Scriptures
D’Doktrinn an d’Allianzen 33


Sektioun 33

Offenbarung, ginn duerch de Prophet Joseph Smith un den Ezra Thayre an d’Northrop Sweet zu Fayette am Staat New York, am Oktober 1830. An der Aféierung vun dëser Offenbarung bestätegt d’Geschicht vum Joseph Smith, datt „den Här … ëmmer bereet ass, déi ze ënnerriichten, déi fläisseg am Glawe sichen.“

1–4, Aarbechter gi beruff, d’Evangelium an der eelefter Stonn ze verkënnegen; 5–6, D’Kierch gëtt gegrënnt, an déi Auserwielte solle gesammelt ginn; 7–10, Kéiert ëm, well d’Himmelräich steet kuerz bevir; 11–15, D’Kierch gëtt op dem Evangeliumsfiels gebaut; 16–18, Bereet iech op d’Komme vum Bräitchemann vir.

1 Kuckt, ech soen iech, meng Kniecht Ezra an Northrop: Maacht är Oueren op a lauschtert op d’Stëmm vum Här, ärem Gott, well säi Wuert ass lieweg a kräfteg, méi schaarf wéi een zweeschneidegt Schwäert, sou datt et Gelenker a Muerch zerschneit, Séil a Geescht; an hie weess d’Gedanken an d’Virsätz vum Häerz ze erkennen.

2 Well wierklech, wierklech, ech soen iech: Dir sidd beruff, är Stëmm ze erhiewen—dem Toun vun enger Trompett gläich, fir mäin Evangelium enger onéierlecher a pervertéierter Generatioun ze verkënnegen.

3 Well kuckt, d’Feld ass scho wäiss, prett fir d’Recolten; an et ass déi eeleft Stonn an déi leschte Kéier, wou ech Aarbechter a mäi Wéngert ruffen.

4 A mäi Wéngert ass ganz verduerwe ginn; a keen ausser e puer wéineger maache Guddes; a si geroden dacks wéinst de béise Priister-Muechten op falsch Weeër, well si alleguerten hunn ee verduerwene Sënn.

5 A wierklech, wierklech, ech soen iech: Dës Kierch hunn ech opgeriicht an aus der Wüüst ervirgeruff.

6 A genausou wäert ech meng Auserwielte vun de véier Enne vun der Äerd sammelen, jo, alleguerten, déi u mech gleewen an op meng Stëmm lauschtere wëllen.

7 Jo, wierklech, wierklech, ech soen iech: D’Feld ass scho wäiss, prett fir d’Recolten; dofir schlot är Séchelen un a recoltéiert mat aller Muecht, ganzem Sënn an aller Kraaft.

8 Maacht de Mond op, an e wäert erfëllt ginn, an dir sollt ginn esou wéi fréier den Nephi, dee vu Jerusalem an d’Wüüst gezunn ass.

9 Jo, maacht de Mond op an haalt net zeréck, da wäert dir mat Garben op ärem Réck beluede sinn, well kuckt, ech si mat iech.

10 Jo, maacht de Mond op, an e wäert erfëllt ginn, nämlech: Kéiert ëm, kéiert ëm, a preparéiert de Wee vum Här, a maacht seng Weeër riicht, well d’Himmelräich steet kuerz bevir.

11 Jo, kéiert ëm a loosst iech deefen, jiddweree vun iech, zur Verzeiung vun äre Sënden; jo, loosst iech deefe mat Waasser, well da kënnt d’Daf duerch Feier an den Hellege Geescht.

12 Kuckt, wierklech, wierklech, ech soen iech: Dëst ass mäin Evangelium; an denkt dorunner, datt si Glawen u mech mussen hunn, soss kënnen si op kee Fall gerett ginn;

13 an op dësem Fielse wëll ech meng Kierch bauen; jo, op dësem Fielse sidd dir gebaut, a wann dir bestänneg sidd, wäerten d’Diere vun der Hell net gewanne géint iech.

14 An dir sollt net vergiessen, de Statute vun der Kierch an den Allianzen ze follegen.

15 A wie Glawen huet, dee sollt dir a menger Kierch confirméieren, andeems dir him d’Hänn opleet, an da wäert ech him d’Gab vum Hellege Geescht erlaben.

16 An d’Buch vum Mormon an déi helleg Schrëften si vu mir zu ärer Beléierung ginn; an d’Muecht vu mengem Geescht belieft alles.

17 Dofir sidd trei, biet ëmmer a suergt dofir, datt är Luuchte gebotzt sinn a brennen an datt dir Ueleg bei iech hutt, fir datt dir prett sidd, wann de Bräitchemann kënnt—

18 well kuckt, wierklech, wierklech, ech soen iech: Ech komme schnell. Jo. Amen.