Scriptures
D’Doktrinn an d’Allianzen 53


Sektioun 53

Offenbarung, ginn duerch de Prophet Joseph Smith dem Algernon Sidney Gilbert zu Kirtland, Ohio, den 8. Juni 1831. Op Ufro vum Sidney Gilbert huet de Prophet den Här iwwer d’Aarbecht an d’Ernennung vum Brudder Gilbert an der Kierch gefrot.

1–3, D’Beruffung an d’Auswiel vum Sidney Gilbert an der Kierch ass, zum Eelsten ordinéiert ze ginn; 4–7, Hie soll och als Agent vum Bëschof déngen.

1 Kuck, ech soen dir, mäi Kniecht Sidney Gilbert: Ech hunn deng Gebieder héieren; an du hues mech ugeruff, fir datt dir vum Här, vun dengem Gott, gewise gëtt, wat deng Beruffung an d’Elektioun an der Kierch soll sinn, déi ech, den Här, an dëse leschten Deeg opgeriicht hunn.

2 Kuck, ech, den Här, deen ech fir d’Sënde vun der Welt gekräizegt gi sinn, ginn dir d’Gebot, vun der Welt ze loossen.

3 Huel meng Ordinéierung op dech, nämlech déi zum Eelsten, fir datt s du no mengem Wuert Glawen an Ëmkéiert a Verzeie vu Sënde priedege kanns, och den Empfang vum Hellege Geescht duerch Hännopleeën;

4 fir datt s du och ee Vertrieder vun der Kierch bass un där Plaz, dee vum Bëschof bestëmmt wäert ginn, nom Gebot, dat spéider nach gi wäert ginn.

5 A weider, wierklech, ech soen dir: Du solls dech mat menge Kniechte Joseph Smith Jr. a Sidney Rigdon op de Wee maachen.

6 Kuck, et sinn dës déi éischt Veruerdnungen, déi s du empfänke solls; déi iwwreg wäerte spéider gewise ginn, nämlech no denger Aarbecht a mengem Wéngert.

7 A weider: Ech hätt gären, datt dir dëst enseignéiert: Nëmme wien bis un d’Enn aushält, gëtt erléist. Jo. Amen.