Scriptures
D’Doktrinn an d’Allianzen 100


Sektioun 100

Offenbarung, ginn dem Joseph Smith, dem Prophet, an dem Sidney Rigdon zu Perrysburg, New York, den 12. Oktober 1833. Déi zwee Bridder, déi zënter e puer Deeg vun hire Familljen ewech waren, hunn sech Suergen ëm si gemaach.

1–4, De Joseph an de Sidney sollen d’Evangelium fir d’Erléisung vun de Séile priedegen; 5–8, Et gëtt hinnen an der selwechter Stonn ginn, wat si soe sollen; 9–12, De Sidney soll e Spriecher sinn an de Joseph soll en Offenbarer sinn a mächteg am Temoignéieren; 13–17, Den Här wäert e rengt Vollek operstoen, an déi, déi follegen, gi gerett.

1 Wierklech, sou seet den Här zu iech, meng Frënn Sidney a Joseph: Ärer Famill geet et gutt; si befannen sech a menger Hand, an ech wäert mat hinne maachen, wéi et mir gutt schéngt; well a mir ass all Muecht.

2 Dofir follegt mir no, a lauschtert op de Rotschlag, deen ech iech wëll ginn.

3 Kuckt, ech hu vill Vollek un dësem Uert, an der Géigend ronderëm; an an der Géigend ronderëm an dësem Land am Oste wäert sech eng Dier zum Erfolleg opmaachen.

4 Dofir hunn ech, den Här, iech un dësen Uert komme gelooss; well esou war et fir mech wënschenswäert zur Erléisung vu Séilen.

5 Dofir, wierklech, ech soen iech: Erhieft d’Stëmm virun dësem Vollek; schwätzt déi Gedanken aus, déi ech iech an d’Häerz ginn, da wäert dir virun de Mënschen net blaméiert ginn.

6 Well et wäert iech zur selwechte Stonn, jo, am selwechte Moment agi ginn, wat dir soe sollt.

7 Awer ech ginn iech ee Gebot, nämlech datt dir alles, wat dir verkënnegt, a mengem Numm verkënnege sollt, mat Häerzensfeierlechkeet an am Geescht vun der Doucet an allem.

8 An ech ginn iech d’Verspriechen: Wann dir dat maacht, wäert den Hellege Geescht ausgeschott ginn, fir datt e vun allem, wat dir soe wäert, Temoignage gëtt.

9 An et ass fir mech wënschenswäert, datt s du, mäi Kniecht Sidney, dësem Vollek ee Spriecher wiers; jo, wierklech, ech wëll dech zu dëser Beruffung ordinéieren, nämlech de Spriecher vu mengem Kniecht Joseph ze sinn.

10 An ech wëll him Muecht ginn, mächteg ze sinn am Temoignage.

11 An ech wëll dir d’Muecht ginn, mächteg ze sinn am Ausleeë vun all helleg Schrëft, fir datt s du fir hie Spriecher kanns sinn, an hie wäert fir dech een Offenbarer sinn, fir datt s du erkenne kanns, datt alles, wat mäi Räich betrëfft, sécher a gewëss ass.

12 Dofir setzt är Rees fort, an äert Häerz géif sech freeën; well kuckt, ech si bei iech bis un d’Enn.

13 An elo ginn ech iech ee Wuert a Bezuch op Zion. Zion wäert erléist ginn, wann et och eng kuerz Zäit laang reprimandéiert wäert ginn.

14 Är Bridder, meng Kniechten Orson Hyde a John Gould, sinn a menger Hand; a wann si meng Geboter halen, wäerten si gerett ginn.

15 Dofir sief äert Häerz getréischt; well alles wäert sech fir déijéineg, déi éierbar wandelen, zum Gudden auswierken an der Hellegung vun der Kierch déngen.

16 Well ech wëll mir ee rengt Vollek erwächen, dat mir a Gerechtegkeet déngt;

17 an alleguerten, déi den Numm vum Här uruffen a seng Geboter halen, wäerte gerett ginn. Jo. Amen.