Scriptures
D’Doktrinn an d’Allianzen 135


Sektioun 135

Ukënnegung vum Märtyrerdoud vum Joseph Smith, dem Prophet, a sengem Brudder, dem Hyrum Smith, dem Patriarch, zu Carthage, Illinois, de 27. Juni 1844. Dëst Dokument war um Enn vun der Editioun vun 1844 vun der Doktrinn an den Allianzen abegraff, déi bal fäerdeg fir d’Publikatioun war, wéi de Joseph an den Hyrum Smith ermuert goufen.

1–2, De Joseph an den Hyrum sinn am Prisong vu Carthage als Märtyrer gestuerwen; 3, Déi virherrschend Positioun vum Prophet gëtt gefeiert;4–7, Hiert onschëllegt Blutt temoignéiert d’Wourecht an d’Gëttlechkeet vum Wierk.

1 Fir den Temoignage vun dësem Buch an dem Buch vum Mormon ze besigelen, gi mir de Martyrium vum Prophet Joseph Smith an dem Patriarch Hyrum Smith bekannt. Si goufen de 27te Juni 1844 um ongeféier fënnef Auer am Nomëtten am Prisong vu Carthage erschoss—vu bewaffente Leit an der Stäerkt vun 150 bis 200 Persoune mat geschwäerztem Gesiicht. Den Hyrum gouf als éischten erschoss a ass roueg gefall a rifft aus: Ech sinn en doudege Mann! De Joseph ass aus der Fënster gesprongen, a gouf dobäi erschoss, a rifft: O Här, mäi Gott! Op béid gouf a brutaler Weis nach geschoss, wéi si schonn dout waren; jidderee gouf vu véier Kugele getraff.

2 De John Taylor an de Willard Richards, zwee vun den Zwielef, waren zu där Zäit déi eenzeg, déi sech mat am selwechte Raum befonnt hunn; den éischte gouf op grausam Weis duerch véier Kugele verwonnt, ass awer dovunner rëm gesond ginn; de leschte koum dank der Virsuerg Gottes dovun, ouni och nëmmen ee Lach a sengem Gezei.

3 De Joseph Smith, de Prophet a Seher vum Här, huet méi fir d’Erléisung vun de Mënschen an dëser Welt gemaach wéi iergendeen anere Mënsch, dee jee op der Äerd gelieft huet—ausser de Jesus eleng. An der kuerzen Zäit vun zwanzeg Joren huet hien d’Buch vum Mormon ervirbruecht, dat hien duerch d’Gab an d’Muecht Gottes iwwersat huet an an zwee Äerddeeler verëffentleche gelooss huet; huet hien d’Fëllt vum éiwegen Evangelium, déi doranner enthalen ass, an déi véier Ecker vun der Welt geschéckt; huet hien d’Offenbarungen a Geboter, déi dëst Buch D’Doktrinn an d’Allianze bilden, ervirbruecht, dozou nach vill aner weis Dokumenter a Beléierungen zum Notze vun de Mënschekanner; huet hie vill dausend Helleger vun de Leschten Deeg gesammelt, eng grouss Stad gegrënnt an een Numm a Ruff hannerlooss, deen net zerstéiert ka ginn. Hie war grouss am Liewen, an hie war grouss am Stierwen an den Ae Gottes a sengem Vollek; a wéi déi meescht Gesalleft vum Här an anticker Zäit, sou huet och hien seng Missioun a säi Wierk mat sengem Blutt besigelt; gläichermoosse säi Brudder Hyrum. Am Liewe waren si vereent, an den Dout huet si net getrennt!

4 Wéi de Joseph op Carthage gaangen ass, fir sech den angeblechen Ufuerderunge vum Gesetz zwee oder dräi Deeg viru senger Ermuerdung auszeliwweren, sot hien: „Ech ginn ewéi e Lämmchen an d’Schluechthaus; awer ech si roueg wéi e Summer-Moien; ech hunn e Gewësse fräi vu Beleidegunge géintiwwer Gott a géintiwwer all Mënschen. Ech wäert onschëlleg stierwen, an et wäert nach vu mir gesot ginn—hie gouf kalbliddeg ermuert.“—Dee selwechte Moien, nodeems den Hyrum sech prett gemaach hat ze goen—soll et zum Schluechthaus gesot ginn? Jo, well sou war et—hien huet de follgende Paragraf gelies, no beim Enn vum zwielefte Kapitel vum Ether, am Buch vum Mormon, an huet d’Blat drop ëmgedréint:

5 An et huet sech erginn: Ech hunn zum Här gebiet, hie géif den Anere Gnod erweisen, fir datt si Nächsteléift kéinten hunn. An et huet sech erginn: Den Här huet zu mir gesprach: Wann si keng Nächsteléift hunn, sou mécht et fir dech näischt aus; du bass trei gewiescht; an dofir sinn deng Kleeder reng. A well s du deng Schwächt agesinn hues, solls du staark gemaach ginn, jo, sou datt s du dech un där Plaz niddersetze kanns, déi ech an de Wunnenge vu mengem Papp prett gemaach hunn. An elo soen ech … den Aneren Äddi, jo, an och menge Bridder, déi ech gär hunn, bis mir eis virum Riichterstull Christi erëm begéinen, wou all Mënsche wësse wäerten, datt meng Kleeder net mat ärem Blutt befleckt sinn. Déi dat Testament gemaach hunn, sinn elo dout, an hiert Testament ass a Kraaft.

6 Den Hyrum Smith war am Februar 1844 véieranzwanzeg Joren al ginn, an de Joseph Smith war am Dezember 1843 aachtandrësseg. Vun elo u wäerten hir Nimm ënnert deene vun de reliéise Märtyrer agereit ginn, a wien och ëmmer a jiddwer Natioun dovunner liest, wäert dorunner erënnert ginn, datt d’Buch vum Mormon an dëst Buch D’Doktrinn an d’Allianzen vun der Kierch dat bescht Blutt vum nonzéngt Joerhonnert kascht hunn, fir datt dës Bicher zur Erléisung vun enger gebrachener Welt ervirbruecht konnte ginn, a wann d’Feier wéinst der Herrlechkeet Gottes schonn ee grénge Bam ubrenne kann, ëm wéi vill méi einfach wäert et déi dréche Beem verbrenne kënnen, fir de Wéngert vu Verduerwenem ze rengegen Si hu gelieft wéinst der Herrlechkeet; si si gestuerwe wéinst der Herrlechkeet; an Herrlechkeet ass hiren éiwege Loun. Vu Generatioun zu Generatioun sollen hir Nimm un d’Posteritéit weidergoen als Bijoue fir déi Gehellegt.

7 Si ware kengem Verbrieche schëlleg, wat schonn dacks virdru bewise gi war, a si goufen nëmmen opgrond der Verschwierung vu Verréider a béise Mënschen am Prisong agespaart. Hiert onschëllegt Blutt um Buedem vum Prisong zu Carthage ass ee grousst Sigel, dat dem „Mormonismus“ bäigefüügt gouf an dat vu kengem Geriichtshaff op der Äerd verworf ka ginn. Hiert onschëllegt Blutt um Wappe vum Staat Illinois ass zesumme mam Wuert vum Staat, dat de Gouverneur garantéiert, awer gebrach huet, een Temoignage fir d’Wourecht vum éiwegen Evangelium, een Temoignage, dat déi ganz Welt net ufechte kann; an hiert onschëllegt Blutt um Banner vun der Fräiheet an un der magna charta vun de Vereenegte Staaten ass ee Botschafter fir d’Relioun Jesu Christi, deen den éierleche Mënschen an allen Natiounen d’Häerz beréiere wäert. Hiert onschëllegt Blutt wäert zesumme mam onschëllege Blutt vun de Märtyrer alleguerten, déi de Johannes ënnert dem Altor gesinn huet, zum Här vun den Arméie jäizen, bis hien dëst Blutt un der Äerd rächt. Amen.