Scriptures
D’Doktrinn an d’Allianzen 71


Sektioun 71

Offenbarung, déi dem Joseph Smith, dem Prophet, an dem Sidney Rigdon zu Hiram, Ohio, den 1. Dezember 1831 gi gouf. De Prophet hat weiderhin d’Bibel, mam Sidney Rigdon als sengem Schreiwer, iwwersat, bis dës Offenbarung kritt gouf, wouropshin se temporär op d’Säit geluecht gouf, fir hinnen ze erméiglechen, d’Instruktioun, déi hei ginn ass, ze erfëllen. D’Bridder sollten erausgoe fir ze priedegen, fir déi onfrëndlech Gefiller ze berouegen, déi sech géint d’Kierch als Resultat vun der Verëffentlechung vu Bréiwer vum Ezra Booth entwéckelt haten, deen apostatiséiert war.

1–4, De Joseph Smith an de Sidney Rigdon ginn erausgeschéckt fir d’Evangelium ze verkënnegen; 5–11, Feinde vun den Hellege ginn duerchernee bruecht.

1 Kuckt, sou seet den Här zu iech, meng Kniechte Joseph Smith Jr. a Sidney Rigdon: D’Zäit ass wierklech komm, wou et noutwendeg a mir wënschenswäert ass, datt dir de Mond opmaacht a mäin Evangelium verkënnegt, dat, wat zum Räich gehéiert, an d’Geheimnisser dovunner aus der Schrëft erkläert, an zwar no deem Mooss u Geescht an u Muecht, dat iech wäert gi ginn, sou wéi ech et wëll.

2 Wierklech, ech soen iech: Verkënnegt et der Welt am Gebitt ronderëm an och an der Kierch, eng kuerz Zäit laang, jo, sou laang, bis et iech bekannt gemaach gëtt.

3 Wierklech, dëst ass fir eng Zäit laang eng Missioun, déi ech iech ginn.

4 Dofir schafft a mengem Wéngert. Rufft de Bewunner vun der Äerd zou a gitt Temoignage, a maacht de Wee prett fir d’Geboter a Offenbarungen, déi nach komme wäerten.

5 Elo kuckt, hei ass Weisheet: Wien do liest, dee soll verstoen an och empfänken;

6 well wien empfänkt, deem wäert nach vill méi gi ginn, nämlech Muecht.

7 Dofir maacht är Feinden duercherneen; rufft hinnen zou, si sollen iech souwuel ëffentlech wéi och privat géigeniwwer trieden; a wann dir trei sidd, wäert hir Schimmt offensichtlech ginn.

8 Dofir loosst si hir staark Grënn géint den Här virbréngen.

9 Wierklech, sou seet den Här zu iech: Keng vun de Waffen, déi géint iech gemaach gi sinn, wäert erfollegräich sinn;

10 a wann een d’Stëmm géint iech erhieft, sou wäert hien zu där vu mir bestëmmten Zäit duerchernee bruecht ginn.

11 Dofir haalt meng Geboter—se si wouer an trei. Jo. Amen.