Sektioun 31
Offenbarung, déi duerch de Prophet Joseph Smith dem Thomas B. Marsh am September 1830 ginn ass. D’Geleeënheet war direkt no enger Konferenz vun der Kierch (kuckt d’Iwwerschrëft vun der Sektioun 30). Den Thomas B. Marsh war ufanks dës Mounts gedeeft ginn a war zum Eelsten an der Kierch geweit ginn, ier dës Offenbarung ginn ass.
1–6, Den Thomas B. Marsh gëtt beruff, d’Evangelium ze priedegen, a kritt d’Versécherung vum Wuelbefanne vu senger Famill; 7–13, Hie gëtt geroden, gedëlleg ze sinn, ëmmer ze bieden an dem Tréischter ze follegen.
1 Thomas, mäi Jong, geséint bass du, well s du u mäi Wierk gleefs.
2 Kuck, wéinst denger Famill hues du vill Problemer gehat, mee ech wëll dech an deng Famill, jo, deng Klenger, séinen; an den Dag kënnt, wou si d’Wourecht gleewen an erkenne wäerten a mat dir a menger Kierch eens wäerte sinn.
3 Hief däin Häerz héich a free dech, well d’Stonn vun denger Missioun ass komm; an deng Zong wäert sech léisen, an du solls dëser Generatioun frou Noriicht vu grousser Freed verkënnegen.
4 Du solls dat verkënnegen, wat mengem Kniecht Joseph Smith Jr. reveléiert ginn ass. Du solls vun elo un mat priedegen ufänken, jo, recoltéiere solls du op deem Feld, dat scho wäiss ass, prett fir ze verbrennen.
5 Dofir schlo deng Séchel un mat ganzer Séil, da sinn dir deng Sënde verginn, an du solls mat Garben op dengem Réck beluede sinn, well den Aarbechter ass säi Loun Wäert. Dofir wäert deng Famill genuch ze liewen hunn.
6 Kuck, wierklech, ech soen dir: Géi nëmme fir eng kuerz Zäit vun hir fort a verkënneg mäi Wuert, da wëll ech een Uert fir si prett maachen.
7 Jo, ech wëll de Mënschen d’Häerz opmaachen, a si wäerten dech empfänken. An ech wäert eng Kierch duerch deng Hand grënnen;
8 an du solls si stäerken an op déi Zäit virbereeden, wou si gesammelt solle ginn.
9 Sief gedëlleg a Problemer, beleideg net déijéineg, déi beleidegen. Regéier däin Haus mat Duussheet, a sief standhaft.
10 Kuck, ech soen dir: Du solls fir d’Kierch een Dokter sinn, mee net fir d’Welt, well se wäert dech net empfänken.
11 Géi däi Wee, wouhinner och ëmmer ech wëll, an et wäert dir vum Tréischter agi ginn, wat s du maachen a wouhinner du goe solls.
12 Biet ëmmer, fir datt s du net a Versuchung geréits an däi Loun verléiere géifs.
13 Sief trei bis un d’Enn, a kuck, ech si mat dir. Dës Wierder kommen net vun engem Mënsch, och net vun de Mënschen, mee vu mir, nämlech Jesus Christus, dengem Erléiser nom Wëlle vum Papp. Amen.