Sektioun 8
Offenbarung, ginn duerch de Prophet Joseph Smith un den Oliver Cowdery am Abrëll 1829, zu Harmonie a Pennsylvanien. Am Laf vun der Iwwersetzung vum Buch vum Mormon hat den Oliver Cowdery, deen de stännege Schreiwer war an nom Diktat vum Prophet geschriwwen huet, de Wonsch, mat der Iwwersetzungs-Gab equipéiert ze ginn. Den Här huet him op dës Ufro geäntwert, andeems hien him dës Offenbarung erlaabt huet.
1–5, Offenbarung kënnt duerch d’Muecht vum Hellege Geescht; 6–12, D’Wëssen iwwer d’Geheimnisser vu Gott an d’Kraaft, antick Opzeechnungen ze iwwersetzen, kënnt duerch de Glawen.
1 Oliver Cowdery, wierklech, wierklech, ech soen dir: Sou gewëss den Här lieft, deen däi Gott an däin Erléiser ass, genausou solls du Wëssen empfänke vun allem, wat och ëmmer du am Glawe frees—mat éierlechem Häerzen an andeems du gleefs, datt s du Wësse kréie wäerts vun de Gravéierunge vun den alen Opzeechnungen, déi aus anticker Zäit stamen, an déi Deeler vu menger helleger Schrëft enthalen, vun deenen duerch d’Manifestatioun vu mengem Geescht d’Ried gewiescht ass.
2 Jo, kuck, ech wäert et dir am Verstand an am Häerzen duerch den Hellege Geescht soen, deen iwwer dech kommen an an dengem Häerze wunne wäert.
3 Elo kuck, dëst ass de Geescht vun der Offenbarung; kuck, dëst ass de Geescht, woumat de Moses d’Kanner vun Israel op dréchenem Grond duerch d’Rout Mier gefouert huet.
4 Dofir ass dëst deng Gab; maach dovunner Gebrauch, da bass du geséint, well se wäert dech aus den Hänn vun denge Feinde befreien, déi, wann et net esou wär, dech ëmbréngen an deng Séil zur Vernichtung féiere géifen.
5 O denk un dës Wierder, an hal meng Geboter. Denk dorunner, dëst ass deng Gab.
6 Mee dat ass nach net deng ganz Gab, well du hues nach eng aner Gab, nämlech d’Gab vum Aaron; kuck, en huet dir villes matgedeelt.
7 Kuck, et gëtt ausser der Muecht Gottes keng aner Muecht, déi dir dës Gab vum Aaron zoukomme loosse kéint.
8 Dofir zweiwel net, well et ass d’Gab Gottes; an du solls en an den Hänn halen a wonnerbar Wierker verriichten; a keng Muecht wäert amstand sinn, en dir aus den Hänn ewechzehuelen, well et ass d’Wierk Gottes.
9 An dofir, wat s du mech frees, dat ech dir soe soll, op dës Manéier, dat wäert ech dir ginn, an du solls Wëssen doriwwer kréien.
10 Denk dorunner: Ouni Glawe kanns du näischt maachen; dofir fro mat Glawen. Géi net liichtfäerteg domadder ëm; fro net ëm dat, wourëm s du net froe solls.
11 Fro, datt s du d’Geheimnisser vu Gott kenneléiere kéints, an datt s du iwwersetze kéints, a Wësse kriss aus all deenen anticke Schrëften, déi verstoppt waren an helleg sinn; an et wäert dir no dengem Glawe geschéien.
12 Kuck, ech sinn et, deen dëst gesprach huet; an ech sinn deselwechten, dee vun Ufank un zu dir gesprach huet. Amen.