Scriptures
D’Doktrinn an d’Allianzen 137


Sektioun 137

Eng Visioun, déi dem Joseph Smith, dem Prophet, am Tempel zu Kirtland, Ohio, den 21. Januar 1836 ginn ass. D’Geleeënheet war d’Verwalte vu Veruerdnungen als Virbereedung op d’Aweiung vum Tempel.

1–6, De Prophet gesäit säi Brudder Alvin am himmlesche Räich; 7–9, D’Doktrinn vun der Erléisung fir déi Doudeg gëtt opgedeckt; 10, All Kanner ginn am celestiale Räich gerett.

1 Den Himmel goung eis op, an ech hunn dat celestialt Räich vu Gott gesinn, an seng Herrlechkeet, ob et am Kierper oder dobaussen ass, kann ech net soen.

2 Ech hunn déi iwwerierdesch Schéinheet vun der Paart gesinn, duerch dat d’Ierwe vun dësem Räich erakomme wäerten an dat wéi kreesend Feierflame war,

3 an och de stralenden Troun Gottes, op deem de Papp an de Jong souzen.

4 Ech hunn déi schéi Stroosse vun dësem Räich gesinn, déi hunn ausgesinn, als wieren se aus Paweesteng aus Gold.

5 Ech hunn eise Papp Adam an den Abraham a mäi Papp a meng Mamm, mäi Brudder Alvin, dee schonn zënter laangem entschlof ass, gesinn,

6 an ech hu mech verwonnert, wisou hien eng Ierfschaft an deem Räich kritt hat, wou hien dach aus dësem Liewe gescheet war, nach bevir den Här dorunner gaange war, Israel fir d’zweete Kéier ze sammelen, a wou hien net zum Verzeie vu senge Sënde gedeeft gi war.

7 Sou ass d’Stëmm vum Här un mech gaangen, nämlech: Alleguerten, déi gestuerwe sinn, ouni vum Evangelium ze wëssen, et awer ugeholl hätten, wann si nach hätte bleiwe kënnen, wäerten Ierwe vum celestiale Räich Gottes sinn;

8 och alleguerten, déi vun elo u stierwen, ouni dovunner ze wëssen, an déi et vu ganzem Häerz ugeholl hätten, wäerten Ierwe vun dësem Räich sinn;

9 well ech, den Här, wäert all d’Mënschen no hire Wierker riichten, no de Wënsch vun hiren Häerzer.

10 An ech hunn och gesinn, datt all Kanner, déi stierwen, bevir si den Alter vun der Verantwortlechkeet erreecht hunn, am celestiale Räich vum Himmel gerett sinn.