Sektioun 59
Offenbarung, ginn duerch de Prophet Joseph Smith zu Zion, an der Jackson Grofschaft, Missouri, de 7. August 1831. Virun dëser Offenbarung gouf d’Land consacréiert, wéi den Här et uginn hat, an d’Plaz fir den zukünftegen Tempel gouf ageweit. Un deem Dag, wou dës Offenbarung kritt gouf, ass d’Polly Knight, d’Fra vum Joseph Knight Sr., gestuerwen, den éischte Kierchemember, deen zu Zion gestuerwen ass. Fréi Memberen hunn dës Offenbarung charakteriséiert als „Instruktioun vun den Hellegen, wéi si de Sabbat halen a wéi si faaschten a biede sollen.“
1–4, Déi trei Helleger zu Zion gi geséint; 5–8, Si sollen den Här gär hunn an Him déngen a Seng Geboter halen; 9–19, Andeems si den Dag vum Här helleg halen, ginn d’Helleger zäitlech a geeschteg geséint; 20–24, Dem Gerechte gëtt Fridden an dëser Welt an dat éiwegt Liewen an der kommender Welt versprach.
1 Kuckt, schwätzt den Här, geséint sinn, déi no mengem Gebot an dëst Land komm sinn, d’A nëmmen op meng Herrlechkeet geriicht.
2 Well déijéineg, déi liewen, wäerten d’Äerd ierwen, an déijéineg, déi stierwen, wäerte vun all hirer Aarbecht rouen, an hir Wierker wäerten hinnen nofollegen; a si wäerten an de Wunnenge vu mengem Papp, déi ech fir si prett gemaach hunn, eng Kroun empfänken.
3 Jo, geséint sinn déi, deenen hir Féiss op dem Land Zion stinn an déi mengem Evangelium gelauschtert hunn; well si wäerten als Loun déi gutt Saache vun der Äerd empfänken, a se wäert dës mat aller Stäerkt ervirbréngen.
4 A si wäerten och mat Seenungen aus der Héicht gekréint ginn, jo, a mat net wéinege Geboter a Offenbarungen, wann d’Zäit dofir do ass—déijéineg nämlech, déi trei an äifreg viru mir sinn.
5 Dofir ginn ech hinnen ee Gebot, nämlech esou: Du solls den Här, däi Gott, mat ganzem Häerz gär hunn, mat aller Muecht, ganzem Sënn an aller Kraaft; an am Numm vum Jesus Christus solls du him déngen.
6 Du solls däin Nächste gär hunn wéi dech selwer. Du solls net klauen, och net Adultère begoen, net ëmbréngen an och soss näischt sou eppes maachen.
7 Du solls dem Här, dengem Gott, an allem dankbar sinn.
8 Du solls dem Här, dengem Gott, a Gerechtegkeet een Affer duerbréngen, nämlech ee berouegend Häerz an ee bedauernde Geescht.
9 A fir datt s du dech selwer nach méi vun der Welt onbefleckt hale géifs, solls du a mengem hellegen Dag an d’Haus vum Biede goen an deng helleg Handlungen duerbréngen;
10 well wierklech, dat ass den Dag, dee bestëmmt ass, datt dir vun ärer Aarbecht rout an datt s du dem Allerhéchsten deng Andacht erweist;
11 dach sollen deng Gelübder an allen Deeg an zu allen Zäiten a Gerechtegkeet duerbruecht ginn;
12 awer denk dorunner: Un dësem Dag, um Dag vum Här, solls du dem Allerhéchsten deng Offranden an deng helleg Handlungen duerbréngen an denge Bridder souwéi virum Här deng Sënde bekennen.
13 An un dësem Dag solls du näischt aneschtes maachen als mat Häerzensrengheet däin Iesse bereeden, fir datt däi Faaschte perfekt wier oder, mat anere Wierder, fir datt deng Freed vollstänneg wier.
14 Wierklech, dat ass Faaschten a Bieden oder, mat anere Wierder, sech freeën a bieden.
15 A wann dir dëst mat Dankbarkeet maacht, mat frouem Häerz a Gesiichtsausdrock—net mat vill Gelaachs, well dat ass Sënd, mee mat frouem Häerz a glécklechem Gesiichtsausdrock—
16 wierklech, ech soen iech: Wann dir dat maacht, sou gehéiert iech d’Fëllt vun der Äerd, d’Déiere vum Feld an d’Villercher an der Loft an dat, wat op d’Beem klotert a wat um Buedem leeft,
17 jo, an d’Kraut an alles Guddes, wat aus dem Buedem kënnt, sief et fir ze Iessen oder zur Kleedung oder fir Haiser oder Scheieren oder Uebstgäert oder Gäert oder Wäigäert;
18 jo, alles, wat zu senger Zäit aus der Äerd kënnt, ass zum Notzen a fir de Gebrauch vum Mënsch erschaf, datt et souwuel d’A freet als och d’Häerz begléckt,
19 jo, fir Iessen a fir Kleedung, fir ze Schmaachen a fir ze Richen, fir d’Stäerkung vum Leif a fir d’Beliewe vun der Séil.
20 An et gefält Gott, datt hien dëst alles dem Mënsch ginn huet; well et ass zu deem Zweck erschaf ginn, datt et gebraucht sollt ginn, mat Verméigen ze ënnerscheeden, net am Iwwermooss, och net, andeems een et mat Gewalt néidegt.
21 An an näischt beleidegt de Mënsch Gott, oder géint keen entflaamt seng Roserei, ausser déijéineg, déi net an allem seng Hand unerkennen an déi senge Geboter net follegen.
22 Kuckt, dëst ass nom Gesetz an de Propheten; dofir behellegt mech an dëser Saach net méi,
23 mee léiert, datt deejéinegen, deen d’Wierker vun der Gerechtegkeet mécht, säi Loun empfänke wäert, nämlech Fridden an dëser Welt, an éiwegt Liewen an der zukünfteger Welt.
24 Ech, den Här, hunn et gesot, an de Geescht gëtt Temoignage. Amen.