Scriptures
D’Doktrinn an d’Allianzen 77


Sektioun 77

Offenbarung, déi dem Joseph Smith, dem Prophet, zu Hiram, Ohio, ëm Mäerz 1832 ginn ass. Dem Joseph Smith seng Geschicht seet: „Am Zesummenhang mat der Iwwersetzung vun der Schrëft krut ech déi follgend Erklärung vun der Offenbarung vum hellege Johannes.“ Johannes.“

1–4, Déieren hu Geeschter a wäerten an éiweger Freed liewen; 5–7, Dës Äerd huet eng zäitlech Existenz vu 7,000 Joer; 8–10, Verschidden Engele restauréieren d’Evangelium a déngen op der Äerd; 11, D’Versigelung vun den 144,000; 12–14, De Christus wäert um Ufank vum siwenten Dausend Jore kommen; 15, Zwee Prophete wäerten der jiddescher Natioun ervirgeruff ginn.

1 F: Wat ass dat gliesent Mier, vun deem de Johannes am 4te Kapitel, 6te Vers an der Offenbarungschwätzt?Ä: Dat ass d’Äerd an hirem gehellegten, onstierflechen an éiwegen Zoustand

2 F: Wat solle mir ënner de véier Gestalte verstoen, vun deenen am selwechte Vers geschwat gëtt?Ä: Dat ass ee bildlechen Ausdrock, deen de Johannes, den Offenbarer, verwennt huet, fir den Himmel, de Paradäis Gottes, d’Gléck vum Mënsch, an den Déieren, an de Wiesen, déi krauchen, an de Villercher an der Loft ze beschreiwen; dat, wat geeschteg ass, gläicht deem, wat zäitlech ass, an dat, wat zäitlech ass, deem, wat geeschteg ass; de Geescht vum Mënsch gläicht senger kierperlecher Gestalt, a genausou ass et mam Geescht vun den Déieren a jiddwer anerer Kreatur, déi Gott erschaf huet.

3 F: Sinn déi véier Gestalten nëmmen eenzel Déieren, oder stellen se Klassen oder Uerdnungen duer?Ä: Et sinn nëmme véier eenzel Déieren, déi dem Johannes gewise goufen, an se stellen d’Herrlechkeet vun de Klasse vu Wiesen an hirer bestëmmten Uerdnung oder Kreatiouns-Sphär duer, wéi se sech an hirem éiwege Gléck freeën.

4 F: Wat solle mir ënnert den Aen a Flilleke verstoen, déi d’Gestalten haten?Ä: D’Ae stelle Liicht an Wëssen duer, an dat heescht, datt se voll Wësse sinn; an hir Flilleke stellen d’Muecht, sech ze beweegen, ze handelen asw. duer.

5 F: Wat solle mir ënnert de véieranzwanzeg Eelste verstoen, vun deenen de Johannes schwätzt?Ä: Dorënner ass ze verstoen, datt dës Eelsten, déi de Johannes gesinn huet, Eelste sinn, déi am Wierk vum geeschtlechen Déngscht trei waren a gestuerwe sinn; si hunn zu de siwe Kierche gehéiert a waren dann am Paradäis Gottes.

6 F: Wat solle mir ënnert dem Buch verstoen, dat de Johannes gesinn huet an dat mat siwe Sigele versigelt war?Ä: Dorënner ass ze verstoen, datt et de reveléierte Wëllen an déi reveléiert Geheimnisser a Wierker Gottes enthält—dat Verstoppten aus senger Wirtschaftsweis fir dës Äerd an de siwendausend Jore vun hirem Bestoen oder zäitlechen Dosinn.

7 F: Wat solle mir ënnert de siwe Sigele verstoen, woumat et versigelt war?Ä: Doranner ass ze verstoen, datt den éischte Sigel dat enthält, wat zu den éischten dausend Jore gehéiert, dat zweet dat, wat zu den zweeten dausend Jore gehéiert, an sou weider bis zum siwenten.

8 F: Wat solle mir ënnert de véier Engele verstoen, vun deenen am 7te Kapitel vun der Offenbarung, 1te Vers geschwat gëtt?Ä: Doranner ass ze verstoen, datt et véier Engele sinn, déi vu Gott geschéckt sinn, an deene Muecht iwwert déi véier Himmelsrichtunge vun der Äerd ginn ass: fir Liewen ze retten an ze zerstéieren; dat sinn déijéineg, déi dat éiwegt Evangelium jiddwer Natioun, jiddwer Geschlecht a jiddwer Vollek ze transferéieren hunn; a si hunn d’Muecht, den Himmel ze verschléissen, fir en zum Liewen ze versigelen oder an de Beräich vun der Däischtert erofzestoussen.

9 F: Wat solle mir ënner dem Engel verstoen, deen aus dem Osten eropgeet, an Offenbarung, 7tem Kapitel, 2te Vers?Ä: Dorënner ass ze verstoen, datt et dee vum Opstig vun der Sonn eropgaangenen Engel ass, deem de Sigel vum liewege Gott iwwer déi zwielef Stämm vun Israel ginn ass; dofir rifft hien de véier Engelen, déi dat éiwegt Evangelium hunn, zou, nämlech: Maacht kee Schued der Äerd, nach dem Mier, nach de Beem, bis datt mir versigelen d’Kniechte vun eisem Gott un hir Stieren. An, wann dir et wëllt akzeptéieren, dëst ass den Elias, dee komme sollt, fir d’Stämm vun Israel ze sammelen an all Saachen ze restauréieren.

10 F: Wéini wäert dat, wouvunner an dësem Kapitel geschwat gëtt, vollbruecht ginn?Ä: Et wäert am sechste Joerdausend, oder mam Opmaache vum sechste Sigel, vollbruecht ginn.

11 F: Wat solle mir ënnert dem Versigele vun den honnertvéieravéierzegdausend aus alle Stämm vun Israel verstoen—zwielefdausend aus all Stamm?Ä: Doranner ass ze verstoen, datt déijéineg, déi versigelt ginn, Héich Priister sinn, veruerdent zur hellegen Uerdnung Gottes, fir dat éiwegt Evangelium auszeüben; well et sinn déijéineg, déi aus jiddwer Natioun, jiddwer Geschlecht, jiddwer Sprooch a jiddwer Vollek ordinéiert ginn, an zwar duerch d’Engelen, deene Muecht ginn ass iwwer d’Natioune vun der Äerd, fir alleguerten, déi wëllen, an d’Kierch vum Éischtgebuerenen ze bréngen.

12 F: Wat solle mir ënnert dem Ertéine vun den Trompette verstoen, dat am 8te Kapitel vun der Offenbarungernimmt gëtt?Ä: Doranner ass Folgendes ze verstoen: Sou, wéi Gott d’Welt a sechs Deeg erschaf a säi Wierk um siwenten Dag erfëllt an dës gehellegt huet a wéi hien och de Mënsch aus dem Stëbs vun der Äerd entworf huet, wäert den Här Gott um Ufank vum siwente Joerdausend d’Äerd hellegen an d’Erléisung vun de Mënsche vervollstännegen an iwwer alles Geriicht halen an alles erléisen, ausser dat, wat hien net a seng Muecht geholl huet, wann hien alles besigelt wäert hunn, nämlech zum Enn vun alle Saachen; an d’Ertéine vun den Trompette vun de siwen Engelen ass d’Virbereeden an d’Ofschléisse vu sengem Wierk um Ufank vum siwente Joerdausend—wa viru sengem Kommen de Wee prett gemaach gëtt.

13 F: Wéini wäert dat vollbruecht sinn, wat am 9te Kapitel vun der Offenbarunggeschriwwe steet?Ä: Et wäert nom Opmaache vum siwente Sigel vollbruecht ginn, nach virum Komme vum Christus.

14 F: Wat solle mir ënnert dem Bichelche verstoen, dat de Johannes giess huet, wéi et am 10te Kapitel vun der Offenbarungernimmt ass?Ä: Doranner ass ze verstoen, datt et eng Missioun an eng Veruerdnung fir hie war, d’Stämm vun Israel ze sammelen; kuckt, et ass dës den Elias, deen, wéi et geschriwwe steet, komme muss an alles restauréiere wäert.

15 F: Wat ass ënnert den zwee Zeien am eelefte Kapitel vun der Offenbarungze verstoen?Ä: Dat sinn zwee Propheten, déi der jiddescher Natioun an de leschten Deeg erwächt solle ginn, nämlech zur Zäit vun der Restauratioun; si sollen de Judde prophezeien, nodeems dës sech gesammelt an d’Stad Jerusalem am Land vun hire Pappen opgebaut hunn.