Scriptures
D’Doktrinn an d’Allianzen 3


Sektioun 3

Offenbarung, déi dem Joseph Smith dem Prophet am Juli 1828 zu Harmonie, Pennsylvanien, ginn ass, iwwert de Verloscht vun 116 Säite Manuskript, déi aus dem éischten Deel vum Buch vum Mormon iwwersat goufen, dat als Buch vum Lehi bezeechent gouf. De Prophet hat dës Säite mat vill Zécken un de Martin Harris iwwerginn, deen eng kuerz Zäit als Schreiwer bei der Iwwersetzung vum Buch vum Mormon gedéngt hat. D’Offenbarung gouf duerch den Urim an den Thummim ginn. (Kuckt Sektioun 10.)

1–4, De Wee vum Här ass eng éiweg Ronn; 5–15, De Joseph Smith muss ëmkéieren oder d’Gab, fir ze iwwersetzen, verléieren; 16–20, D’Buch vum Mormon kënnt eraus, fir d’Nokomme vum Lehi ze retten.

1 D’Wierker, d’Pläng an d’Ziler vu Gott kënnen net vereitelt ginn, an si kënnen och net vernicht ginn.

2 Well Gott geet net op kromme Weeër, hien dréint sech weder no riets nach no lénks, hie wäicht och net vun deem of, wat hie gesot huet, dofir si seng Weeër riicht, a seng Bunn ass eng éiweg Ronn.

3 Denkt drun, denkt drun, datt et net d’Wierk vu Gott ass, dat vereitelt gëtt, mee d’Wierk vun de Mënschen;

4 Well och wann e Mënsch vill Offenbarunge kann hunn, a Muecht huet, vill mächteg Wierker ze maachen, wann hien sech awer mat senger eegener Kraaft bretzt, an d’Rotschléi vu Gott als näischt ugesäit, an de Virschrëfte vu sengem eegene Wëllen a fleeschleche Begieren noleeft, muss hie falen an d’Vergeltung vun engem gerechte Gott op sech zéien.

5 Kuck, dir sinn dës Saachen uvertraut ginn, mee wéi streng waren deng Geboter; an denk och un d’Verspriechen, déi dir gemaach goufen, wann s du net géint se verstéiss.

6 A kuck, wéi dacks hues du d’Geboter an d’Gesetzer vu Gott iwwerschratt a bass op d’Iwwerzeegunge vu Mënsche gaangen.

7 Well, kuck, du häss de Mënsch net méi fäerte solle wéi Gott. Och wann d’Mënsche Gottes Rotschléi ignoréieren a seng Wierder veruechten—

8 Awer du häss trei solle sinn; an hien hätt säin Aarm ausgestreckt an dech géint all déi flamend Feiler vum Géigner ënnerstëtzt; an hie wier zu jiddwer Zäit vun der Nout bei dir gewiescht.

9 Kuck, du bass de Joseph, an du bass auserwielt ginn, fir d’Wierk vum Här ze maachen, awer wéinst der Iwwertriedung, wann s du net oppass, wäerts du falen.

10 Awer denkt drun, Gott ass baarmhäerzeg; dofir, kéier ëm vun deem, wat s du gemaach hues, wat am Géigesaz zum Gebot ass, dat ech dir ginn hunn, an du bass ëmmer nach auserwielt a bass erëm zum Wierk beruff;

11 Wann s du dat net méchs, gëss du ausgeliwwert an du gëss wéi aner Mënschen, an hues keng Gab méi.

12 An nodeems du dat ausgeliwwert hues, wat Gott dir d’Siicht an d’Muecht ginn huet, fir ze iwwersetzen, hues du dat Hellegt an d’Hänn vun engem béise Mann ausgeliwwert,

13 Deen d’Rotschléi vu Gott als näischt ugesinn huet, an déi hellegst Verspriechen, déi viru Gott gemaach goufen, gebrach huet, an op säin eegent Urteel vertraut huet a mat senger eegener Weisheet gebretzt huet.

14 An dat ass de Grond, firwat s du deng Privileegie fir eng Zäit verluer hues—

15 Well du hues erlaabt, datt de Rot vun deem, deen dech féiert, vun Ufank u mat Féiss gerannt gouf.

16 Trotzdeem wäert mäi Wierk weidergoen, well souwäit d’Wëssen iwwert ee Retter op d’Welt komm ass, duerch den Temoignage vun de Judden, sou wäert d’Wëssen iwwert ee Retter och u mäi Vollek kommen—

17 An un d’Nephiten, an d’Jakobiten, an d’Josephiten, an d’Zoramiten, duerch den Temoignage vun hire Pappen—

18 An dësen Temoignage wäert op d’Wësse vun de Lamaniten, an de Lemueliten, an den Ismaeliten kommen, déi wéinst der Ongerechtegkeet vun hire Pappen an Onglawe verfall sinn, deenen den Här et erlaabt huet, hir Bridder, d’Nephiten, ze zerstéieren, wéinst hiren Ongerechtegkeeten an hire Grujelen.

19 An zu dësem Zweck sinn dës Placken erhale bliwwen, déi dës Opzeechnungen enthalen—fir datt d’Versprieche vum Här erfëllt kënne ginn, déi hie sengem Vollek gemaach huet;

20 An datt d’Lamaniten zum Wësse vun hire Pappe kommen, an datt si d’Versprieche vum Här kenne léieren, an datt si dem Evangelium gleewen an sech op d’Verdéngschter vum Jesus Christus verloossen, a verherrlecht ginn duerch de Glawen u säin Numm, an datt si duerch hir Ëmkéiert gerett ginn. Amen.