginn, déi ech iech ginn hunn; a loosst all de Rescht a mengen Hänn. Jo. Amen.