Scriptures
D’Doktrinn an d’Allianzen 129


Sektioun 129

Instruktioune vum Joseph Smith, dem Prophet, zu Nauvoo, Illinois, den 9. Februar 1843, déi dräi grouss Schlëssele bekannt maachen, duerch déi déi richteg Natur vun den déngenden Engelen an de Geeschter ënnerscheet ka ginn.

1–3, Et gëtt souwuel operstane wéi och geeschtlech Kierper am Himmel; 4–9, Schlëssele gi ginn, duerch déi Botschafter vun hannert dem Schleier identifizéiert kënne ginn.

1 Et ginn zwou Aarte vu Wiesen am Himmel, an zwar: Engelen, bei deenen et sech ëm Operstanener handelt an déi ee Kierper aus Fleesch a Schanken hunn—

2 De Jesus beispillsweis huet gesot: Pakt mech un a kuckt; well ee Geescht huet net Fleesch a Schanken, wéi dir gesitt, datt ech hunn.

3 Zweetens déi Geeschter vu gerechte Mënschen, déi vollkomme gemaach sinn—souer, déi nach net operstane sinn, awer dach Ierwe vun där selwechten Herrlechkeet sinn.

4 Wann ee Botschafter kënnt a seet, hien huet ee Message vu Gott, sou reech him d’Hand a fuerder hien op, dir d’Hand ze ginn.

5 Wann et een Engel ass, sou wäert hien et maachen, an du wäerts seng Hand fillen.

6 Wann et de Geescht vun engem gerechte Mënsch ass, dee vollkomme gemaach ginn ass, sou wäert hien a senger Herrlechkeet kommen, well dat ass déi eenzeg Manéier, wéi hien erschénge kann.

7 Fuerder hien op, dir d’Hand ze ginn, an hie wäert sech net réieren, well et géif der Uerdnung vum Himmel widderspriechen, datt ee gerechte Mënsch täuscht; awer hie wäert nawell säi Message ausriichten.

8 Wann awer den Däiwel als Engel vum Liicht erschéngt an du hien opfuerders, dir d’Hand ze ginn, sou wäert hien dir d’Hand reechen, an du wäerts näischt fillen; dofir kanns du hien entdecken.

9 Dëst sinn dräi grouss Schlësselen, duerch déi ee wësse kann, ob eng Verwaltung vu Gott kënnt.