Sektioun 40
Offenbarung, déi dem Joseph Smith, dem Prophet, an dem Sidney Rigdon zu Fayette, New York, de 6. Januar 1831 ginn ass. Virun der Opzeechnung vun dëser Offenbarung steet an der Geschicht vum Prophet: „Wéi de James [Covel] d’Wuert vum Här refuséiert huet an sech zu senge fréiere Prinzippien a sengem Vollek zeréckgezunn huet, huet den Här mir an dem Sidney Rigdon déi follgend Offenbarung ginn” (kuckt Sektioun 39).
1–3, Angscht virun der Verfollgung an d’Suerge vun der Welt verursaachen d’Ofleenung vum Evangelium.
1 Kuckt, wierklech, ech soen iech: D’Häerz vu mengem Kniecht James Covel war viru mir gutt, well hien huet mat mir d’Allianz gemaach, datt hie mengem Wuert follege wéilt.
2 An hien huet mäi Wuert mat Freed empfaangen, mee direkt duerno huet de Satan hie versicht, an d’Angscht viru Verfollgung an d’Suerge vun der Welt hunn hien d’Wuert verwerfe gelooss.
3 Dofir huet hie meng Allianz gebrach, an et bleift mir iwwerlooss, mat him ze prozesséieren, wéi et mir gutt schéngt. Amen.