Sektioun 118
Offenbarung, ginn duerch de Prophet Joseph Smith, zu Wäite Westen, Missouri, den 8. Juli 1838, als Äntwert op d’Bieden: „Weis eis däi Wëllen, o Här, wat déi Zwielef ugeet.“
1–3, Den Här wäert fir d’Famillje vun den Zwielef suergen; 4–6, Déi fräi Plazen an den Zwielef si besat.
1 Wierklech, sou seet den Här: Loosst direkt eng Konferenz ofhalen; déi Zwielef sollen sech organiséieren, an et solle Männer bestëmmt ginn, datt si d’Plaze vun deenen anhuelen, déi gefall sinn.
2 Loosst mäi Kniecht Thomas eng Zäit laang am Land Zion bleiwen, fir mäi Wuert ze verëffentlechen.
3 Déi iwwreg solle vun elo u weider priedegen, a wann si dëst mat aller Bescheidenheet vum Häerz, mat Duussheet an Humilitéit an Ausdauer am Leide maachen, sou ginn ech, den Här, hinnen d’Verspriechen, datt ech fir hir Famillje suerge wäert; an et wäert sech hinne vun elo un eng Dier zum Erfolleg opmaachen.
4 A si sollen nächst Fréijoer fort goen an sech iwwert déi grouss Waasser beginn an do mäin Evangelium verbreeden, jo, seng Fëllt, a vu mengem Numm Temoignage ginn.
5 Si sollen de sechsanzwanzegsten Dag vum nächste Mount Abrëll mengen Hellegen an der Stad Wäite Westen Äddi soen, an zwar op der Bauplaz vu mengem Haus, sprécht den Här.
6 Mäi Kniecht John Taylor an och mäi Kniecht John E. Page an och mäi Kniecht Wilford Woodruff an och mäi Kniecht Willard Richards solle bestëmmt ginn, d’Plaze vun deenen ze besetzen, déi gefall sinn, a si solle vun hirer Beruffung offiziell verstännegt ginn.