Sektioun 9
Offenbarung, ginn duerch de Prophet Joseph Smith un den Oliver Cowdrey am Abrëll 1829, zu Harmonie a Pennsylvanien. Dem Oliver gëtt geroden, Gedold ze hunn, an ass opgefuerdert, sech fir de Moment domadder zefridden ze ginn, beim Diktat vum Iwwersetzer ze schreiwen, anstatt selwer ze iwwersetzen.
1–6, Aner antick Opzeechnunge mussen nach iwwersat ginn; 7–14, D’Buch vum Mormon gëtt duerch Studium an duerch geeschtlech Confirmatioun iwwersat.
1 Kuck, ech soen dir, mäi Jong, well s du net iwwersat hues no deem, wat s du vu mir gewënscht hues, an erëm ugefaang hues, fir mäin Dénger Joseph Smith Jr. ze schreiwen, sou wëll ech, datt s du domadder weiderfiers, bis du dëse Bericht fäerdeg hues, deen ech him uvertraut hunn.
2 An dann, kuck, ech hunn nach weider Opzeechnungen, bei deenen ech dir d’Muecht wëll ginn, un der Iwwersetzung matzehëllefen.
3 Sief gedëlleg, mäi Jong, well et ass no menger Weisheet, an et ass net ubruecht, datt s du zur géigewäertegen Zäit iwwersetze solls.
4 Kuck, déi Aarbecht, zu där s du beruff bass, besteet doranner, fir mäi Kniecht Joseph ze schreiwen.
5 A kuck, et ass wéinst deem, well s du net weidergemaach hues, wéi s du ugefaang hues, wéi s du ugefaang hues ze iwwersetzen, datt ech dir dëst Virrecht ewechgeholl hunn.
6 Grommel net, mäi Jong, well et ass no menger Weisheet, datt ech mat dir op dës Manéier ëmgaange sinn.
7 Kuck, du hues et net verstanen; du hues gemengt, ech géif et dir ginn, obschonns du dir keng Gedanke gemaach hues, ausser mech ze froen.
8 Mee, kuck, ech soen dir, datt s du et grëndlech am Geescht duerchdenke muss; da muss du mech froen, ob et richteg ass, a wann et richteg ass, da maachen ech, datt et an denger Broscht gliddeg gëtt; dofir wäerts du fillen, datt et richteg ass.
9 Wann et awer net richteg ass, wäerts du keen esou ee Gefill hunn, mee deng Gedanke wäerten afréieren, an dat wäert dech vergiesse loossen, wat falsch ass; dofir kanns du dat, wat helleg ass, net schreiwen, ausser et gëtt dir vu mir ginn.
10 Elo, wann s du dat erkannt häss, sou häss du iwwersetze kënnen; mee et ass net ubruecht, datt s du elo iwwersetz.
11 Kuck, et war ubruecht, wéi s du ugefaangen hues; mee du hues Angscht gehat, an d’Zäit ass eriwwer, an elo ass et net ubruecht.
12 Well gesäis du net, datt ech mengem Kniecht Joseph genuch Kraaft ginn hunn, sou datt dat erëm guttgemaach ass? A kee vun iech zwee hunn ech schëlleg gesprach.
13 Maach dat, wat ech dir gebueden hunn, an et wäert dir wuel ergoen. Sief trei a gëff kenger Versuchung no.
14 Stéi fest an deem Wierk, zu deem ech dech beruff hunn, a keen Hoer vun dengem Kapp wäert verluer goen, an du wäerts um leschten Dag erhéicht ginn. Amen.