Scriptures
D’Doktrinn an d’Allianzen 87


Sektioun 87

Offenbarung a Prophezeiung iwwer Krich, ginn duerch de Prophet Joseph Smith, zu oder bei Kirtland, Ohio, de 25. Dezember 1832. Zu dëser Zäit ware Streidereien an de Vereenegte Staaten iwwer d’Sklaverei an d’Annuléierung vun de federalen Zolle vu South Carolina verbreet. D’Geschicht vum Joseph Smith seet, datt „Optriede vu Problemer ënnert den Natiounen“ fir de Prophet „méi siichtbar“ goufen, „wéi se virdru waren, zënter datt d’Kierch hir Rees aus der Wüüst ugefaangen huet.“

1–4, Krich gëtt virausgesot tëscht den Nordstaaten an de Südstaaten; 5–8, Grouss Katastrophe wäerten op all d’Awunner vun der Äerd kommen.

1 Wierklech, sou seet den Här a Bezuch op Kricher, déi elo gläich antriede wäerten, déi mat der Rebellioun vu South Carolina ufänken a mam Doud a Misär vu ville Séilen ophale wäerten;

2 an d’Zäit wäert kommen, datt Krich iwwert all Natiounen ausgeschott wäert ginn, an et wäert un dësem Uert ufänken.

3 Well kuckt, d’Südstaate wäerten sech vun den Nordstaaten ofsplécken, an d’Südstaaten wäerten aner Natiounen uruffen, jo, d’Natioun Groussbritannien, wéi se genannt gëtt, a si wäerten och aner Natiounen uruffen, fir sech géint aner Natiounen ze verdeedegen; an da wäert Krich iwwert all Natiounen ausgeschott ginn.

4 An et wäert sech erginn: No villen Deeg wäerten sech Sklave géint hir Hären hiewen, an déi selwecht wäerte fir de Krich geuerdent an ausgebilt sinn.

5 An et wäert sech och erginn: D’Iwwerreschter, déi nach am Land iwwreg gebliwwe sinn, wäerten sech uerdnen, a si wäerten immens rose sinn, a si wäerten déi Aner mat enger schwéiere Plo ploen.

6 An esou, duerch Schwäert a Bluttvergéissen, wäerten d’Bewunner vun der Äerd traueren; an duerch Hongersnout a Plo an Äerdbiewen an den Donner vum Himmel an och heftegt, schaarft Blëtze wäerten d’Bewunner vun der Äerd d’Roserei an d’Entrëschtung an d’bestrofend Hand vun engem Allmächtege Gott ze spiere kréien, bis déi entscheet Zerstéierung vun allen Natiounen ee vëllegt Enn prett gemaach huet;

7 fir datt dat Ruffe vun den Hellegen an dat vum Blutt vun den Hellege vun der Äerd hier dem Här Zebaot net méi virun d’Ouere kënnt, datt si un hire Feinde gerächt géife ginn.

8 Dofir stitt un helleger Plaz, ouni Beweegung, bis den Dag vum Här kënnt; well kuckt, hie kënnt schnell, schwätzt den Här. Amen.