Scriptures
D’Doktrinn an d’Allianzen 110


Sektioun 110

Visiounen, déi dem Joseph Smith, dem Prophet, an dem Oliver Cowdery am Tempel zu Kirtland, Ohio, den 3. Abrëll 1836 manifestéiert goufen. D’Geleeënheet war eng Versammlung um Sabbat, um Ouschtersonndeg. D’Geschicht vum Joseph Smith seet: „Nomëttes hunn ech den anere Presidente gehollef, dem Här säin Owesiessen un d’Kierch ze verdeelen, an hunn et vun den Zwielef kritt, deenen hire Privileeg et war, dësen Dag um hellegen Dësch ze déngen. Nodeems ech dësen Déngscht fir meng Bridder geleescht hat, sinn ech op d’Kanzel zeréckgaangen, wou de Schleier erofgeholl gouf, an hu mech, zesumme mam Oliver Cowdery, an engem feierlechen a stëlle Gebiet vernäipt. Nodeems mir vum Gebiet opgestan sinn, gouf eis béiden déi follgend Visioun opgemaach.“

1–10, Den Här Jehova erschéngt an Herrlechkeet an akzeptéiert den Tempel zu Kirtland als Säin Haus; 11–12, De Moses an den Elias erschénge béid a ginn hir Schlësselen an Dispensatiounen;13–16, Den Elijah kënnt zeréck a gëtt d’Schlëssele vu senger Dispensatioun, wéi vum Malachi versprach.

1 Vun eisem Sënn gouf de Schleier ewechgeholl, an d’Ae vun eisem Verständnis hunn sech opgemaach.

2 Mir hunn den Här am Priedegtstull vun der Kanzel virun eis stoe gesinn, an d’Fläch ënnert senge Féiss war mat puerem Gold ausgeluecht, an der Faarf wéi Bernstein.

3 Seng Ae ware wéi eng Feierflam, seng Hoer um Kapp ware wäiss wéi renge Schnéi, säi Gesiicht huet méi hell wéi de Glanz vun der Sonn geliicht, a seng Stëmm huet sech wéi d’Dauschen a groussem Gewässer unhéieren, jo, d’Stëmm vum Jehova, déi huet gesprach:

4 Ech sinn den Éischten an de Leschten; ech sinn deen, dee lieft, ech sinn deen, deen ëmbruecht ginn ass; ech sinn ären Affekot beim Papp.

5 Kuckt, är Sënde sinn iech verzien; dir sidd reng viru mir; dofir hieft de Kapp héich a freet iech.

6 Loosst är Bridder sech vun Häerze freeën, a loosst all mäi Vollek sech vun Häerze freeën, dat mat senger ganzer Kraaft mengem Numm dëst Haus gebaut huet.

7 Well kuckt, ech hunn dëst Haus ugeholl, a mäin Numm wäert hei sinn, an ech wäert mech mengem Vollek mat Baarmhäerzegkeet an dësem Haus manifestéieren.

8 Jo, ech wäert menge Kniechten erschéngen a mat eegener Stëmm mat hinne schwätzen, wa mäi Vollek meng Geboter hält an dëst hellegt Haus net veronrengegt.

9 Jo, Dausenden an Zéngdausende wäerten sech vun Häerze freeën, an zwar als Resultat vun de Seenungen, déi ausgeschott solle ginn, a wéinst der Dotatioun, mat deem meng Kniechten an dësem Haus equipéiert gi sinn.

10 An d’Herrlechkeet vun dësem Haus wäert sech a frieme Länner ausbreeden, an dat ass den Ufank vun der Seenung, déi mengem Vollek um Kapp ausgeschott wäert ginn. Jo. Amen.

11 Nodeems dës Visioun op en Enn komm war, hunn sech eis d’Himmelen erëm opgemaach; de Moses ass virun eis opgedaucht an huet eis d’Schlësselen zur Sammlung vun Israel aus de véier Deeler vun der Äerd an zur Réckféierung vun den Zéng Stämm aus dem Land vum Norden iwwerdroen.

12 Duerno ass den Elias erschéngt an huet eis d’Dispensatioun vum Evangelium vum Abraham iwwerdroen, andeems hie gesot huet, an eis an eisen Nokomme géifen all Generatiounen no eis geséint ginn.

13 Nodeems dës Visioun op en Enn komm war, gouf eis plëtzlech eng weider grouss an herrlech Visioun opgemaach, well de Prophet Elijah, deen an den Himmel opgeholl gouf, ouni den Dout ze schmaachen, stoung virun eis an huet gesprach:

14 Kuckt, d’Zäit ass vëlleg do, vun där de Malachi gesprach huet—andeems hien temoignéiert huet, datt hien [den Elijah] geschéckt géif ginn, bevir de groussen a schrecklechen Dag vum Här kéim,

15 fir d’Häerz vun de Pappen de Kanner an d’Kanner de Pappen zou ze wennen, fir datt net déi ganz Äerd mat engem Fluch geschloe géif,

16 dofir sinn d’Schlëssele vun dëser Dispensatioun iech an d’Hänn iwwerdroen, an doduerch kënnt dir wëssen, datt de groussen a schrecklechen Dag vum Här no ass, jo, virun der Dier steet.